Aktuell Funktiounen

  • Finanzminister

Biographie

De Pierre Gramegna gëtt den 22. Abrëll 1958 zu Esch-Uelzecht gebuer. 

No senger Première am Escher Jongelycée (Sektioun Mathematik Latäin) studéiert de Pierre Gramegna Droit an Ekonomie op der Universitéit Panthéon-Assas (Paris II), wou hien 1981 eng Maîtrise am Zivilrecht an 1982 eng Lizenz an de Wirtschaftswëssenschafte mécht. Hie schléisst seng postuniversitär Studie mat engem DEA (Diplôme d’études approfondies) am Droit communautaire of. Hien ass och Éierendokter vun der Sacred Heart University of Luxembourg.

Weiderliesen

 

© SIP / Yves Kortum Gouvernement 2013-2018 : portrait officiel de Pierre Gramegna

Neiste Noriichten

  • De Programm fir d’Legislaturperiod 2018-2023 ass ambitiéis, et ass e Programm vun der Wäitsiicht, der Gerechtegkeet, der Nohaltegkeet, der sozialer Kohesioun an der Kompetitivitéit vun eisem Land.

  • Den Nationale Commemoratiounsdag gëtt zënter 1946 alle Lëtzebuerger d’Geleeënheet, sech un d’Nazi-Ënnerdréckung vun 1940 bis 1945 z’erënneren an d’Undenken un all d’Affer héichzehalen, déi sech der Tyrannei entgéintgestallt a fir d’Onofhängegkeet an d’Fräiheet vun der Heemecht gekämpft hunn.

  • Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

Luxembourg for Finance

Aktualiséiert