Aktuell Funktiounen

  • Sportsminister
  • Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft

Biographie

De Georges Engel ass de 7. September 1968 zu Déifferdeng gebuer.

No sengem Secondairesstudium am Lycée de garçons zu Esch-Uelzecht absolvéiert de Georges Engel en Universitéitsstudium op der EIULB (École d’infirmière Université libre de Bruxelles), dat hien 1991 mat engem Diplom als Infirmier gradué social ofschléisst. No zousätzleche Coursë kritt hien en Diplom als Assistant d'hygiène sociale.

Weiderliesen

©SIP / Yves Kortum Offizielle Portrait vum Georges Engel

Neisten Noriichten

  • Nodeems d'Maison de l'orientation 2021 vun der Stäreplaz an d'Gebai vum Educatiounsministère an der rue Aldringen geplënnert ass, gouf de 27. September 2022 de Guichet unique vun der Maison de l'orientation vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch a vum Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, Georges Engel, offiziell ageweit.

  • Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, hu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten deelgeholl, déi zu Lellgen (Gemeng Kiischpelt), Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  • Den 8. Mäerz 2022 gouf op enger Pressekonferenz vun der FEDIL, a Präsenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, a vum Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, Georges Engel, d’Editioun 2022 vun der Etude Les qualifications de demain dans le domaine des technologies de l'information et de la communication (TIC) virgestallt.

ADEM- D'Aarbechtsportal

D'Portal vum Sport zu Lëtzebuerg

Dossier: D'Formatioun vun der Regierung 2018

Aktualiséiert