Regierunsdeklaratioun am Kader vun der COVID19 Pandemie

Seul le discours prononcé fait foi. 

 

 

Monsieur le Président,

Mesdames et Messieurs,Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

 

Et ginn op den Dag vun haut 539.026 Doudeger weltwäit, déi mat Covid19 a Verbindung stinn, Mënschen di un den direkten oder indirekte Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn.

Zu Lëtzebuerg läit déi Zuel den Ament stabel bei 110 Doudeger, 110 Mënsche mat Famill, Frënn, Leit deenen si vill am Liewe bedeit hunn.

Et gëtt praktesch keng Plaz op der ganzer Welt, déi net betraff ass vun deem Virus.

Wou Mënsche sinn, ass de Covid19 a wou de Covid19 ass, ginn et Leit, déi sech ustiechen, déi krank sinn, schwéier krank sinn oder em hiert Liewe kämpfen.

Mir haten a mir hunn et mat enger Pandemie ze dinn, déi Mënscheliewe gefuerdert huet a weider fuerdert. Iwwerall op der Welt an och zu Lëtzebuerg.

Dofir war et a bleift et richteg, dass mer dee Virus ganz Eescht huelen an och ganz vill Ustrengunge maache fir d'Populatioun a besonnesch fir déi méi vulnerabel Matmënschen ze schützen.

Et kann ee ganz bestëmmt laang diskutéieren iwwert all méiglech Mesuren, déi an de leschte Wochen an Méint decidéiert gi sinn, mir mussen a mir wëllen och eenzel Aspekter a Fro stellen an aus der Vergaangenheet léieren.

Op engem Punkt sinn ech awer formell: De Schutz vu Mënscheliewen ass eis iewescht Prioritéit, eis ethesch, moralesch an och legal Obligatioun.

Et sti keng aner Interessen iwwert der Gesondheet vun der Populatioun an dofir huet d'Regierung och ganz fréi ugefaange Mesuren ze huele fir sécherzestellen, dass mer där Erausfuerderung kënne gerecht ginn an d'Leit zu Lëtzebuerg esou gutt ewéi méiglech kënne schützen a wann néideg behandelen. Mir hunn eng Verantwortung fir eis Matmënschen a besonnesch fir déi, déi méi vulnerabel sinn.

Dat ass déi eng Säit. An et gëtt déi aner.

Mir hunn alleguerten och eng Verantwortung fir déi mental Gesondheet vun der Populatioun, eng Verantwortung fir déi, déi duerch dës Kris gelidden hunn a leiden, ouni, dass se vum Virus selwer infizéiert oder krank goufen.

Och déi Realitéit huet eis vum éischten Dag un beschäftegt a beschäftegt eis weider.

Et gouf sech gefrot, firwat mer e Grupp zesummegestallt hunn vu Leit aus der Zivilgesellschaft, déi ganz verschidde Profiller hunn awer kee medezineschen Hannergrond. Et ass genee dowéinst. Et war an et bleift eis wichteg och déi Säit ze beliichten, déi an der Dagesaktualitéit dacks vergiess gëtt oder manner staark am Fokus steet.

Mir hunn déi Temoignagen, Erfarungen, Meenungen an Analyse vu Mënschen, déi sech mat ethesche Froen, mat sozialen, wirtschaftlechen a psychologesche Froe beschäftege ganz eescht geholl an eis an der Lutte géint de Virus och dorunner orientéiert.

Ech soen dat hei ganz éierlech a riicht eraus: Wann et der Regierung an de leschte Méint eleng drëms gaange wier d'Verbreede vum Virus ze limitéieren, dann hätt ee misse fir e Lockdown plaidéieren, deen och haut nach esou ass ewéi den 18. Mäerz.

Et ass awer, ewéi bal alles an dëser Kris wesentlech méi komplex an et gi méi Parameteren, ewéi d'Zuel vun den Neiinfektiounen, déi eis musse beschäftegen.

Am europäesche Verglach huet déi Lëtzebuerger Populatioun de Confinement an der Majoritéit gutt iwwerstanen an et ginn natierlech och déi positiv Aspekter. Et si Leit, déi dës Zäit fir sech selwer genotzt hunn an och méi Zäit mat hire Matmënschen, mat hirer Famill konnte verbréngen an dat als positiv zeréckbehalen. Mee dat gëllt net fir jiddereen.

