Nei Indemnitéit fir Fräiberuffler déi net zeréckbezuelt muss ginn

D'Lëtzebuerger Regierung huet decidéiert den Ënnerstetzungsmechanismus fir Fräiberuffler, déi vu finanzielle Konsequenze duerch d'COVID-19-Pandemie betraff sinn, ze verstäerken. De 6. Mee 2020, huet de Regierungsrot, op de Virschlag vum Minister fir Mëttelstand Lex Delles, e Projet vun engem groussherzogleche Reglement gestëmmt, dat eng nei, eemoleg finanziell Hëllef, déi net zeréckbezuelt muss ginn, fir d'Fräiberuffler aféiert. D'Héicht vun der Hëllef hänkt vun der Klass vum cotiséierten Akommes of, an ass op 3.000, 3.500 oder 4.000 Euro festgeluecht.

Dës Hëllef kënnt bei déi zertifiéiert Noutfallindemnitéit dobäi, déi duerch dat groussherzoglecht Reglement vum 8. Abrëll 2020 fir d'Fräiberuffler geschafe gouf. Si kënnt och Versécherungsagenten zou, déi vun der éischter Hëllef ausgeschloss waren. Doriwwer eraus, kann d'Hëllef onofhängeg vun der Unzuel vun de Salariéen, déi beim Fräiberuffler agestallt sinn, vergi ginn. D'Konditioun, dass de professionelle Revenu net méi wéi 2,5 Mol de soziale Mindestloun iwwertrëfft, bleift bestoen.

De Minister fir Mëttelstand huet gesot, dass "mir prett sinn, fir all néideg Mesuren ze treffen, fir Betriber a Fräiberuffler déi a Schwieregkeete sinn z'ënnerstëtzen. Déi nei Indemnitéit, déi net muss zeréckbezuelt ginn, ass e wichtegt Hëllefsmëttel fir dës Kriseperiod z'iwwerstoen. Dës Hëllef hëlt Récksiicht op d'Akommesklass vum Fräiberuffler a garantéiert esou eng geziilt a fair Ënnerstëtzung.

Méi detailléiert Informatioune fënnt een ab muer op Guichet.lu. ​ De Formulaire fir eng Demande anzereechen ass ab dem Dënschdeg, 12. Mee 2020, op Guichet.lu disponibel. D'Demande kann een am professionnelle Beräich vu MyGuichet.lu iwwert en Online-Assistent erarrechen an dat via e Produit vu LuxTrust (z.B. Token, Smartcard oder Signing Stick) oder eng elektronesch Identitéitskaart. Den online Formulaire bei MyGuichet.lu gouf vum Wirtschaftsministère mat der Ënnerstëtzung vum Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE) entwéckelt.

Am Kader vun den Hëllefe fir Betriber, déi vu finanzielle Konsequenzen duerch de Coronavirus COVID-19 betraff sinn, huet d'Direktioun fir Mëttelstand schonn 31,87 Milliounen Euro u ganz kleng Betriber a Fräiberuffler ausbezuelt. Am Kader vun der direkter Hëllef fir ganz kleng Betriber an Héicht vun 5.000 Euro, déi net muss zeréckbezuelt ginn, hu 5.770 Demandeuren eng finanziell Hëllef kritt. Dat entsprécht enger Zomm vun 28,8 Milliounen Euro déi schonn ausbezuelt ginn ass. Am Kader vum Noutfallfong vun 2.500 Euro fir Fräiberuffler, hunn 1.230 Dossieren eng positiv Äntwert kritt. Dat entsprécht enger Zomm vun 3,07 Milliounen Euro déi schonn ausbezuelt ginn ass. Am Kader vun der Avance, déi muss zeréckbezuelt ginn, entspriechend dem Gesetz vum 3. Abrëll 2020, si schonn 395 Dossiere verschafft an 25 Milliounen Euro iwwerwise ginn.

Communiqué vun der Direktioun fir Mëttelstand

Aktualiséiert