Biographie

D'Sam Tanson ass de 4. Abrëll 1977 an der Stad Lëtzebuerg gebuer.

Studium an Ausbildung

No engem Secondairesstudium am Lycée Robert Schuman studéiert d'Sam Tanson op der Universitéit Paris I Panthéon-Sorbonne, wou si am Joer 2000 hir Maîtrise am Droit ofschléisst. Duerno studéiert d'Sam Tanson um Institut d'études politiques de Paris a schléisst dëse Studium am Joer 2002 of. Schliisslech mécht si nach e Master am Ëmweltrecht op der Université de Limoges am Joer 2008 an dëst als Fernstudium.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 trëtt d'Sam Tanson de 5. Dezember 2018 als Kulturministesch an als Wunnengsbauministesch an d'Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng an. No enger Regierungsëmbildung gëtt d'Sam Tanson den 11. Oktober 2019 zur Justizministesch ernannt. De Ressort fir Wunnengsbau gëtt si of, an de Ressort fir Kultur behält si bäi.

Aner politesch Funktiounen

D'Sam Tanson ass säit 2005 Member vun déi gréng. Am Laf vun hirer politescher Carrière besetzt d'Sam Tanson verschidde Positiounen innerhalb vun der Partei. Si ass Spriecherin vun déi jonk gréng vun 2006 bis 2007, Spriecherin vun déi gréng vun 2009 bis 2010 a schliisslech Presidentin vun der Partei vun 2010 bis 2015.

Op Gemengenniveau gëtt d'Sam Tanson am Joer 2011 fir d'éischt Kéier an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt, dëst am Alter vu 34 Joer. Am Joer 2013 gëtt si éischt Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, zoustänneg fir Finanzen a Mobilitéit, a bleift an dëser Funktioun bis 2017. Bei de Gemengewalen 2017 gëtt si als Gemengeréitin erëmgewielt. Vun 2015 bis 2018 ass d'Sam Tanson Member vum Staatsrot.

No der Demissioun vum Claude Adam als Deputéierten an der Chamber gëtt d'Sam Tanson am Abrëll 2018 fir d'éischt Kéier Deputéiert. An der Chamber ass si Presidentin vun der Commission juridique. Bei de Chamberwalen 2018 gëtt d'Sam Tanson erëmgewielt.

Beruffstätegkeet

Vun 2002 bis 2004 ass d'Sam Tanson Journalistin bei RTL Radio Lëtzebuerg.

Vun 2005 bis zu hirem Antrëtt an d'Regierung ass d'Sam Tanson als Affekotin um Barreau de Luxembourg agedroen.

Aktualiséiert