Et ass eis an dëser Phase och bewosst ginn, wat Fräiheet bedeit, wat et heescht, dass ee kann queesch duerch Europa reesen ouni Grenzkontrollen. Et ass eis bewosst ginn, wat Sécherheet, Stabilitéit an en allgemengt Wuelbefannen fir eng Bedeitung kann hunn. Dat, wat eis selbstverständlech, normal a sécher geschéngt huet, war op eemol net méi do. Vill Mënschen hu sech extrem agëengt gespuert a net wuel.

Erlaabt mer an deem Kontext op eng Etüd ze verweisen, déi viregt Woch publizéiert gouf an u sech relativ wéineg thematiséiert gouf. De Statec huet de sozialen an ekonomeschen Impakt vum Covid19 ënnersicht a sech notamment op déi mental Gesondheet konzentréiert. Deemno seet en Drëttel vun de Leit zu Lëtzebuerg, dass hir psychesch Verfassung duerch dës Kris méi schlecht ginn ass a besonnesch bei deene Jonken ass dësen Taux ganz héich. An der Alterskategorie 18-44 Joer soe 37% vun de Leit, déi gefrot goufen, dass hier mental Gesondheet an de leschte Woche gelidden huet. Et si sozial Ängschten, Perspektiven, déi verluer gaange sinn, Existenzen, déi a Fro gestallt ginn. Ronn e Véierels vun de Leit maachen sech Suergen em hir Aarbechtsplaz a ginn dervun aus, dass hir berufflech Zukunft net sécher ass. Dat sinn Zuelen, déi eis solle beschäftegen an op mannst esou vill interesséieren, ewéi déi vun de neien Infektiounen.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

D'Gestioun vun dëser Krise vun der sanitärer, der ekonomescher, an der sozialer Kris ass nach laang net eriwwer a mir sinn alleguerte weider gefuerdert eist bescht ze maachen am Sënn vun der Allgemengheet. Et ass an de leschte Woche vill ënnerholl ginn, et sinn all Dag, zum Deel am Stonnentakt Decisioune gefall, déi déifgräifend Konsequenzen hate fir all eenzele Bierger. Et gouf kee Beispill un deem mer eis konnten orientéieren an et blouf och dacks net vill Zäit tëscht Informatioun, Consultatioun an Decisioun. Et ass mer bewosst, dass et dobäi och zu Inkoherenze komm ass a Messagen net kloer oder novollzéibar waren. Mir hunn iwwert déi lescht Wochen ewech vill derbäi geléiert. Esou wuel iwwert de Virus selwer, iwwert d'Ustiechungsweeër, iwwert d'Geféierlechkeet, iwwert d'Vulnerabilitéiten an iwwer Schutzmesuren, an d'Effikassitéit vun de sougenannte Gestes-Barrière.

Dat war e Prozess, deen sech permanent entwéckelt huet an och nach elo ëmmer weider entwéckelt. D'Fuerschung huet sech weltwäit intensiv mam Coronavirus beschäftegt an empiresch Etudën hunn eis erlaabt lues a lues méi kloer ze gesinn. Esou wësse mer haut, dass de Social Distancing an och de Mond- a Nueseschutz ganz effikass Moossname sinn, mir wëssen och méi iwwert d'Ustiechungsweeër a kënnen zum Beispill feststellen, dass de Risk vun enger Infektioun iwwert indirekt Weeër ganz minim ass, duerch d'Aerosolen an der Loft duerfir awer ëmsou méi grouss. Mir wëssen och haut, dass haart schwätzen a jäizen a geschlossene Raim dee beschten Environnement ass fir d'Verbreeden, d'Interaktioun dobaussen awer e manner grousse Risiko mat sech bréngt. Mir wëssen och dass Kanner definitiv manner ufälleg si fir de Virus a manner Symptomer weisen. Dat huet als Corollaire, dass si och de Virus manner iwwerdroen. Et gëtt ausserdeem och Indice vun der Wëssenschaft, dass déi Jonk, sech och selwer manner séier ustiechen, well se manner Rezeptoren hunn, wou de Virus kann undocken.

