Biographie

Den Étienne Schneider ass den 29. Januar 1971 zu Diddeleng gebuer.

Studium an Ausbildung

No sengem Secondairesstudium am Lycée technique Nic. Biever zu Diddeleng an am Lycée technique zu Esch-Uelzecht studéiert den Étienne Schneider am Institut catholique des hautes études commerciales (ICHEC) zu Bréissel an op der Greenwich University zu London, wou hien 1995 eng Lizenz an Handels- a Finanzwëssenschafte mécht.

Regierungsfunktiounen

Den Étienne Schneider trëtt am Februar 2012 als Minister fir Ekonomie an Aussenhandel an d'Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP an.

No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gëtt den Étienne Schneider de 4. Dezember 2013 zum Vizepremierminister, Wirtschaftsminister, Minister fir bannenzeg Sécherheet a Verteidegungsminister an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt.

No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gëtt den Étienne Schneider de 5. Dezember 2018 zum Vizepremierminister, Wirtschaftsminister a Gesondheetsminister an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt.

Aner politesch Funktiounen

Säit 1991 an der LSAP, ass den Étienne Schneider vun 1995 bis 2005 Member vum Gemengerot zu Keel. No de Gemengewale vun 2005 gëtt hien Éischte Schäffe a behält dës Funktioun bis 2010.

Vun 1997 bis 2004 ass hie Generalsekretär vun der LSAP-Fraktioun an der Chamber.

Beruffstätegkeet

Vun 1995 bis 1996 ass den Étienne Schneider wëssenschaftlechen Assistent am Europaparlament zu Bréissel.

Vun 1996 bis 1997 ass hien als Ekonomist bei der LSAP-Fraktioun an der Chamber täteg.

1997 schafft hien als Chargé de mission bei der Organisatioun vum Nordatlantiktraité (NATO) zu Bréissel.

2004 gëtt den Étienne Schneider Regierungsconseiller am Ministère fir Ekonomie an Aussenhandel, wou hie virun allem fir d'Direktioune fir Energie, elektroneschen Handel an Datesécherheet zoustänneg ass.

2009 gëtt hien Éischte Regierungsconseiller an ass fir d'Direktiounen Entwécklung vun der Ekonomie, Infrastrukturen an Energie um Ministère fir Ekonomie an Aussenhandel zoustänneg. 2011 ass hie fir d'Generaldirektioun Entwécklung vun der Ekonomie, Industrie an Entreprisë verantwortlech.

Op Virschlag vun der Regierung, an opgrond vu senge Funktiounen am Ministère fir Ekonomie an Aussenhandel, ass den Étienne Schneider Verwaltungsrotsmember vu verschiddene Gesellschaften. 2005 ass hien zum Beispill President an delegéierte Verwalter bei der Société électrique de l’Our (SEO). Nodeems hien d'Verhandlungen, déi 2010 zu der Grënnung vun der Firma Enovos gefouert hunn, geleet huet, gëtt den Étienne Schneider, deen zanter 2004 President vum Verwaltungsrot vu Cegedel SA ass, President vum Verwaltungsrot vun Enovos International SA an Enovos Deutschland AG. Ausserdeem gëtt hien 2010 President an delegéierte Verwalter vun der Netzgesellschaft Creos.

Enn 2010 gëtt hien da Vizepresident vun der Société nationale de crédit et d’investissement (SNCI).

Den Étienne Schneider ass am Februar 2012, wéi hien zum Minister ernannt gouf, vun all dëse Funktiounen zeréckgetrueden.

Aktualiséiert