Biographie

De Romain Schneider ass de 15. Abrëll 1962 zu Wolz gebuer.

Studium an Ausbildung

De Romain Schneider mécht säi Studium am Lycée du Nord zu Wolz.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 7. Juni 2009 trëtt de Romain Schneider den 23. Juli 2009 als Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, Sportsminister an delegéierte Minister fir solidaresch Ekonomie an der Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP an.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gëtt de Romain Schneider de 4. Dezember 2013 zum Minister fir sozial Sécherheet, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten a Sportsminister an d'Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt.

No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gëtt de Romain Schneider de 5. Dezember 2018 zum Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung a Minister fir sozial Sécherheet an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt.

Aner politesch Funktiounen

Member vun der LSAP säit 1981, ass de Romain Schneider den LSAP-Generalsekretär vun 2004 bis 2009.

Op regionalem Niveau ass de Romain Schneider fir d'éischt Member vum Gemengerot vu Wolz vun 1994 bis 1999 an duerno Buergermeeschter vun 2000 bis 2009 – e Posten, op deem hie bis zu senger Nominatioun als Minister am Juli 2009 bleift.

2004 op der Lëscht vun der LSAP vum Bezierk Norden als Deputéierten an d'Chamber gewielt, beschäftegt sech de Romain Schneider haaptsächlech mat de Beräicher Aarbecht, Ëmwelt, Landwirtschaft, Gesondheet a sozial Sécherheet. 2009 an 2013 gëtt hien dann als Deputéierten erëm gewielt.

Beruffstätegkeet

Éier hien am Juli 2004 Deputéierte gëtt, schafft de Romain Schneider vun 1980 un als Fonctionnaire bei der Administration de l'emploi (ADEM, zanterhier ëmbenannt an "Agence pour le développement de l'emploi") a vun 1989 un als Responsabele vun der Agence Wolz vun der ADEM.

Aktualiséiert