Mir hunn an de leschte Wochen a Méint extrem vill geléiert an ech gi gären zou, dass d'Strategie vun der Regierung iwwert de Verlaf vun der Zäit och ugepasst a geännert gouf. Esou ass zum Deel kritiséiert ginn, dass notamment bei der Fro vun der Effikassitéit vun de Masken d'Meenung sech lues geännert huet. Et wier awer falsch gewiescht stuer ze sinn, wann ee mierkt, dass et eng Evolutioun gëtt. Ech si frou, dass mer net bei den éischte Recommandatioune vu WHO an Europäesch Gesondheetsagence bliwwe sinn a relativ fréi derzou iwwergaange sinn déi Masken an eisen Alldag ze integréieren.

Déi essentiell Fro ass haut, wat fir eng Léieren hu mer aus de leschte Méint gezunn a wat kann een haut an och an Zukunft anescht maachen. Déi Fro ass eng aner ewéi "Wat hätt een anescht gemaach? ”. Do sinn ech nämlech formell: Ech stinn hannert all eenzelem Schrëtt, dee mer gaange sinn, well ech der Iwwerzeegung sinn, dass et ëmmer an där Situatioun a mam deemolege Wëssensstand déi richteg Decisioun war.

Elo awer si mer méi wäit.

Mir hunn eng aner Situatioun, en anere Wëssensstand a mir hunn virun allem och eng ganz aner Situatioun, wat eise Gesondheetssystem betrëfft a si wesentlech besser opgestallt. D'Madamm Gesondheetsminister geet nach op déi Aspekter méi am Detail an haut de Mëtteg, mee ech ech kann Iech versécheren, dass mer esou gutt opgestallt sinn, wéi een et nëmme ka sinn an der Lutte géint dee Virus.

Erlaabt mer an deem Kontext eng Kéier den Historique ze maachen, wéi mer an de leschte Méint virgaange sinn.

Et war den 22. Januar dëst Joer, wou ech selwer den Haut Commissariat à la Protection Nationale an de Gesondheetsministère gefrot hunn fir eng Evaluatioun ze maache vun der Situatioun a China, wat den Ëmgang mam Coronavirus betrëfft an zwee Deeg méi spéit gouf et eng Diskussioun am Regierungsrot. Den 29. Januar – also genee ee Mount ier et zu Lëtzebuerg den éischte Covid19 confirméierte Fall gouf - ass eng interministeriell Reunioun aberuff ginn tëscht Staatsministère, Santé, Ausseministère, Mobilitéit, CGDIS a Luxairport an et ass och mat der Cargolux Kontakt opgeholl gi fir iwwer Mesuren um Fluchhafen ze diskutéieren, vu dass do eis Haaptachse mat China besteet.

Vun do un, gouf et reegelméisseg Kontakter ënnerteneen an de Ministèren, tëscht Santé an HCPN mat Entreprisen an Secteuren. Mir hunn de 7. Februar eng éischt gréisser Commande vu Schutzmaterial beim Comptoir pharmaceutique gemaach. Mir hunn Mëtt Februar eng méiglech Pandemie antizipéiert an éischt Pläng opgestallt. De 26. Februar - also 2 Wochen, ier d'Weltgesondheetsorganisatioun d'Pandemie ausgeruff huet - gouf et zu Lëtzebuerg eng éischt offiziell Reunioun vun der Cellule de Crise Pandemie fir verschidde Scénarien duerchzespillen. Duerno gouf et all Dag Coordinatiounsreunioune mat verschiddenen Acteuren a Secteuren, mir hunn eis mat eisen Nopeschlänner concertéiert an dat op verschiddenen Niveau'en.

Den 12. Mäerz gouf et déi éischt lokal Ustiechung op Lëtzebuerger Territoire an de Regierungsrot ass zesummekomm fir nach virun eisen Nopeschlänner éischt Mesuren ze decidéieren, notamment d'Fermeture vun de Schoulen an de Betreiungsstrukturen, et si Reegelen agefouert gi fir déi méi vulnerabel Mënschen ze schützen, Evenementer si begrenzt ginn a mir hunn déi ganz wichteg Decisioun geholl, dass Elteren, déi bei hire Kanner musse sinn op de Congé pour raisons familiales kënnen zeréck gräifen.

