Nationalfeierdag 2024

Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, huelen déi groussherzoglech Koppel an hir Kanner souwéi Membere vun der Regierung den 22. an den 23. Juni 2024 un de Festivitéiten deel, déi zu Kielen, Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

23. Juni 2024

Offiziell Zeremonie an der Philharmonie

Den 23. Juni gëtt et en offizielle Festakt fir Nationalfeierdag an der Philharmonie. Do treffen sech d'groussherzoglech Famill, d'Deputéiert, d'Membere vun der Regierung, vum Staatsrot, vun der Justiz, vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a vum akkreditéierten diplomatesche Corps.

Déi groussherzoglech Famill gëtt, bei hirer Arrivée an der Philharmonie Lëtzebuerg, mam Wilhelmus empfaangen, dee vun der Militärmusek interpretéiert gëtt. De Groussherzog an d'Groussherzogin, den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin, de Prënz Félix d'Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory, de Prënz Louis an de Prënz Sébastien gi vum Chamberpresident Claude Wiseler, vum Premierminister Xavier Bettel, a vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer empfaangen.

Am Kader vun der offizieller Zeremonie halen de Grand-Duc, de Claude Wiseler an de Luc Frieden eng Usprooch an duerno iwwerreechen si Auszeechnungen u Perséinlechkeeten aus der ziviler, ekonomescher a kultureller Zen.

Den OPL (Orchestre philharmonique du Luxembourg), de Kammerchouer an d'Pueri Cantores vum Stater Conservatoire suerge fir déi musikalesch Begleedung. Um Programm steet och eng Kompositioun vum Gittarist a Komponist David Laborier, eng Commande vum Staatsministère a vum Kulturministère.

No der offizieller Zeremonie ginn déi 21 traditionell Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus geschoss.

Militärparad

D'"Prise d'armes" op der Neier Avenue steet ënnert dem Kommando vum Colonel Alain Schoeben, Kommandant vun der Arméi a vun den Truppen. D'Parad besteet aus Detachementer vun der Arméi a vun der Police, souwéi aus Zivildetachementer.

No der "Mise en place" vun den Detachementer an dem Amarsch vun de Fändele vun der Arméi an der Police, ginn d'Truppe vun de follgende Persounen inspizéiert: dem Chef vum Etat-Major, de Generol Steve Thull, an dem Direkter vun der Police Lëtzebuerg, den Här Pascal Peters. Dono inspizéieren d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes an den Inneminister Léon Gloden d'Truppen.

Doropshin huelen, noeneen, de Premierminister, Luc Frieden, de President vun der Chamber, Claude Wiseler, de Prënz Sébastien, d'Grande-Duchesse an d'Ierfgroussherzogin Plaz op der Éierentribün.

Mëttes ginn d'Truppen da vum Staatschef a vum Ierfgroussherzog inspizéiert.

Nodeems den dräifachen "Vive" vun den Truppen exekutéiert gouf an d'Nationalhymn vum Sergant-Chef Stéphanie Schlink gesonge gouf, kënnt den Defilé vun de follgende Corps a Veräiner:

  • d'Lëtzebuerger Arméi – mat enger Éierkompagnie, dem Fändel vun der Arméi mat grousser Eskorte, engem Détachement vu Fändeldréier vun de fréiere Bataillonen a Veteranen, engem Detachement mat Gefierer an d'Militärmusek;
  • eng Fändelgrupp aus Rumänien, der Belsch, Frankräich an Holland, am Kader vun der NATO-Missioiun Enhanced Vigiliance Activities a Rumänien:
  • d'Police Lëtzebuerg – mat enger Éierkompanie an dem Fändel vun der groussherzoglecher Police mat grousser Eskorte, engem Detachement vun der Hondsstaffel an engem motoriséierten Detachement;
  • d'Douane – mat enger Kompanie ze Fouss, enger Hondsstaffel, der Douane's Musek an engem motoriséierten Detachement;
  • d'Prisongsverwaltung – mat enger Kompanie ze Fouss an engem Detachement vun der Hondsstaffel;
  • de CGDIS (Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps) – mat enger Kompanie ze Fouss an dem Fändel vum CGDIS, enger Sektioun vum cynotechnesche Grupp an engem motoriséierten Detachement;
  • d'Lëtzebuerger Rout Kräiz – mat enger Sektioun vun der cynotechnescher Unitéit an engem motoriséierten Detachement;
  • d'UGDA (Union Grand-Duc Adolphe) mat 5 Museksveräiner vun der Rammerecher Gemeng.

Niddreg iwwert den Defilé fléie verschidde Fligeren: en Helikopter H145M vun der Police, e Fliger fir den Transport an de Ravitaillement vum Typ Airbus A330 vun der Multi Role Tanker Transport Unit an en Transportfliger vum Typ A400M vum 15. Wing vun der Belscher Loftkomponent, dee vu Lëtzebuerger Offizéier geflu gëtt.

Te Deum

D'Zelebratioun vun engem feierlechen Te Deum ass an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg, an dëst a Präsenz vun der groussherzoglecher Famill, vu Vertrieder vun der Regierung, vun den Deputéiert a vun den Nationalen Autoritéiten. No der Wëllkommensusprooch vum Äerzbëschof, dem Kardinol Jean-Claude Hollerich, kommen Usprooche vum Alain Nacache, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg, vum Hafiz ef. Hilmija Redžić, Kultchef vun der muslimescher Gemeinschaft vu Lëtzebuerg, a vum Athénagoras, Archevêque-métropolite vun der Belsch an Exarque vun Holland a vu Lëtzebuerg.

De feierlechen Te Deum gëtt vun der Maitrise Sainte-Cécile vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Dirigent Marc Dostert gesongen. De Paul Breisch spillt d'Uergel. En Trompetten-Ensembel vun der Militärmusek spillt d'Sonnerie nationale.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (SIP)