-
Nationalfeierdag 2022
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, hu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten deelgeholl, déi zu Lellgen (Gemeng Kiischpelt), Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
Upassung vun der CovidCheck.lu-App mat Hibléck op déi nei Anti-COVID-Mesuren
D'CovidCheck.lu-App ass un déi nei Anti-COVID-Mesuren adaptéiert ginn, déi d'Regierung am Kampf géint d'Pandemie ugekënnegt huet. D'Benotzer hunn elo d'Méiglechkeet sech mat der neier Versioun vun der App ze familiariséieren.
-
"Ech kann dat och": Online-Banking-Coursë fir Senioren
Presentatioun vun den neien Online-Banking- Coursë fir Senioren ënnert dem Titel "Ech kann dat och".
-
Presentatioun vum digitale CovidCheck-Certificat (EU DCC) an der CovidCheck.lu App
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den delegéierte Minister fir Digitaliséierung Marc Hansen presentéieren op der Pressekonferenz d'Modalitéiten, wéi een den digitalen EU-COVID-Certificat kritt a wéi een e benotzt. De Livestream fänkt géint 16 Auer un.
-
Nationale Commemoratiounsdag 2020 – Proklamatioun vun der Regierung
Et ass wouer, datt et dacks Männer waren, déi géint déi däitsch Besatzung gekämpft hunn. D'Roll vun der Fra, déi d'Laascht vum Krich meeschtens eleng huet missen droen, ass leider an der Geschicht oft ze kuerz komm. Dofir wëlle mir dëst Joer ganz besonnesch de Fraen, Mammen a Meedercher gedenken, déi an de schwéiere Krichszäiten d'Familljen, awer och d'Gesellschaft insgesamt zesummegehalen hunn.
-
Nationalfeierdag 2020
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, fënnt den 23. Juni eng offiziell Zeremonie beim Monument national de la Solidarité luxembourgeoise um Kanounenhiwwel statt.
-
Regierungsrot - Nei Mesurë géint de Coronavirus
Am Hibléck op d'Entwécklung vum Coronavirus an eisen Nopeschlänner an hei am Land ass et néideg fir zousätzlech Mesuren ze huelen, fir d'Verbreedung vum Virus an der Bevëlkerung ze limitéieren an déi ufälleg Persounen ze schützen.
-
Mesuren déi den 12. Mäerz 2020 vum Regierungsrot am Kader vum Coronavirus geholl goufen
Den 12. Mäerz 2020 huet de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel en ausseruerdentleche Regierungsrot aberuff, fir d'Mesure festzeleeën déi sollen hëllefen d'Verbreedung vum Coronavirus ze behënneren.
-
"Mir brauchen Talenter déi bei eis komme wéinst deem wat bei eis geschitt!"
Interview mam Marc Hansen am FGFCmag
-
E wichtege Schratt a Richtung Inklusioun: Guichet.lu elo och an einfacher Sprooch
Sou wéi den 19. November vum Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung, ugekënnegt, goufen um Informatiounsportal Guichet.lu déi éischt Texter online op einfacher Sprooch verëffentlecht. Dës Sprooch adresséiert sech an éischter Linn u Persoune mat enger geeschteger Behënnerung a Persoune mat enger Lies- oder Schreifschwächt.
-
De Marc Hansen huet d'Inauguratiounsried vum BIMLUX 2019 gehalen
Den 19. November 2019 huet de Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung, d'Inauguratiounsried vun der 4. Editioun vum BIMLUX gehalen, déi am European Conventioun Center stattfonnt huet. Dëst ass ee järlechen Evenement iwwert déi digital Transformatioun am Bausecteur zu Lëtzebuerg.
-
De Marc Hansen op den "Luxembourg Internet Days": "De gréissten Defi vum Iwwergang an den digitalen Zäitalter besteet doranner, aus der digitaler Welt eng Opportunitéit fir jiddereen ze maachen."
Den 13. November 2019 huet de Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung, d'Inauguratiounsried vum Digital Day am Kader vun de Luxembourg Internet Days, déi vu LU-CIX organiséiert ginn, gehalen.
-
De Marc Hansen huet d'Inauguratiounsried vun der "EU DataViz 2019"-Konferenz gehalen
Den 12. November 2019 huet den delegéierte Minister fir Digitaliséierung Marc Hansen d'Inauguratiounsried vun der "EU DataViz 2019"-Konferenz, déi vum Office des publications de l'Union européenne am Convention Center Luxembourg organiséiert gouf, gehalen.
-
Nationalfeierdag 2019
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
D'Regierung huet d'Staatstrauer ausgeruff
Nom Doud vu Senger Altesse Royale dem Groussherzog Jean huet de Regierungsrot sech en Dënschdeg, 23. Abrëll 2019, fir eng ausseruerdentlech Sëtzung, ënnert der Presidence vum Premierminister Xavier Bettel, zesummefonnt.
- 1
- 2
- Lescht Säit