De 15. Mäerz schliisslech sinn déi Mesurë geholl ginn, déi mer als Lockdown bezeechnen a wou d'Liewen zu Lëtzebuerg zu engem totale Stëllstand komm ass.

De 16. Mäerz, Méindegmoies war den Alldag en aneren.

D'Leit sinn opgeruff ginn doheem ze bleiwen, déi sozial Kontakter net just anzeschränke mee praktesch komplett ze evitéieren an nëmmen nach déi allernéidegst Deplacementer ze maachen, d'Schoule sinn eidel bleiwen, et ass sech iwwerall wou et gaangen ass op Téletravail ëmgestallt ginn, dat soziaalt a kulturellt Liewen ass ënnerbrach ginn. Ausser dem Wee op d'Aarbecht fir déi, wou et net ze evitéiere war, gouf et praktesch keng Deplacementer méi. Dat sinn elo gläich 4 Méint hier a mir tendéieren derzou villes ze vergiessen oder ze verdrängen, mee et ass wichteg, dass mer den Ufank vun deene Mesurë ganz genee an Erënnerung behalen.

Et ware ganz schwiereg Decisiounen an et ass kengem einfach gefall. Wéi d'Chamber e puer Deeg duerno d'Gesetz vum Etat de Crise gestëmmt huet, ass hei vun alle Riedner ënnerstrach ginn, dass et eng exzeptionell Situatioun ass an dass d'Aschränke vu Fräiheete bei jidderengem e schlecht Gefill ausléist. Eng oppe Gesellschaft wéi mer se kennen ass net gemaach fir e Confinement an ech kann Iech soen, dass dat och fir d'Regierung a fir mech perséinlech mat Ofstand dat schwieregst war, wat ech bis elo hu missen decidéieren. Mee mir hunn et deen Ament ebe misse maachen. Et gouf keng Alternativ a wa mer haut zeréck kucken, da confirméiert d'Evolutioun vun der Pandemie zu Lëtzebuerg och d'Richtegkeet vun där Virgoensweis.

Mir hunn déi Zäit genotzt, wou de Virus duerch de komplette Stëllstand gebremst gouf fir eis weider ze preparéieren. Spideeler sinn opgerüst ginn, et gouf en Opruff iwwer de Portail GovJobs fir Fräiwëlleger ze rekrutéieren, Personal aus dem Gesondheetssecteur ass ad hoc agestallt ginn, mir hunn eng Annexe vun engem Spidol praktesch iwwer Nuecht opgeriicht, et si 4 Centres de soins am Land installéiert ginn a mir hunn massiv Material besuergt fir op dat schlëmmst preparéiert ze sinn.

Just fir Iech en Iwwerbléck ze ginn, wat dat heescht, wann ech soen "Mir hu Material besuergt”

  • De 7. Februar ass, wéi scho gesot beim Comptoir Pharmaceutique eng Commande vir iwwer 70.000 FFP2 Maske gemaach ginn.
  • De 5. Mäerz hu mer zesummen mam Procurement vun der EU Commissioun iwwer 2 Millioune Maske bestallt
  • Duerno de 17. Mäerz si 50.000 Tyvek Costumer fir de Gesondheetssecteur, Händchen an 300.000 Maske bei verschiddene Fournisseure bestallt ginn.
  • Vun deem Ament un huet d'Cellule logistique am Gesondheetsministère op Héichtoure geschafft an iwwerall op der Welt no Material gesicht an och Commandë gemaach.
  • Den 19. Mäerz sinn eleng 5 Millioune chirurgesch Masken an iwwer 1 Millioun FFP2 Maske bestallt ginn, 150.000 Schutzbrëller an 1 Millioun Schutzkostümer.

