Noriichten

  • Filtrer les résultats
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 39 Resultater
  1. An de leschte Wochen ass an der Presse vill iwwert den Ausbau vum Tram an der Neipuertsgaass geschwat ginn. D'Diskussioun huet et op der enger Säit un Kontext gefeelt, anerersäits goufen och einfach Ënnerstellunge kommunizéiert déi ech esou net wëll onkommentéiert loossen.

  2. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, hu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten deelgeholl, déi zu Lellgen (Gemeng Kiischpelt), Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  3. De Vizepremierminister, Verdeedegungsminister, François Bausch, huet de 17. Mee 2022 zu Bréissel un der Verdeedegungsformatioun (Conseil des affaires étrangères, CAE) vum Rot fir auswäerteg Ugeleeënheeten deelgeholl. Am Fokus vun den Diskussioune stoungen ë. a. de strateegesche Kompass vun der Europäescher Unioun, d'Sécherheetslag am Mali an déi russesch Aggressioun géint d'Ukrain.

  4. D'Regierung presentéiert, zesumme mat de Sozialpartner, d'Resultater vun der Tripartite, déi aberuff gouf, fir Mesurë géint den Impakt vun der Inflatioun op d’Stéit an d'Entreprisen ze decidéieren. De Livestream fänkt géint 18:00 Auer un.

  5. Salariéen, déi hir éischt Impfdosis kruten, kënne sech ab dem 14. Januar 2022 gratis teste loossen, bis se hir 2. Impfdosis kréien. An dësem Kontext kréien déi betraffe Persounen zanter dem Donneschdeg, 16. Dezember 2021, bei hirem éischten Impf-Rendez-vous eng Serie vun 20 Coden.

  6. De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, an de Claude Turmes, Minister fir Landesplanung, presentéieren Elementer vum Leitbild Nordstad 2035 an d'Nordstad Mobilitéitskonzept am Kader vu 5 ëffentlechen Informatiounsversammlungen a Präsenz vun de Nordstad Buergermeeschteren.

  1. 1
  2. 2
  3. 3
  4. Lescht Säit