Noriichten

  • Filtrer les résultats
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 31 Resultater
  1. De 27. Januar 2022 huet d'Kulturministesch Sam Tanson de Projet de loi no. 7948 zur Aféierung vum Congé culturel an der Modifikatioun vu folgende Gesetzer der Presse präsentéiert: 1° vum Code du travail; 2° vum geännerte Gesetz vum 16. Abrëll 1979 iwwert de generelle Statut vun de Staatsbeamten; 3° vum geännerte Gesetz vum 24. Dezember 1985 iwwert de generelle Statut vun de Gemengebeamten.

  2. Den 8. Dezember 2021 gouf am Centre national de littérature zu Miersch de nationale Literaturpräis 2021 a Presenz vun de Laureaten/innen iwwerreecht. D'Kulturministesch Sam Tanson gouf vum Josée Hansen vun der Unitéit fir Literatur an Editiounswiese vum Kulturministère vertrueden.

  3. De 7. Januar 2021 huet d'Kulturministesch Sam Tanson Detailer iwwert d'Reouverture vun de Kulturinstitutioune presentéiert an déi nei Moossname fir de Kultursecteur virgestallt, wéi se am Gesetzesprojet zur Ännerung vum Gesetz vum 17. Juli 2020 zur Aféierung vun enger Rei Moossnamen zur Bekämpfung vun der COVID-19-Pandemie virgesi sinn.

  4. D’Kulturministesch Sam Tanson huet déi nei Mesurë presentéiert, déi am Beräich Kultur am Kampf géint d’Pandemie COVID-19 virgesi sinn. Si ass och op d’Reouverture vun de kulturellen Institutioune wéi Muséeën, Bibliothéiken, Archiven, Kinoen, Theateren a Concertssäll agaang.

  5. Et ass wouer, datt et dacks Männer waren, déi géint déi däitsch Besatzung gekämpft hunn. D'Roll vun der Fra, déi d'Laascht vum Krich meeschtens eleng huet missen droen, ass leider an der Geschicht oft ze kuerz komm. Dofir wëlle mir dëst Joer ganz besonnesch de Fraen, Mammen a Meedercher gedenken, déi an de schwéiere Krichszäiten d'Familljen, awer och d'Gesellschaft insgesamt zesummegehalen hunn.

  6. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, fënnt den 23. Juni eng offiziell Zeremonie beim Monument national de la Solidarité luxembourgeoise um Kanounenhiwwel statt.

  7. Am Hibléck op d'Entwécklung vum Coronavirus an eisen Nopeschlänner an hei am Land ass et néideg fir zousätzlech Mesuren ze huelen, fir d'Verbreedung vum Virus an der Bevëlkerung ze limitéieren an déi ufälleg Persounen ze schützen.

  8. De 27 November 2019 huet d'Kulturministesch Sam Tanson déi Responsabel vum Marché de la poésie, den Yves Boudier, President, an de Vincent Gimeno, Direkter, empfaangen, fir d'Partnerschaft mam Marché de la poésie 2021 offiziell ze confirméieren. Lëtzebuerg wäert dat Joer eng besonnesch Plaz als Éieregaascht erhalen.

  9. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  10. Nom Doud vu Senger Altesse Royale dem Groussherzog Jean huet de Regierungsrot sech en Dënschdeg, 23. Abrëll 2019, fir eng ausseruerdentlech Sëtzung, ënnert der Presidence vum Premierminister Xavier Bettel, zesummefonnt.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2
  4. 3
  5. Lescht Säit