Biographie

Den Dan Kersch ass de 27. Dezember 1961 zu Esch-Uelzecht gebuer. 

Studium an Ausbildung

Den Dan Kersch kritt säi Secondairesdiplom 1991, nodeems hien Owescoursen a Ferncourse beluecht huet.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 trëtt den Dan Kersch de 4. Dezember 2013 als Inneminister a Minister fir d'Fonction publique an d'Verwaltungsreform an d'Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng an.

No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gëtt den Dan Kersch de 5. Dezember 2018 zum Sportsminister a Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt.

Aner politesch Funktiounen

An der LSAP säit 1991, ass den Dan Kersch fir d'éischt Member vum Gemengerot vu Monnerech vun 2000 bis 2005 an duerno Buergermeeschter vun 2006 bis 2013. Op dësem Poste blieft hie bis zu senger Nominatioun als Minister am Dezember 2013.

Vun 2009 bis 2012 ass den Dan Kersch President vum Syvicol (Syndicat vun de lëtzebuergesche Stied a Gemengen).

Vun 2011 bis 2013 ass hie Member vum Staatsrot.

Beruffstätegkeet

Viru senger Nominatioun an d'Regierung war den Dan Kersch Fonctionnaire bei der Gemengeverwaltung vu Beetebuerg.

 

Aktualiséiert