Och an den Deeg duerno hu mer mat verschiddene Fournisseuren op der Welt zesummegeschafft a Material besuergt fir an der Haaptsaach de Gesondheetssecteur beschtméiglechst ze equipéieren. Mir konnten d'Zuel vun de Beootmungsapparater kontinuéierlech an d'Luucht setzen, esou dass mer haut eng Capacitéit hunn, déi och gréisseren Ufuerderunge géif Stand halen. Wat eleng d'Material betrëfft si mer haut prett fir op d'Mannst 180 Patienten intensivmedizinnesch ze betreien. An engem Noutfall kann déi Zuel weider no uewen ugepasst ginn. Um Material feelt et den Ament net. Allerdéngs hu mer Limitten, wat d'Personal betrëfft fir déi Patienten och 24h/24 kënnen ze versuergen.

Mir hunn an dëser Kris immens vill dervu profitéiert, dass Lëtzebuerg weltwäit staark vernetzt ass. Eise Lien mam asiatesche Raum an déi gutt Connectioun a Richtung China duerch d'Cargolux war e wichtegen Atout.

Et ass ganz bestëmmt richteg, dass och ganz vereenzelt Commandë gemaach gi sinn, déi net dat erfëllt hunn, wat sech versprach gouf. En général kann een awer soen, dass mer och um Héichpunkt vun der Kris d'Fournisseure gepréift a géigepréift hunn an doduerch, dass och Leit mat an der Cellule logistique als Benevoller geschafft hunn, déi an hirer Mammesprooch konnte mat de Fournisseuren op der ganzer Welt schwätzen, hu mer net just vill areecht mee och vill konnten evitéieren.

Allgemeng ass et wichteg eng Kéier ze ënnersträichen, dass um Héichpunkt vun der Kris Villes fonctionnéiert huet, well eenzel Mënschen sech engagéiert hunn. Dat gëllt fir déi sëllegen Bénevoller op ville Plazen. Leit, déi spontan décidéiert hunn sech em anerer ze këmmeren,an déi besonnesch vulnérable Persounen ze schützen andeems se fir si Deplacementer gemaach hunn. Et gëllt awer och vir déi vill Leit, déi an der Zäit vum Confinement Aussergewéinleches op hirer Aarbecht geleescht hunn. Am Gesondheetssecteur war den Drock een Ament ganz héich an d'Konditiounen fir ze schaffen ganz schwiereg. Mir tendéieren derzou och dat ze vergiessen, mee et gouf eng Period, wou d'Centres de soins ausgelaascht a vill Leit krank waren. Do ass Aussergewéinleches geleescht ginn. Grousse Respekt hunn ech awer och fir all déi aner Beruffer, déi manner am Fokus stoungen, déi awer och essentiell derfir waren, dass an der Zäit vum Lockdown de Staat an eist Land weider fonctionnéiert huet, dass d'Regaler an de Supermarchéeën gefëllt an d'Poubellen eidel gemaach goufen. Dass geliwwert gouf, wat bestallt ginn ass a gefléckt gouf, wat huet misse gefléckt ginn.

Déi Zäit hei ass eng Zäit vun der Solidaritéit. Ech ginn e net midd dat ze ënnersträichen. Et war eng Zäit vun der Solidaritéit an et muss dat och weider bleiwen. Grad elo.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

"Alles zoumaache war einfach, nees opmaachen ass méi schwiereg”. Ech hunn dat an de leschte Méint relativ dacks héieren. Et ass net ganz falsch awer och net ganz richteg. Alles zoumaache war nämlech iwwerhaapt net einfach. Ech krut ganz fréi Temoignagë vu Mënschen, déi extrem ënnert der Situatioun gelidden hunn, an zwar net just wéinst deem ekonomeschen Aspekt, mee eben och wéinst de Kollateralschied vun deem Confinement. Mir si mat Zuelen a Statistike konfrontéiert ginn, déi eppes aussoen iwwer Violences domestiques, de Mëssbrauch vu Kanner, well all natierlech Kontrollinstanzen, ewéi Schoul, Famill, Frënn oder Veräinsliewen net méi fonctionéiere konnten. "Zoumaachen” war net einfach. Wierklech net.

Duerch e groussen an exemplareschen Effort vum Léierpersonal an duerch engagéiert Mënschen am psycho-soziale Secteur konnten déi meescht extrem Situatioune warscheinlech evitéiert ginn. Déi allermeeschte Kanner a Jonker si gutt encadréiert gewiescht an de Suivi duerch d'Leit um Terrain huet fonctionéiert an dat verdéngt och eise Respekt.

