Biographie

De Georges Engel ass de 7. September 1968 zu Déifferdeng gebuer.

Studium an Ausbildung

No sengem Secondairesstudium am Lycée de garçons zu Esch-Uelzecht absolvéiert de Georges Engel en Universitéitsstudium op der EIULB (École d’infirmière Université libre de Bruxelles), dat hien 1991 mat engem Diplom als Infirmier gradué social ofschléisst. No zousätzleche Coursë kritt hien en Diplom als Assistant d'hygiène sociale.

Regierungsfunktiounen

No der Demissioun vum Dan Kersch trëtt de Georges Engel de 5. Januar 2022 als Sportsminister an als Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft an d'Koalitiounsregierung vun DP, LSAP an déi gréng an.

Aner politesch Funktiounen

De Georges Engel ass säit 1993 Member vun der LSAP a gëtt 1997 an de Gemengerot vun der Gemeng Suessem gewielt.

2005 gëtt hie zum Buergermeeschter vun der Gemeng Suessem gewielt a besetzt dëse Posten bis 2020.

Vun 2010 bis 2019 ass hien Vizepresident vun der LSAP.

Nodeems hien op d'Lëscht fir de Bezierk Süde gewielt gouf, kënnt hien am Februar 2012 an d'Chamber, als Nofollger vum Lydie Err, dat zur Ombudsfra nominéiert gouf.

2013 an 2018 gëtt hien erëmgewielt a gëtt President vun der parlamentarescher Kommissioun fir Beschäftegung, Aarbecht a sozial Sécherheet. Ausserdeem befaasst hie sech besonnesch mat Froen iwwer Ëmwelt an Energie.

Am Januar 2020 gëtt hie President vum parlamentaresche Grupp vun de Sozialisten.

Beruffstätegkeet

De Georges Engel schafft vun 1991 un als Assistant d'hygiène sociale am Centre médico-social zu Déifferdeng.

1997 huet hien de Poste gewiesselt a gëtt Responsabel vum Service médico-socio-scolaire vun der Gemeng Péiteng.

Aktualiséiert