Den Henri Kox ass de 7. Mee 1961 zu Lëtzebuerg gebuer.
Studium an Ausbildung
No sengem Secondairesstudium am Institut supérieur de technologie, kritt den Henri Kox 1990 säin Diplom als Maschinnebauingenieur vun der RWTH Aachen.
Regierungsfunktiounen
No der Regierungsëmbildung vum 11. Oktober 2019 trëtt den Henri Kox an d'Koalitiounsregierung vun DP, LSAP an déi gréng an. Hien gëtt zum Wunnengsbauminister, delegéierte Minister fir Verdeedegung an delegéierte Minister fir bannenzeg Sécherheet ernannt.
Den 23. Juli 2020 gëtt den Henri Kox zum Minister fir bannenzeg Sécherheet ernannt a behält de Ressort Wunnengsbau bäi.
Aner politesch Funktiounen
Säit 1996 ass den Henri Kox Member vun déi gréng. 1999 gëtt hien als Conseiller an de Gemengerot vu Réimech gewielt. No de Gemengewale vun 2005 gëtt hien zum Schäffen ernannt a vun 2009 bis 2017 ass den Henri Kox Buergermeeschter vu Réimech. 2004 gëtt den Henri Kox fir d'éischte Kéier bei de Legislativwalen an d'Chamber gewielt. 2009, 2013 an 2018 gëtt hien erëmgewielt.
An der Chamber war hien ënner anerem President vun der Kommissioun fir Wunnengsbau a Member vun der Kommissioun fir bannenzeg Sécherheet a Verdeedegung, der Kommissioun fir Finanzen an de Budget an der Kommissioun fir Ëmwelt, Klima, Energie a Landesplanung.
Beruffstätegkeet
1990 gëtt den Henri Kox Ingenieursproff a schafft bis am Juli 2004 am Lycée technique des arts et métiers zu Lëtzebuerg.
Vun 2002 bis zu sengem Antrëtt an d'Regierung engagéiert sech den Henri Kox als President vun der Eurosolar Luxembourg ASBL ganz aktiv am Beräich vun den erneierbaren Energien.