"Zoumaachen” war och net einfach, well mer wossten, dass dat déifgräifend Konsequenzen hat fir déi eeler Leit a besonnesch fir déi, déi an Alters- oder Pfleegerheemer liewen a besonnesch ufälleg sinn fir schwéier krank ze ginn, wa se sech infizéieren. Deen Zoustand fir iwwert eng länger Zäit kee Kontakt dierfen ze hunn mat Leit vu baussen, d'Famill an déi enk Frënn net dierfen ze gesinn oder an den Aarm ze huelen. Et gouf do ganz schwiereg Momenter fir vill eeler Mënschen an hir Familljen an et hu missen schwiereg Decisiounen geholl ginn. D'Regelen sinn iwwert de Verlaf vun der Kris permanent ugepasst ginn. Et gouf e permanent Ofweihen an de Strukturen tëscht dem Risiko vun enger dacks liewensgeféierlecher Infektioun an der Opportunitéit vun enger Visite vun der Famill. Dat war och fir déi Verantwortlech an den Alters- a Pfleegeheimer e groussen Drock. An dat selwecht gëllt och fir Strukturen, wou leit mat enger Behënenrung liewen an wou et och zum Dele ganz ugespaanten Situatiounen gouf, well d'gefill vun der Isolatioun dominéiert huet. "Zoumaachen” war also ganz bestëmmt net einfach an et ass keen Zoustand, wou ee wëll, dass e sech widderhëlt.

 Et ass awer richteg, dass "nees opmaachen” och net einfach war. Mir hunn eis ganz fréi mat der Fro ausernee gesat, wéi mer, wéini nees kënne lues en Iwwergank zu engem méi normalen Alldag kënnen organiséieren. E Grupp vu Chercheuren aus dem Lëtzebuerger Fuerschungsberäich an de verschiddenen Instituter ass scho kuerz nom Vote vum Etat de Crise zesummegesat ginn an huet e Suivi gemaach esou wuel vun den Infektiounszuelen, ewéi och vum Impakt vum Lockdown an et si Modellisatiounen opgestallt ginn. Déi Task Force ënnert dem Lead vum LIH huet onofhängeg geschafft a méiglech Scénarie publizéiert, déi eis wichteg Date geliwwert hunn.

Enn Mäerz ass e Grupp zesumme gesat ginn tëscht Staatsministère, HCPN, Gesondheetsministère an Direktioun Santé fir eng Analys ze maache wéi eng méiglech Sortie aus dem Confinement kéint organiséiert ginn.

Et goufen iwwert e puer Deeg Reunioun mat all de Ministèren, déi hirersäits Récksprooch mat de respektive Secteure geholl hunn. Et ass sech en Iwwerbléck verschaaft gi vun der Bedeitung an dem Impakt vun de Mesuren op déi verschidde Liewensberäicher, op der ekonomesch Secteuren, mee och beispillsweis den Impakt op d'Familljen, op déi sozial méi schwaach an eiser Gesellschaft an op déi eeler Leit, déi eleng doheem oder an engem Alters- oder Fleegeheim wunnen. Dernieft gouf et e permanenten Echange mat der Uni Lëtzebuerg an eng Evaluatioun vun de Recommandatiounen op internationalem Niveau.

Et si verschidde Scénarien duerchgespillt gi fir e méigleche Wee eraus dem Confinement ze fannen, ouni, dass de Risiko vun engem exponentielle Verbreede vum Virus ze grouss wier. Esou hu mer Clusteren identifizéiert, déi e gewëssene Mouvement an der Populatioun verursaachen an dobäi net just d'Zuel vun de Leit gekuckt, mee och em wéi en Deel vun der Populatioun et geet. Esou sinn a verschiddene Beruffssparte beispillsweis méi vulnerabel Persounen, ewéi an aneren. Mir hunn eis am Ufank 3 an duerno ëmmer eng Zäit vun 2 Woche gi fir d'Entwécklung kënnen ofzeschätzen an d'Verbreede vum Virus ze kontrolléieren.

