Message vum Premierminister Xavier Bettel am Kader vum Nationalfeierdag 2020

©SIP / Sophie Margue
Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État

 

Altesse Royale,

Här Chamberspresident,

Exzellenzen,

Dir Dammen an dir Hären,

Léif Matbierger,

Et ass haut en aussergewéinlechen Dag an enger ganz aussergewéinlecher Zäit.

Groussherzogsgebuertsdag, eisen Nationalfeierdag.

En Dag op deem mir traditionell zesumme sinn an eis Onofhängegkeet, eis Natioun, eist Land, eis oppe Gesellschaft an eis Fräiheet feieren.

Dëst Joer sinn d'Konditiounen awer anescht. Den Dag haut ass anescht a mir mussen op alles, wat mer gewinnt sinn, op eis léif gewonnen Traditioune verzichten.

Mir erliewen en Ament an der Geschicht vu Lëtzebuerg, wéi et en esou nach ni gouf.

Enn Mäerz ass den Alldag ënnerbrach ginn an d'Regierung huet misse Mesuren huelen, déi ganz déif an d'Liewe vu jidderengem agegraff hunn.

Et ass eis bewosst, dass de Mënschen zu Lëtzebuerg - ewéi och soss iwwerall op der Welt - vill zougemutt gouf.

Déi elementar Fräiheete vu jidderengem si limitéiert ginn, hu misse limitéiert ginn an der Lutte géint e Virus, deen op ville Plazen op der Welt – och ganz no bei eis – fir grousse Misär gesuergt huet.

Dat ware keng einfach Decisiounen, mee se ware néideg a richteg, wéi mer haut wëssen.

Et war net virauszegesinn, wéi d'Leit mat dëse Reegele géifen ëmgoen, wéi d'Verhale vun enger ganzer Gesellschaft tatsächlech kéint änneren a wat d'Auswierkung op d'Verbreedung vum Virus wier.

Haut wësse mer, dass et eng immens grouss Akzeptanz, Disziplin a virun allem Solidaritéit zu Lëtzebuerg gouf.

Et gouf eng enorm national Solidaritéit mat deene Mënschen, déi am vulnerabelste si fir schwéier krank ze ginn duerch de Virus oder eng Infektioun net ze iwwerliewen.

Mir hu bei eis Situatioune konnten evitéieren, wou de Gesondheetssystem kollabéiert wier, an dat ass de Verdéngscht vu jidderengem, deen zu Lëtzebuerg lieft, wunnt a schafft. Et ass duerch d'Akzeptanz an duerch d'Disziplin vun all eenzelnen, dass mer et zesumme gepackt hunn de Virus ze bekämpfen an d'Verbreedung enorm ze limitéieren.

Ech hunn immens grousse Respekt virun de Bierger vun eisem Land an all deenen, déi all Dag bei eis komme fir hei ze schaffen. Ech sinn dankbar an houfreg op dat, wat mer zesummen fäerdeg bruecht hunn.

Och wa mer dëst Joer keng Zeremonie hunn, wou Persoune fir besonnesch Verdéngschter geéiert ginn, wëll ech ervirhiewen, dass et där Mënschen den Ament ganz vill ginn.

Et sinn dat all déi, déi matgehollef hunn, dass eis Land weider funktionéiert huet zu engem Ament, wou dat besonnesch schwiereg war, et sinn déi sëlleche Fräiwëlleg, déi sech ëm déi méi vulnerabel Matbierger bekëmmert hunn, déi Benevolen an de Centre-de-soinen, d'Leit am Gesondheetsecteur, mee och all déi, déi matgehollef hunn, déi schwieregst Momenter z'iwwerstoen.

Dozou gehéieren och Dausende Frontalieren, déi all Dag ënner zäitweis schwierege Konditiounen op Lëtzebuerg schaffe komm sinn an deene mir enorm dankbar sinn.

Le Luxembourg est - et sera toujours un pays ouvert. Notre richesse culturelle, notre force, notre prospérité, notre passé et notre futur est étroitement lié au fait que le Luxembourg unit les différentes nationalités, contextes culturels et les langues. Nous en sommes fiers et reconnaissant.

Et gouf an et gëtt an dëser Zäit och Mënschen, déi et besonnesch schwéier haten, Mënschen, déi kierperlech a gesondheetlech ganz uerg ënnert de Mesurë gelidden hunn, Mënschen, déi grouss Ängschten haten oder ëmmer nach hunn, déi ëm hir Zukunft an hir Existenz fäerten. Et si Wonnen a Schied entstanen, déi een net vun engem Dag op deen aneren nees kann heelen. Do brauch et Zäit an et brauch weider déi Solidaritéit, déi mer och an de leschte Wochen erlieft hunn.

Ech sinn zouversiichtlech, dass mer och déi nächst Méint a Jore mat Zouversiicht kënnen ugoen an d'Kris no der Kris zesumme meeschteren.

Altesse Royale,

Léif Matbierger,

De Begrëff vun der Fräiheet huet an dëser Zäit eng nei Bedeitung kritt an et ass eis ganz däitlech bewosst gemaach ginn, wéi wichteg eis d'Fräiheet ass a wéi selbstverständlech et eis virkoum, dass ee fräi an onofhängeg ka liewen. Dat war net ëmmer esou a wa mer haut hei virum nationale Monument vun der Solidaritéit stinn, dann ass et och de Moment fir drun z'erënneren, dass mer eis Fräiheet zanter 75 Joer genéissen an erliewen, well et Mënsche gouf, déi wärend dem Zweete Weltkrich fir dës Fräiheet gekämpft a gelidden hunn.

Mir sinn eng Natioun an e Land a mir sinn en Deel vun der Europäescher Unioun, mir sinn e Partner an enger Gemeinschaft, wou et Wäerter gëtt fir déi mer eis och weider asetzen a fir déi mer och weider bereet sinn eis z'engagéieren. Dozou gehéiert d'Solidaritéit esou wéi de géigesäitege Respekt, an dozou gehéiert och d'Fräiheet ze liewen, wéi een et fir richteg hält, ze wunnen, ze schaffen an ze reesen, wou een et fir sech décidéiert an ze soen, wat een ze soen huet.

Déi Fundamenter vun eiser Demokratie a vun der Europäescher Unioun sollen a musse mir weider héich halen an eis dofir asetzen, well all Acquis ass nëmmen esoulaang garantéiert bis en a Gefor ass.

Op déi Europäesch Unioun kommen an de nächste Méint a Jore grouss Erausfuerderungen duer. Et gëllt d'Iddi vun der géigesäiteger Hëllef an Ënnerstëtzung och wierklech mat Liewen ze fëllen a gläichzäiteg eng staark Stëmm an der Welt ze sinn an als Staategemeinschaft och matzehëllefen de Fridden an der Welt ze erhalen a Konflikter z'évitéieren.

Ech sinn iwwerzeegt, dass d'EU staark genuch ass fir dat ze meeschteren, esou wéi ech och un eis eege Stäerkt a Wëllenskraaft gleewen.

Et ass eng aussergewéinlech Zäit a mir hunn an de leschte Méint och vill geléiert. Dat solle mer net alles vergiessen an déi positiv Aspekter versichen ze erhalen.

Ech wënschen Iech all e schéine Nationalfeierdag a widderhuelen am Numm vun der Regierung an a mengem perséinleche Numm meng Dankbarkeet a mäi Respekt.

Vive de Grand-Duc

Vive déi Groussherzoglech Famill

Vive eist Land

Aktualiséiert