Noriichten

  • Filtrer les résultats
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 26 Resultater
  1. Den 2. Mäerz 2023 huet d’Ministesch fir Famill an Integratioun, Corinne Cahen, eng Tëschebilanz vun der Sensibiliséierungscampagne „ Ech ka wielen“, grad esou wéi déi neisten Zuelen wat den Taux vun den Aschreiwunge vun den Net-Lëtzebuerger Residenten am Nationalregëster ugeet, virgestallt.

  2. D'Ministesch fir Famill an Integratioun, Corinne Cahen, d'Inneministesch Taina Bofferding, an d'Justizministesch, Sam Tanson, begréissen de Vott vu gëschter an der Chamber zum Gesetz fir d'Ännerung vum geännerte Walgesetz vum 18. Februar 2003.

  3. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, hu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten deelgeholl, déi zu Lellgen (Gemeng Kiischpelt), Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  4. Opgrond vun der Keelt an de Minustemperaturen, déi déi nächst Deeg z’erwaarde sinn, huet d’Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen annoncéiert, dass d’Wanteraktioun (WAK) viraussiichtlech bis en Dënschdeg, de 5. Abrëll 2022, verlängert gëtt.

  5. D'Energieprimm fir Stéit mat geréngem Akommes, déi d'Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen proposéiert, ass Deel vun engem Moossnamepak, deen déi Stéit ënnerstëtzte soll, déi am stäerkste vun der Präisdeierecht betraff sinn. Dës Energieprimm, déi bei der Pressekonferenz vum 28. Februar 2022 presentéiert gouf, ass den 18. Mäerz 2022 vum Regierungsrot approuvéiert ginn.

  6. Et ass wouer, datt et dacks Männer waren, déi géint déi däitsch Besatzung gekämpft hunn. D'Roll vun der Fra, déi d'Laascht vum Krich meeschtens eleng huet missen droen, ass leider an der Geschicht oft ze kuerz komm. Dofir wëlle mir dëst Joer ganz besonnesch de Fraen, Mammen a Meedercher gedenken, déi an de schwéiere Krichszäiten d'Familljen, awer och d'Gesellschaft insgesamt zesummegehalen hunn.

  7. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, fënnt den 23. Juni eng offiziell Zeremonie beim Monument national de la Solidarité luxembourgeoise um Kanounenhiwwel statt.

  1. 1
  2. 2
  3. Lescht Säit