Areeche vun enger Ufro vun engem Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vun de Kapitelen IV a Vbis vun der Verfassung

En Initiativkommitee huet haut, am Kader vun der Revisioun vun de Kapitelen IV a vun der Verfassung, beim Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, eng Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum no Artikel 114 vun der Verfassung agereecht.

Zur Erënnerung: déi Lëtzebuerger Verfassung kann nëmmen no der Revisiounsprozedur geännert ginn, déi am Artikel 114 vun der Verfassung festgeluecht ass. Dësen Artikel gesäit vir, datt eng Revisioun vun der Verfassung vun der Chamber an zwee successive Votten an engem Ofstand vun op d'mannst dräi Méint muss ugeholl ginn a woubäi all Vott op d'mannst zwee Drëttel vun de Stëmme vun den Deputéierte muss hunn.

Den Artikel 114 vun der Verfassung gesäit och vir, datt den Text vun der Verfassungsrevisioun, deen an der éischter Liesung (éischte Vott) ugeholl ginn ass, ënner bestëmmte Konditiounen, engem Referendum ënnerluecht ka ginn, deen dann deen zweete Vott vun der Chamber ersetzt.

D'Konditioune fir an dësem Fall e Referendum z'organiséieren, sinn am ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005, dat sech op de Referendum op nationalem Niveau bezitt (Artikel 3 bis 19) exposéiert.

D'Ufro vum Initiativkommitee un de Premierminister

  • En Initiativkommitee, deen op d'mannst aus fënnef Wieler besteet, muss dem Premierminister eng Ufro spéitstens um véierzéngten Dag nom Unhuele vum Text an der éischter Liesung vun der Chamber virleeën. Dës Ufro muss Follgendes ëmfaassen:
    • den Titel an den Text vun der Verfassungsrevisioun;
    • d'Nimm, d'Virnimm, d'Gebuertsdatumen an d'Adresse vun de Membere vum Initiativkommitee;
    • d'handschrëftlech Ënnerschrëfte vun de Membere fir hir Memberschaft am Initiativkommitee ze bestätegen;
    • d'Attestatioun, datt si als Wieler op de Wielerlëschte fir d'Chamberwalen agedroe sinn;
    • déi ausgewielten Adresse vum Initiativkommitee.
  • De Premierminister huet dräi Deeg Zäit fir ze entscheeden, ob d'Ufro den Ufuerderunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.

Verëffentlechung vun enger Matdeelung am offizielle Journal vum Groussherzogtum Lëtzebuerg

Wann de Premierminister zeréckbehält, datt d'Ufro de Konditioune vum ofgeännerte Gesetz vum 4.Februar 2005 entsprécht, gëtt eng Matdeelung bannent aacht Deeg am offizielle Journal an an op mannst dräi Dageszeitunge verëffentlecht. Dës Matdeelung iwwerhëlt den Titel an den Text vun der Verfassungsrevisioun, Coordonnéeë vun de Membere vum Initiativkommitee sou wéi och den Ufangs- an den Enddatum fir d'Sammele vun den Ënnerschrëften.

Informatioun durch d'Gemengen

Uschléissend mussen d'Gemengen d'Wieler iwwert d'Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum informéieren an d'Plazen uginn, wou d'Wieler wärend der geplangter Sammelperiod dës Demande kënnen ënnerstëtzen andeems si sech op d'Lëschten androen. D'Gemenge mussen och d'Auerzäiten an d'Deeg uginn wärend deenen d'Aschreiwungen ugeholl ginn. D'Ëffnungszäite mussen op mindestens sechs Stonne pro Woch festgeluecht ginn, an ënnert den Ëffnungsdeeg muss e Samschdeg sinn.

Sammele vun den Ënnerschrëften

D'Sammele vun den Ënnerschrëfte fänkt spéitstens fofzéng Deeg nom Publikatiounsdatum vun der Matdeelung vum Premierminister am offizielle Journal un.

Fir d'Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum ze ënnerstëtzen, muss de Wieler sech perséinlech, mat enger gülteger Identitéitskaart, op der Gemeng wou hie säi Wunnsëtz huet virstellen, fir sech op de Lëschte kënnen anzedroen. E Gemengebeamten iwwerpréift seng Identitéit a kontrolléiert ob hien op de Wielerlëschten agedroen ass.

D'Ënnerschreiwen am Numm vun engem Drëtten ass verbueden.

Verëffentlechung vun de Resultater

Um Enn vun der Period fir d'Ënneschrëftesammlung iwwermëttelt all Gemeng d'Resultat un de Premierminister, deen se iwwerpréift an d'Gesamtzuel vun den Ënnerschrëfte bestëmmt. Spéitstens dräi Wochen nom Oflafe vun der Period fir d'Ënnerschrëftesammlung ginn d'Resultater un den Initiativkommitee iwwermëttelt an am offizielle Journal publizéiert.

D'Resultat, dat am offizielle Journal verëffentlecht gëtt, ka bannent fënnef Deeg ab dem Verëffentlechungsdatum vun all Wieler virum Verwaltungsgeriichtshaff ugefecht ginn.

25.000 Ënnerschrëfte fir e Referendum

D'Ufro fir d'Ofhale vun engem Referendum war erfollegräich, wann d'Gesamtzuel vun de gëltegen Ënnerschrëfte, déi bannent deenen zwee Méint nom éischte Vott iwwert den Text vun der Verfassungsrevisioun an der Chamber gesammelt goufen (Art. 114 vun der Verfassung), mindestens bei 25.000 läit.

De Referendum

An dësem Fall muss de Referendum an engem Delai vu sechs Méint duerchgeféiert ginn. Wa Chamber- oder Europawale bannent deem Delai sinn, gëtt den Delai ëm sechs Méint verlängert.

Den Dag vum Referendum muss e Sonnden oder e gesetzleche Feierdag sinn. En däerf op kengem Fall an den dräi Méint virun oder no de Chamber- oder Europawale stattfannen.

Communiqué vum Staatsministère

 

Aktualiséiert