Presentatioun vun der nationaler Energiespuercampagne "Zesumme spueren – Zesummenhalen"

Den 8. September 2022, hunn de Minister fir Energie Claude Turmes, d'Inneministesch Taina Bofferding, an de Minister fir Mëttelstand Lex Delles, zesumme mam Vertrieder vum Syvicol, Serge Hoffmann, dem Vetrieder vun der Handelskummer, Fernand Ernster, an dem Vetrieder vun der Handwierkschamber, Alexander Kieffer, déi national Energiespuercampagne virgestallt.

  1. ©SIP/Jean-Christophe Verhaegen

    Ried vum Claude Turmes, Minister fir Energie

    Ried vum Claude Turmes, Minister fir Energie

  2. ©SIP/Jean-Christophe Verhaegen

    Claude Turmes, Minister fir Energie

    Claude Turmes, Minister fir Energie

  3. ©SIP/Jean-Christophe Verhaegen

    Ried vum Claude Turmes, Minister fir Energie

    Ried vum Claude Turmes, Minister fir Energie

  4. ©SIP/Jean-Christophe Verhaegen

    Ried vum Claude Turmes, Minister fir Energie

    Ried vum Claude Turmes, Minister fir Energie

  5. ©SIP/Jean-Christophe Verhaegen

    Taina Bofferding, Inneministesch

    Taina Bofferding, Inneministesch

  6. ©SIP/Jean-Christophe Verhaegen

    Serge Hoffmann, Vizepresident vum Syvicol

    Serge Hoffmann, Vizepresident vum Syvicol

  7. ©SIP/Jean-Christophe Verhaegen

    Ried vum Lex Delles, Minister fir Mëttelstand

    Ried vum Lex Delles, Minister fir Mëttelstand

  8. ©SIP/Jean-Christophe Verhaegen

    Ried vum Fernand Ernster, President vun der CLC

    Ried vum Fernand Ernster, President vun der CLC

  9. ©SIP/Jean-Christophe Verhaegen

    Fernand Ernster, President vun der CLC

    Fernand Ernster, President vun der CLC

  10. ©SIP/Jean-Christophe Verhaegen

    Ried vum Alexander Kieffer, Vizepresident vun der Handwierkschamber

    Ried vum Alexander Kieffer, Vizepresident vun der Handwierkschamber

Fir der Reduktioun vun de russesche Gasliwwerungen entgéintzewierken, hu sech d'EU-Memberstaaten op eng - an 1. Phas fräiwëlleg - Reduktioun vun der Äerdgasnofro ëm 15% am Referenzzäitraum vum 1. August 2022 bis 31. Mäerz 2023 gëeenegt. D'Regierung schléisst sech dëse Spuermoossnamen un a rifft zu enger direkter Vigilenz a Solidaritéit vun allen Acteuren op.

De Minister fir Energie Claude Turmes appelléiert un d'Bereetschaft vun allen Acteuren, zu dësen nationale Beméiunge bäizedroen: "Staat, Gemengen, Bierger an Entreprisen - all Effort zielt an all Ressource, déi mir aspueren, mécht eis Energieversuergung méi sécher, reduzéiert d'Käschten an dréit zum Erreeche vun eise Klimaziler bäi".

Fräiwëlleg Moossnamen zur Reduzéierung vum Äerdgasverbrauch

Mat de fräiwëllege Moossname soll all Äerdgaskonsument dozou animéiert ginn, alles z'ënnerhuele fir säin Äerdgasverbrauch ëm mindestens 15% géintiwwer dem Duerchschnëttsverbrauch am Referenzzäitraum 2017-2021 ze reduzéieren. Dës 1. fräiwëlleg Phas gesäit spezifesch Moossname fir véier Kategorien un Acteure vir.

1. Staatlech Acteuren: mam gudde Beispill virgoen

D'Regierung huet am Regierungsrot vum 2. September 2022 Energiespuermoossname beim Staat decidéiert; eng entspriechend Handlungsuweisung mat enger Beschreiwung vun de Moossname fir d'Reduzéierung vum Energieverbrauch, déi ëmgesat solle ginn, gëtt un all Ministère an Administratioun geschéckt an eng entspriechend Nott gouf schonns un all d'Staatsbeamte geschéckt ("Méi dozou"). Dës Mesurë gesinn ënner anerem vir, datt d'Heiztemperatur op 20°C reduzéiert gëtt, souwéi allgemeng Grondsätz zur Reduzéierung vum Energieverbrauch, a gi vun enger Energieberodung begleet.

Et sief drop higewisen, datt déi decidéiert Moossnamen net ausschliisslech op d'Reduzéierung vum Äerdgasverbrauch beschränkt sinn, well all Form vun Energiereduktioun bei all Energieträger (Stroum, Mazout, Sprit, asw.) indirekt och zu enger Reduzéierung vum Äerdgasverbrauch op europäeschem Niveau bäidroe kann.

Dës Mesure kann eng Reduktioun vum staatlechen Äerdgasverbrauch ëm 10 bis 20% bewierken.

