Aktuell Funktiounen

  • Minister fir Energie
  • Minister fir Landesplanung

Biographie

De Claude Turmes ass de 26. November 1960 zu Dikrech gebuer.

No sengem Secondairesstudium am Classique krut de Claude Turmes 1983 eng Licence fir Sporterzéiung vun der Universitéit zu Louvain-la-Neuve.

Gläichzäiteg zu sengem Beruff huet hien Ëmwelttechnologien an der Fondation universitaire luxembourgeoise zu Arel studéiert, Studium ouni Ofschlossaarbecht absolvéiert.

Weiderliesen

© SIP / Yves Kortum

Neisten Noriichten

  • De Programm fir d’Legislaturperiod 2018-2023 ass ambitiéis, et ass e Programm vun der Wäitsiicht, der Gerechtegkeet, der Nohaltegkeet, der sozialer Kohesioun an der Kompetitivitéit vun eisem Land.

  • Den Nationale Commemoratiounsdag gëtt zënter 1946 alle Lëtzebuerger d’Geleeënheet, sech un d’Nazi-Ënnerdréckung vun 1940 bis 1945 z’erënneren an d’Undenken un all d’Affer héichzehalen, déi sech der Tyrannei entgéintgestallt a fir d’Onofhängegkeet an d’Fräiheet vun der Heemecht gekämpft hunn.

  • Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

Portal fir Landesplanung

Dossier: D'Formatioun vun der Regierung 2018

Aktualiséiert