De Marc Hansen ass den 10. Abrëll 1971 an der Stad Lëtzebuerg gebuer.
Studium an Ausbildung
Säi Secondairesstudium mécht de Marc Hansen am Jongelycée an der Stad an am Stater Kolléisch vun 1983 bis 1991.
Regierungsfunktiounen
Den 28. Mäerz 2014 gëtt de Marc Hansen zum Staatssekretär fir Erzéiung, Kanner a Jugend, Staatssekretär fir Héichschoul a Fuerschung an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt. Hien ersetzt den André Bauler no sengem Récktrëtt aus der Regierung wéinst gesondheetleche Problemer. De 27. Mäerz 2015 gëtt de Marc Hansen och zum Staatssekretär fir Wunnengsbau ernannt. Nom Récktrëtt vun der Ministesch Maggy Nagel aus der Regierung gëtt de Marc Hansen den 18. Dezember 2015 dann zum Wunnengsbauminister an delegéierte Minister fir Héichschoul a fir Fuerschung ernannt.
No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gëtt de Marc Hansen de 5. Dezember 2018 zum Minister fir d’Fonction publique, Minister fir d’Bezéiung zum Parlament, delegéierte Minister fir Digitaliséierung an delegéierte Minister fir d'Verwaltungsreform an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt.
Aner politesch Funktiounen
De Marc Hansen ass zanter 2008 Member vun der DP a vun 2004 bis 2014 Schäffen an der Gemeng Useldeng.
Vun 2011 bis 2014 ass hie Member vum interkommunale Syndikat De Réidener Kanton.
Op nationalem Niveau gëtt de Marc Hansen 2013 op der Lëscht vun der DP fir d'éischte Kéier an d'Chamber gewielt, als Deputéierte vum Bezierk Norden. An der Chamber ass hie vun 2013 bis 2014 President vun der Finanz- a Budgetskommissioun a Vizepresident vun der Kommissioun fir Aarbecht a Beschäftegung a fir sozial Sécherheet, bis zu senger Nominatioun als Minister.
Beruffstätegkeet
De Marc Hansen fänkt seng professionell Carrière beim DNR (Den Neie Radio) un.
Duerno schafft hie beim RTL Radio Lëtzebuerg a bei RTL Télé Lëtzebuerg vun 1995 bis 2009.
Vun 2009 bis 2011 ass hie Fraktiounsmataarbechter.
Vun 2011 bis 2014 ass de Marc Hansen Direkter an delegéierte Verwalter vun den Éditions Lëtzebuerger Journal.
Hien ass och Matgrënner vu verschiddenen innovative Start-Uppen am IT-Beräich.