Biographie

De François Bausch ass de 16. Oktober 1956 an der Stad Lëtzebuerg gebuer.

Studium an Ausbildung

Säi Secondairesstudium mécht de François Bausch am Jongelycée zu Esch-Uelzecht.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 trëtt de François Bausch de 4. Dezember 2013 als Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur an d'Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng an.

No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gëtt de François Bausch de 5. Dezember 2018 zum Verdeedegungsminister, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a Minister fir bannenzeg Sécherheet an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt. Den 11. Oktober 2019, nodeems de Félix Braz aus gesondheetleche Grënn aus der Regierung zeréckgetrueden ass, gëtt de François Bausch zum Vizepremierminister ernannt a behält seng aner ministeriell Kompetenze bäi.

Den 23. Juli 2020 gëtt de François Bausch de Ressort fir bannenzeg Sécherheet un den Henri Kox of a behält d’Ressorte Verdeedegung a Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte bäi.

Aner politesch Funktiounen

Member vun déi gréng zanter 1986, gëtt de François Bausch 1989 op der Lëscht vun déi  gréng fir d’éischte Kéier, als Deputéierte vum Bezierk Zentrum, an d'Chamber gewielt, a behält säi Sëtz bis 1992. Vun 1994 bis 2013 gëtt hien dann erëm als Deputéierte gewielt. Hien ass ënner anerem President vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun vum Geheimdéngscht vun 2009 bis 2013. Ausserdeem ass hie vun 1999 bis 2013 Fraktiounspresident vun deene Gréngen an der Chamber.

Op regionalem Niveau ass de François Bausch fir d'éischt Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg vun 1994 bis 2005 an duerno éischte Schäffe vun 2005 bis 2013.

Beruffstätegkeet

Viru senger politescher Carrière schafft de François Bausch bei der CFL.

Aktualiséiert