Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert

De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 26. Oktober 2021 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt, well dës de Bedéngunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.

Als Erënnerung, hei déi nächst Etappen:

Verëffentlechung vun enger Matdeelung am offizielle Journal vum Groussherzogtum Lëtzebuerg.

Eng Matdeelung gëtt an deenen nächsten aacht Deeg am offizielle Journal an op d'mannst an dräi Dageszeitunge publizéiert. Dës Matdeelung iwwerhëlt den Titel an den Text vun der Verfassungsrevisioun, Coordonnéeë vun de Membere vum Initiativkommitee sou wéi och den Ufangs- an den Enddatum fir d'Sammele vun den Ënnerschrëften. 

Informatioun durch d'Gemengen

Uschléissend mussen d'Gemengen d'Wieler iwwert d'Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum informéieren an d'Plazen uginn, wou d'Wieler wärend der geplangter Sammelperiod dës Demande kënnen ënnerstëtzen andeems si sech op d'Lëschten androen. D'Gemenge mussen och d'Auerzäiten an d'Deeg uginn wärend deenen d'Aschreiwungen ugeholl ginn. D'Ëffnungszäite mussen op mindestens sechs Stonne pro Woch festgeluecht ginn, an ënnert den Ëffnungsdeeg muss de Samschdeg sinn.  

Sammele vun den Ënnerschrëften

D'Sammele vun den Ënnerschrëfte fänkt spéitstens fofzéng Deeg nom Publikatiounsdatum vun der Matdeelung vum Premierminister am offizielle Journal un. 

Fir d'Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum ze ënnerstëtzen, muss de Wieler sech perséinlech, mat enger gülteger Identitéitskaart, op der Gemeng wou hie säi Wunnsëtz huet virstellen, fir sech op de Lëschte kënnen anzedroen. E Gemengebeamten iwwerpréift seng Identitéit a kontrolléiert ob hien ob de Wielerlëschten agedroen ass. 

Ënnerschreiwen am Numm vun engem Drëtten ass verbueden.

Verëffentlechung vun de Resultater

Um Enn vun der Period fir d'Ënneschrëftesammlung, iwwermëttelt all Gemeng d'Resultat un de Premierminister, deen se iwwerpréift an d'Gesamtzuel vun den Ënnerschrëfte bestëmmt. Spéitstens dräi Wochen nom Oflafe vun der Period fir d'Ënnerschrëftesammlung ginn d'Resultater un den Initiativkommitee iwwermëttelt an am offizielle Journal publizéiert. 

D'Resultat, dat am offizielle Journal verëffentlecht gëtt, ka bannent fënnef Deeg ab dem Verëffentlechungsdatum vun all Wieler virum Verwaltungsgeriichtshaff ugefecht ginn.

25.000 Ënnerschrëfte fir e Referendum

D'Ufro fir d'Ofhale vun engem Referendum war erfollegräich, wann d'Gesamtzuel vun de gëltegen Ënnerschrëfte, déi bannent deenen zwee Méint nom éischte Vott iwwert den Text vun der Verfassungsrevisioun an der Chamber gesammelt goufen (Art. 114 vun der Verfassung), mindestens bei 25.000 läit.  

De Referendum

An dësem Fall muss de Referendum an engem Delai vu sechs Méint duerchgeféiert ginn. Wa Chamber- oder Europawale bannent deem Delai sinn, gëtt den Delai ëm sechs Méint verlängert. 

Den Dag vum Referendum muss e Sonnden oder e gesetzleche Feierdag sinn. En däerf op kengem Fall an den dräi Méint virun oder no de Chamber- oder Europawale stattfannen.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert