D'Joëlle Welfring ass den 22. Juni 1974 zu Esch-Uelzecht gebuer.
Studium an Ausbildung
No hirem Secondairesstudium am Lycée Hubert Clément, mécht d'Joëlle Welfring 1997 eng Maîtrise an der Biochimie op der Université Louis Pasteur zu Stroossbuerg. Dono absolvéiert si e Master an Ëmweltwëssenschaften op der Universitéit Brunel zu London.
Regierungsfunktiounen
No der Demissioun vum Carole Dieschbourg trëtt d'Joëlle Welfring den 2. Mee 2022 als Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an d'Koalitiounsregierung vun der DP, der LSAP an déi gréng an.
Beruffstätegkeet
Vun 2010 bis 2014 ass d'Joëlle Welfring Direktesch vum Departement "Business development" am Centre de recherche public Henri Tudor, nodeems si do schonn de Centre de ressources des technologies pour l'environnement (CRTE) geleet hat.
Nom Depart an d'Pensioun vum Robert Schmit den 1. Abrëll 2022 iwwerhëlt d'Joëlle Welfring den Direktiounsposte vun der Ëmweltverwaltung, wou si scho säit 2014 hir Funktioun als Directrice adjointe erfëllt huet.