Biographie

De Claude Turmes ass de 26. November 1960 zu Dikrech gebuer.

Studium an Ausbildung

No sengem Secondairesstudium am Classique kritt de Claude Turmes 1983 eng Licence fir Sporterzéiung vun der Universitéit zu Louvain-la-Neuve. Parallel zu sengem Beruff studéiert hien Ëmwelttechnologien an der Fondation universitaire luxembourgeoise zu Arel, an absolvéiert säi Studium ouni Ofschlossaarbecht. Deemools mécht hien och vill Yoga-Ausbildungen.

Regierungsfunktiounen 

De Claude Turmes gëtt den 20. Juni 2018 zum Staatssekretär fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng besteet, ernannt, wou hien de Camille Gira ersetzt, deen de 16. Mee verstuerwen ass.

No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gëtt de Claude Turmes de 5. Dezember 2018 zum Minister fir Energie an zum Minister fir Landesplanung an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt.

Den 22. Abrëll 2022 trëtt d'Carole Dieschbourg op eegen Ufro aus der Regierung zeréck. Déi ministeriell Kompetenze vum Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ginn temporär, bis den 29. Abrëll 2022, un de Claude Turmes iwwerdroen.

Aner politesch Funktiounen

De Claude Turmes ass Deputéierten am Europaparlament vu Juni 1999 bis Juni 2018. Hien ass Vizepresident vun der grénger Fraktioun am Europaparlament an ass Member vun der Kommissioun fir Ëmwelt, Gesondheet a Konsumenteschutz a Member vun der Kommissioun fir Industrie, Fuerschung an Energie. Hien ass Rapporter vu villen europäeschen Direktiven, ë.a. iwwert erneierbar Energien, Energieeffizienz, Stroummaart a Klima-Pläng, souwéi den europäesche Regëster vun de Lobbyen. Vun 2004 bis 2018 ass hie President vun Eufores (European Forum for Renewable Energy Sources), der interparlamentarescher Associatioun fir d'Promotioun vun den erneierbaren Energien an Europa.

Beruffstätegkeet

Tëschent 1983 an 1999 schafft de Claude Turmes als Sportsprofesser a verschidde Lycéeën zu Lëtzebuerg.

Veräinsaktivitéiten

Éiert hien an d'Europa-Parlament gewielt gëtt, ass de Claude Turmes an Ëmweltorganisatiounen aktiv, fir d'éischt als Aktivist an dann als fräiwëlleg Féierungskraaft. Hien ass souwuel um europäeschen Niveau (Friends of the Earth Europe, Bureau européen de l'environnement) wéi um nationalen Niveau (Mouvement Écologique Lëtzebuerg) politesch engagéiert. Vun Enn vun den 80er bis 1999 ass hie Comitésmember a Vizepresident vum Mouvement Écologique, verantwortlech fir Themen an de Beräicher Energie, Klima an Europa. Hien ass ee vun de Grënnungsmembere vum Klimabündnis Lëtzebuerg.

Aktualiséiert