Noriichten

  • Filtrer les résultats
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 619 Resultater
  1. Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz. Lëtzebuerg erënnert sech op dësem Dag un all Resistenzler, déi an de Kazetter, Prisongen an Ëmsiidlongslager hiert Liewe gelooss hunn, a ganz besonnesch un déi 23 Membere vun der Resistenz, déi de 25.02.1944 am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d'Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert an zu Köln ëmbruecht goufen.

  2. De Samschdeg, 12. Januar 2019, wäerten d’Sécherheets- an d‘Rettungsdéngschter un engem nationalen Anti-Terror-Exercice um Site Belval deelhuelen.

  3. Nei gesetzlech gereegelt Virschrëften déi de Bierger direkt betreffen wäerten 2019 a Kraaft trieden. Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen déi en direkten Impakt op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg.

  4. Chrëschtusprooch 2018 vum Grand-Duc Virun e puer Wochen ass sech zu Lëtzebuerg, zu Paräis, wéi an aneren Haaptstied vun Europa, mat Dignitéit un den

  5. De Programm fir d’Legislaturperiod 2018-2023 ass ambitiéis, et ass e Programm vun der Wäitsiicht, der Gerechtegkeet, der Nohaltegkeet, der sozialer Kohesioun an der Kompetitivitéit vun eisem Land.

  6. Haut, a Präsenz vun all deene Leit a besonnesch deene Jonken, déi d’Chance hunn nach nie Krich hu missen ze erliewen, wëll ech all deenen Merci soen, déi a schwéiere Momenter zur Fräiheet stounge grad ewéi all deenen, déi de Courage haten, en Europa ze bauen, dat Garant vu Fräiheet a Fridden ass.

  7. 2017/2018 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi néngte Kéier d’Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) organiséiert.

  8. Den Nationale Commemoratiounsdag gëtt zënter 1946 alle Lëtzebuerger d’Geleeënheet, sech un d’Nazi-Ënnerdréckung vun 1940 bis 1945 z’erënneren an d’Undenken un all d’Affer héichzehalen, déi sech der Tyrannei entgéintgestallt a fir d’Onofhängegkeet an d’Fräiheet vun der Heemecht gekämpft hunn.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 36
  4. 37
  5. 38
  6. 39
  7. 40
  8. ...
  9. Lescht Säit