Ech weess, dass dat net ëmmer zu 100% novollzéibar erschéngt huet an dass och Inkoherenzen net ze evitéiere waren. "Firwat dierf deen een op hunn an deen aneren net?”. Dat war dacks op den éischte Bléck schwiereg novollzéibar, mee et hu misse Choix'en gemaach gi fir déi sozial Kontakter esou wuel an der Zuel, ewéi och an der Qualitéit kënnen ze modeliséieren, nozevollzéien an ze monitoren.

Dat ass eis och gelongen an d'Strategie fir d'Zuelen niddereg ze halen trotz dem Reaktivéieren vum beruffleche Liewen huet gutt fonctionnéiert. Weder modeems d'Schoulen nees opgaangen sinn, nach no den Ouverturen am Commerce an dem Horesca sinn d'Infektiounen considérabel an d'Luucht gaangen. De wierkleche Changement an der Zuel vun den Neiinfektiounen koum nodeems d'Regelen am private Beräich manner streng goufen an mir stellen och fest, dass e groussen Deel vun den Infektiounen elo op dee Beräich zeréck ze féiere sinn.

E wichtegen Deel vun der Exit Strategie ass iwwert d'Zäit dann och ëmmer méi de ganze breeden Asaz vun den Testméiglechkeete ginn.

Et ass eng ganz einfach Equatioun: Ouni en Testing a Retracage vun de Kontakter wier en Iwwergank zu der Normalitéit ni méiglech gewiescht an och an Zukunft net méiglech. Mir maachen haut e ganz grouss ugeluechten Testing an dat op zwou Achsen; Engersäits ginn all d'Leit mat Symptomer systematesch getest an anerersäits ginn d'Leit allgemeng opgeruff sech testen ze loossen. Mir kréien doduerch e Bild iwwert d'Verbreede vum Virus, wéi et esou praktesch eenzegaarteg op der Welt ass. Mir wëssen immens vill a Wëssen ass de Schlëssel fir d'Bekämpfe vum Virus.

D'Madame Lenert stellt de Mëtteg och déi nächst Schrëtt an eiser Teststrategie vir an ech sinn iwwerzeegt, dass mer doduercher och weider esou gutt opgestallt sinn, wéi een nëmme ka sinn.

Dat gëllt och fir de Retracage. Et gëtt ëmmer nach vill diskutéiert iwwert déi richteg Aart a Weis an d'Méiglechkeet vum Asaz vun engem digitalen Tracing soll een natierlech och ouni Virurteeler a falsch Hoffnungen diskutéieren. D'Chamber huet decidéiert, dass dat haut nach emol soll separat diskutéiert ginn. Ech kommen hei awer net derlaanscht déi grondsätzlech Fro unzeschwätzen.

"Mir brauchen eng App”. Et gëtt eng App fir alles, da muss et och eng gi fir géint de Covid19 virzegoen. Firwat ass grad e Land, wat Innovatioun an Digitaliséierung als Prioritéit definéiert huet, éischter skeptesch, wann et em eng App geet?

Et wier einfach net richteg sech op eppes ze verloossen, wat net effikass ass – an dass esou eng Applikatioun um Handy just ënnert verschiddene Konditiounen wierklech effikass ass, do ass och d'Wëssenschaft sech eens.

Wat muss een hunn? Esou eng App muss vun engem ganz groussen Deel vun der Populatioun net just erofgelueden, mee och genotzt ginn. Dat huet bis elo nach a kengem anere Land fonctionéiert. An Däitschland gouf et eng ganz grouss Campagne mam Resultat, dass op den Dag haut knapps 15 Millioune Mënschen en Download gemaach hunn. An der tëscht sinn do awer och Bierger vun aneren europäesche Länner derbäi – dorënner Lëtzebuerg. Esou guer wann et just däitsch Resident'en wieren, ass een ëmmer nach bei manner, ewéi 20% vun der Populatioun, déi en Download gemaach hunn.

