Biographie

D'Paulette Lenert ass den 31. Mee 1968 zu Lëtzebuerg gebuer.

Studium an Ausbildung

No hirem Secondairesstudium am Stater Kolléisch studéiert d'Paulette Lenert op der Universitéit Aix-Marseille III, wou si 1991 hiren Diplom am privaten Droit kritt. No hirer Maîtrise mécht si e Master am europäesche Recht op der Universitéit London a kritt 1992 hiren Diplom. Bei hire beruffsbegleedende Formatioune setzt d'Paulette Lenert de Schwéierpunkt op europäescht Recht esou wéi op d'Ausbildung vun hire Kompetenzen an der ëffentlecher Verwaltung souwéi der Systemanalys.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 trëtt d'Paulette Lenert de 5. Dezember 2018 als Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten an als Ministesch fir Konsumenteschutz an d'Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng an.

Beruffstätegkeet

D'Paulette Lenert huet hir berufflech Carrière 1992 als Affekotin um Barreau de Luxembourg ugefaangen. 1994 fänkt si als Attachée de justice beim Justizministère un. 1997 gëtt si als Éischt Riichterin um Verwaltungsgeriicht nominéiert a bis 2010 ass si och Vizepresidentin vum Verwaltungsgeriicht. Vun 2010 bis 2013 ass si Éischt Regierungsconseillère beim Delegéierte Minister fir solidaresch Ekonomie.

Dono iwwerhëlt d'Paulette Lenert d'Direktioun vun der Cellule de facilitation en matière d'urbanisme et environnement, déi 2013 nei geschafe gouf an dem Staatsministère ënnerläit. 2013, no der Ëmbildung vun de ministeriellen Departementer, trëtt si dem Ministère fir d'Fonction publique an d'Verwaltungsreform bäi a gëtt do 2014 Éischte Regierungsconseiller an iwwerhëlt déi allgemeng Koordinatioun. Am Januar 2017 gëtt si och als Chargé de direction vum Nationalen Institut fir ëffentlech Verwaltung nominéiert. Den Dag wou d'Paulette Lenert der Regierung bäigetrueden ass, huet si déi Funktiounen all opginn.

Veräinsaktivitéiten

Vun 2011 bis 2013 ass d'Paulette Lenert Member vum Verwaltungsrot vu ProActif a.s.b.l. Si war och Member vum Verwaltungsrot vun der Initiativ Rëm Schaffen a.s.b.l., eng Funktioun déi si opginn huet, wéi si der Regierung bäigetrueden ass. 

Aktualiséiert