2. Gemengen: wichteg Acteure bei der Reduzéierung vum Energieverbrauch

D'Gemengen, déi um Klimapakt bedeelegt sinn, schaffen elo schonn aktiv un enger kontinuéierlecher Verbesserung vun hirer Energieeffizienz, wat zu enger Reduzéierung vun hirem Energiekonsum a gläichzäiteg zu enger Baisse vun den Energiekäschte féiert. Ufank August kruten si eng Circulaire (n° 4168) geschéckt, an där konkret Moossnamen zur Reduzéierung vun hirem Energieverbrauch am Kader vu verschiddene Gemengenaktivitéite proposéiert goufen ("Méi dozou"). Mat dëse Moossname kënnen d'Gemengen 10 bis 20% vun hirem Äerdgaskonsum aspueren. D'Gemengen hunn och d'Méiglechkeet de Berodungsservice ze benotzen, deen am Kader vum Klimapakt 2.0. opgestallt gouf.

"Zousätzlech zu de Mesurë musse mir d'Resilienz vun de Gemengen am Energieberäich stäerken. Mir mussen eis op extrem an onberechenbar Situatioune virbereeden, och wa mir zouversiichtlech sinn, datt déi decidéiert Moossnamen duer wäerte goen", betount d'Inneministesch Taina Bofferding.

Virun dësem Hannergrond kënnegt d'Ministesch un, datt d'Zesummenaarbecht mat de Gemengen, fir sech besser op all Zort vun Zenario virzebereeden, beim nächsten Treffen vun der Aarbechtsgrupp "communes résilientes" am Kader vun der nationaler Plattform zur Katastrophereduzéierung diskutéiert soll ginn.

3. Entreprisen: Berodungsservice an aktuell konkret Mesuren

D'Entreprisë ginn donieft opgefuerdert, mat den hinne méigleche Mëttelen, Moossnamen zur Reduktioun vun hirem Äerdgas- an Stroumkonsum ëmzesetzen. Zu dësem Zweck gëtt e Programm zum fräiwëllegen Engagement gestart. Konkret Mesuren am Industriesecteur goufe mat der FEDIL diskutéiert a virbereet. Fir Entreprisen dobäi z'ënnerstëtzen, hire Potential un Energiespuermossnamen ze optimiséieren, wäerten d'Handwierkschamber an d'Handelskummer zesumme mat der Klima-Agence e Berodungsservice an dësem Beräich, souwéi eng Hotline, ariichten, iwwert déi d'Entreprisen op eng einfach Aart a Weis Informatioune kréie kënnen. Dës Moossname kënnen eng Reduzéierung vum Äerdgasverbrauch vun den Entreprisen an der Industrie ëm 20-30% bewierken.

Donieft gëtt un d'Solidaritéit a Vigilance vun de Lëtzebuerger Geschäftsleit appelléiert, fir Moossnamen zur Energiereduktioun z'ënnerstëtzen. Am Kader vun der nationaler Informatiounscampagne "Zesumme spueren – Zesummenhalen" wäerten d'Direktioun fir Mëttelstand, de Lëtzebuerger Handelsverband, den Handwierksverband an d'Handelskummer e Bréif un all d'Geschäftsleit am Grand-Duché schécken, fir si ze sensibiliséieren an si bei hiren Energiespuerprojete mat Recommandatiounen a Best-Practice-Beispiller z'ënnerstëtzen.

De Lex Delles, Minister fir Mëttelstand, betount, datt "Energie spueren een Zil ass, datt all Acteur vun eiser Gesellschaft eppes ugeet. An dësem Kontext spillen d'Entreprisen eng wichteg Roll, well si ee grousse Bäitrag zur Reduktioun vum Energieverbrauch leeschte kënnen. Ech feeë mech besonnesch iwwert de produktiven an enken Austausch mat de Beruffschamberen a Verbänn, déi d'Entreprisë bei hire Beméiunge fir Energie ze spueren ënnerstëtzen, besonnesch duerch déi national Informatiounscampagne "Zesumme spueren - Zesummenhalen"".

4. Bierger: "Zesumme spueren - Zesummenhalen"

Och de grousse Public, all eenzele Bierger, spillt eng wichteg Roll am Hibléck op d'Erreeche vun den Energiespuerziler. Haut gëtt eng national Sensibiliséierungscampagne gestart: "Zesumme spueren – Zesummenhalen". D'Multimediacampagne gëtt vun enger Websäit (www.zesumme-spueren.lu) begleet, déi all Bierger doriwwer informéiere soll, wat een op perséinlechem Niveau maache ka fir Energie, wéi och Suen ze spueren. Stéit, déi eng Gasheizung benotzen, kënnen zum Beispill bis zu 10% spueren, andeems si eleng d'Temperatur an hirer Wunneng ëm 1 bis 2 Grad, an an onbenotzte Raim nach méi, reduzéieren. Doriwwer eraus informéiert d'Websäit d'Biergerinnen a Bierger iwwert déi verschidde finanziell Hëllefen, déi zur Verfügung stinn, fir energetesch Renovéierungsaarbechten an den Iwwergang op erneierbar Energien z'erliichteren a Stéit mat geréngem Akommes z'ënnerstëtzen.

De Schätzunge vun de jeeweileg uewe genannten Aspuerpotentialer no, kann déi Reduzéierung vu 15% duerch fräiwëlleg Moossnamen erreecht ginn, virausgesat, all Acteur ass bereet, op sengem Niveau Efforten ze maachen an sech aktiv un der Campagne ze bedeelegen.

Communiqué vum Ministère fir Energie a Landesplanung

Aktualiséiert