De Franz Fayot ass den 28. Februar 1972 an der Stad Lëtzebuerg gebuer.
Studium an Ausbildung
No sengem Secondairesstudium am Stater Kolléisch stu-déiert de Franz Fayot Droit zu Lëtzebuerg an zu Paräis. Hie schléisst säi Studium 1996 mat engem DEA (diplôme d'études approfondies) am Wirtschaftsrecht op der Uni-versitéit Paris I Panthéon-Sorbonne of.
Regierungsfunktiounen
No der Regierungsëmbildung vum 4. Februar 2020 trëtt de Franz Fayot an d'Koalitiounsregierung vun DP, LSAP an déi gréng an. Hie gëtt zum Minister fir Entwécklungs-zesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten a Wirtschaftsminister ernannt.
Aner politesch Funktiounen
De Franz Fayot ass säit 1994 Member vun der LSAP a gëtt 2019 LSAP-Parteipresident.Februar 2020
2013 an 2018 gëtt de Franz Fayot als Kandidat op der LSAP-Lëscht am Bezierk Zentrum an d'Chamber gewielt. 2015 war hie Budgetsrapporter an huet sech besonnesch mat den Themen ëffentlech Finanzen, Kulturpolitik, sozial Gerechtegkeet an Aarmut beschäftegt.
Beruffstätegkeet
Vun 1997 bis zu sengem Antrëtt an d'Regierung ass de Franz Fayot als Affekot um Barreau de Luxembourg täteg.