Biographie

De Jean Asselborn ass de 27. Abrëll 1949 zu Stengefort gebuer.

Studium an Ausbildung

Nodeems hie mat 18 Joer aus der Schoul eraus gaangen ass, hëlt de Jean Asselborn 1976 säi Studium erëm op, andeems hien an Owescourse geet. Dat selwecht Joer nach packt hie seng Première am Stater Kolléisch.

Am Oktober 1981 mécht de Jean Asselborn eng Maîtrise am Droit judiciaire privé zu Nanzeg op der Universitéit Nancy II.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 13. Juni 2004 trëtt de Jean Asselborn den 31. Juli 2004 als Vizepremierminister, Ausseminister a Minister fir Immigratioun an d'Regierung an.

No de Chamberwale vum 7. Juni 2009, bei deenen d'Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP erëm gewielt gouf, behält de Jean Asselborn den 23. Juli 2009 seng Funktiounen als Vizepremierminister an Ausseminister.

Ënner sengem Impuls gëtt Lëtzebuerg am Oktober 2012 fir déi éischte Kéier fir en net-permanente Sëtz an den UNO-Sécherheetsrot fir d'Joren 2013 an 2014 gewielt.

No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gëtt de Jean Asselborn de 4. Dezember 2013 zum Aussen- an Europaminister an zum Minister fir Immigratioun an Asyl an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt.

No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gëtt de Jean Asselborn de 5. Dezember 2018 zum Aussen- an Europaminister an zum Minister fir Immigratioun an Asyl an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt.

Zanter Juli 2004 representéiert de Jean Asselborn d'lëtzebuergesch Regierung am EU-Ministerrot an de Rotsformatioune "Auswäerteg Ugeleeënheeten" an "Allgemeng Ugeleeënheeten". Haut ass de Jean Asselborn Doyen vun den EU-Ausseministeren.

Aner politesch Funktiounen

De Jean Asselborn ass Member vun der LSAP zanter 1972 a Buergermeeschter vun der Gemeng Stengefort vun 1982 bis 2004.

Op nationalem Niveau gëtt de Jean Asselborn als Deputéierte vum Bezierk Süden 1984 fir d'éischte Kéier op der Lëscht vun der LSAP an d'Chamber gewielt, a behält säi Sëtz bis 2004. Hien ass Fraktiounspresident vun der LSAP an der Chamber vun 1989 bis 1997 a Vizepresident vun der Chamber vun 1999 bis 2004.

De Jean Asselborn ass ausserdeem Parteipresident vun der LSAP vun 1997 bis 2004.

Parallel zu sengem Deputéiertemandat an der Chamber ass de Jean Asselborn och Member vum Europäesche Comité vun de Regioune vun 1999 bis 2004.

Ausserdeem iwwerhëlt hie vun 2000 bis 2004 och d'Funktioun als Vizepresident vun der Europäescher Sozialistescher Partei.

Beruffstätegkeet

1967 fänkt de Jean Asselborn un am Laboratoire vum Pneueproduzent Uniroyal ze schaffen. Zu där Zäit engagéiert hie sech och aktiv an der Gewerkschaftsbewegung a gëtt als Vertrieder vun der Jugendsektioun vum Lëtzebuerger Aarbechterverband gewielt, Virgänger vum haitegen OGBL.

1968 gëtt de Jean Asselborn Gemengebeamte vun der Stad Lëtzebuerg, mä kënnt 1969 zeréck op Stengefort, fir do e Posten als Beamten ze iwwerhuelen.

No senger Première gëtt de Jean Asselborn 1976 Verwalter vum Stengeforter Spidol a bleift bis 2004 op deem Posten.

Auszeechnungen

Am Dezember 2010 kritt de Jean Asselborn d'Grousskräiz vum Verdéngschtuerden (Großkreuz des Verdienstordens) vun der Bundesrepublik Däitschland.

Am Oktober 2013 gëtt hie vun der franséischer Légion d’honneur zum Commandeur promouvéiert.

Aktualiséiert