Biographie

De Pierre Gramegna ass den 22. Abrëll 1958 zu Esch-Uelzecht gebuer.

Studium an Ausbildung

No senger Première am Escher Jongelycée (Sektioun Mathematik Latäin) studéiert de Pierre Gramegna Droit an Ekonomie op der Universitéit Panthéon-Assas (Paris II), wou hien 1981 eng Maîtrise am Zivilrecht an 1982 eng Lizenz an de Wirtschaftswëssenschafte mécht. Hie schléisst seng postuniversitär Studie mat engem DEA (diplôme d’études approfondies) am Droit communautaire of. Hien huet en Éierendokter-Titel vun der Sacred Heart University of Luxembourg.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gëtt de Pierre Gramegna de 5. Dezember 2018 zum Finanzminister an der Koalitiounsregierung vun DP, LSAP an déi gréng erëmernannt.

No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 war de Pierre Gramegna de 4. Dezember 2013 fir d'éischt an d'Regierung agetrueden.

Als Finanzminister huet de Pierre Gramegna ëmfaassend Reformen agefouert, fir de Staatsbudget auszegläichen a fir d'Lëtzebuerger Steiervirschrëften un international Transparenzstandarden unzepassen. Duerch dës Beméiunge krut Lëtzebuerg ëmmer nees vun alle grousse Ratingsagencë säin AAA-Rating bestätegt a gouf 2015 beim Global Forum on Transparency and Exchange of Information for Tax Purposes op de Niveau "largely compliant" opgewäert. Doriwwer eraus huet de Pierre Gramegna 2014 de Lëtzebuerger Staatsfong zu Gonschte vun zukünftege Generatioune gegrënnt.

De Pierre Gramegna ënnerstëtzt och d'Diversifizéierung vum Lëtzebuerger Finanzsecteur, besonnesch am Hibléck op FinTech an nohalteg Finanzen. Hien ass Begrënner a President vun der LHoFT-Fondatioun, déi d'Luxembourg House of Financial Technology bedreift. Ausserdeem huet hien déi bilateral Bezéiungen zum chinesesche Finanzsecteur weider ausgebaut, a säit hien am Amt ass, hu véier zousätzlech chinesesch Banke Lëtzebuerg zu hirem EU-Sëtz gemaach.

Während der Lëtzebuerger EU-Presidence (zweet Halschent 2015) huet de Pierre Gramegna als President vum EU-Ministerrot fir Wirtschaft a Finanzen aktiv dozou bäigedroen, fir richtungsweisend Accorden ze erreechen, wat engersäits d'Aféierung vum automateschen, EU-wäiten Austausch vun Informatiounen iwwer verbindlech Steiervirbescheeder (tax rulings) an anerersäits déi sougenannte Verbréiwungen (securitisations) betrëfft.

De Pierre Gramegna leet och besonnesche Wäert op d'Roll vu Lëtzebuerg bei multilateralen Entwécklungsbanken. 2014 gouf Lëtzebuerg Member bei der Afrikanescher Entwécklungsbank (African Development Bank), an 2015 ass Lëtzebuerg als éischt net-asiatescht Land der Asiatescher Infrastrukturinvestmentbank (Asian Infrastructure Investment Bank, AIIB) bäigetrueden. Am Mee 2016 gouf de Pierre Gramegna fir ee Joer zum President vum Gouverneursrot vun der Europäescher Bank fir Neiopbau an Entwécklung (European Bank for Reconstruction and Development) gewielt. Doriwwer eraus sëtzt hien am Gouverneursrot vun der Europäescher Investitiounsbank (European Investment Bank, EIB) a vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus (European Stability Mechanism, ESM). Ausserdeem vertrëtt hie Lëtzebuerg als Gouverneur beim Internationale Währungsfong (International Monetary Fund, IMF), bei der Weltbank a bei der Asiatescher Entwécklungsbank (Asian Development Bank).

Beruffstätegkeet

De Pierre Gramegna gëtt 1983 Beruffsdiplomat am Ausseministère. 1988 gëtt hien da Conseiller fir politesch a wirtschaftlech Ugeleeënheete bei der Lëtzebuergescher Ambassade zu Paräis, wat hie véier Joer laang bleift, bis hien zum Generalkonsul an Direkter vum Board of Economic Development zu San Francisco ernannt gëtt.

Vun 1996 bis 2002 ass de Pierre Gramegna Ambassadeur vu Lëtzebuerg a Japan an a Südkorea. Duerno schafft hie während engem Joer als Direkter vun den internationale Wirtschaftsbezéiungen am Ausseministère.  

2003 hëlt de Pierre Gramegna de Poste vum Generaldirekter vun der Handelskummer (Chambre de Commerce) un; e Posten, op deem hie bis zu senger Nominatioun als Minister, am Dezember 2013, bleift.

Éier de Pierre Gramegna an d'Regierung trëtt, war hie Verwaltungsrotsmember vu verschiddene Gesellschaften, wéi zum Beispill bei der Cargolux Airlines International SA (als President vun 2004 bis 2008), der Bourse de Luxembourg (Luxembourg Stock Exchange), der LuxExpo Luxembourg an der BGL BNP Paribas Luxembourg SA. Ausserdeem war hien och a ville konsultative Kommissiounen aktiv, wéi zum Beispill am konsultative Comité fir den Aussenhandel (Comité consultatif du commerce extérieur), am Comité fir Wirtschaftsentwécklung (Comité de développement économique) an am nationale Comité fir d'Fërderung vum Entrepreneursgeescht (Comité national pour la promotion de l’esprit d’entreprise).

Aktualiséiert