An Däitschland ass de Spëtzereider den Ament. An der Schwäiz läit den Taux bei 12%, an Éisträich bei 7,6% an Italien, bei eppes iwwer 6% an a Frankräich bei 2,7% vun der Populatioun, déi en Download gemaach hunn – woubäi a Frankräich bal d'Hallschent vun de Leit déi App och schonn nees geläscht hunn. Norwegen huet an der tëscht déi App nees vum marché geholl an all d'Donnéeen geläscht, déi bis dohin gespäichert goufen. Et waren och do jhust knapp 10% vun der Populatioun, déi d'App installéiert haten.

60% vun der Populatioun bräicht een awer fir dass esou en Tracing wierklech ka fonctionéieren. 60% Notzer, net just Downloads. An een, déi dës Applikatioun huet, ass net onbedéngt och gewëllt säi positiivt Resultat wierklech digital ze mellen. Et dierf een also déi tatsächlech plus-value a Fro stellen.

Mir hu vun Ufank un déi Entwécklung verfollegt an nach gëschter war erëm en Aarbechtsgrupp vun Santé, Inspection sanitaire, Digitaliséieruns- a Staatsministère beieneen fir de Point ze maachen. An et bleiwen ganz grouss Zweifel iwwert den tatsächlechen Notzen.

Wierklech effikass kann esou en digitalen Tracing sinn, awer ënner Viraussetzungen, déi kaum ze acceptéieren sinn an och an aneren Länner net applizéiert ginn. Et géif ënnert anerem viraussetzen, dass eng Inspection sanaitaire och en Zogrëff op d'Donnéeen hätt, an och am beschten kéint proaktiv e positivt Testresultat engem Utilisateur zouuerdnen.

Fir mech steet dat net am Verhältnis. Et ass ze vill en Agrëff an d'Intimitéit an an d'Fräiheet vum Mënsch an ech hunn och ganz sérieux Bedenken, wat d'Cybersecuritéit betrëfft.

Mir setzen op eng Léisung, déi fir Lëtzebuerg adaptéiert ass a mir si bereet, déi Léisung och weider ze verstäerken: Den analogen Tracing. Et ass en extrem effikasse Wee – och wann et natierlech punktuell schwiereg ass.

An da wëll ech awer och nach emol ënnersträichen: Mir verschléissen eis net komplett enger digitaler Léisung a suivéiere weider d'Entwécklung. Mir hunn an dëser Kris nämlech och geléiert, dass een näischt komplett ka virausgesinn an am beschten huet sech op all Scéanrio anzestellen. Mir si mat eise Partner an Europa a Kontakt léiere vun deenen Erfarungen an et gouf och festgehalen, dass mer notamment mam Robert-Koch Institut an Däitschland e Wee sichen, wéi een am Noutfall déi däitsch App kéint op Lëtzebuerger besoin'en adaptéieren. Parallel gëtt de legale Kader virbereed.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Zil vun der Strategie an der Lutte géint de Virus an och beim Deconfinement war et ëmmer a bleift et och an Zukunft fir - éischtens: eng linear Courbe vun Neiinfektiounen ze hunn, eng flaach Courbe a keng déi ze séier no uewen aus schléit an - zweetens – fir sécher ze stellen, dass eise Gesondheetssystem net iwwerlaascht gëtt.

Dat hu mer bis elo gepackt an ech sinn och zouversiichtlech, dass mer dat weider packe – wa mer och weider eng gewëss Rigueur weisen a Solidaritéit beweisen. Mir wëlle keen zweete Lockdown. Et wier net gutt fir eis Gesellschaft, net fir eis sozial Cohésioun an net fir eis Ekonomie.

D'Regierung huet an de leschte Méint Mesurë geholl fir d'Wirtschaft ze ënnerstëtzen, wéi et se an deem Ausmooss zanter dem zweete Weltkrich net gouf. Et si Mesuren déi d'Betriber geschützt hunn a weider schützen, Mesuren, déi hëllefen Aarbechtsplazen ze erhalen an domadder och den Zesummenhalt an der Gesellschaft stäerken. De Chômage partiel, deen direkt op all Secteuren ausgeweit ginn ass, déi vun der Kris betraff waren, d'Optioun vum Congé pour raisons familiales an och déi Direkthëllefen, déi ausbezuelt gi si fir Liquiditéiten ze garantéieren, hunn hiren éischten Test bestanen.

Am Abrëll, um Héichpunkt vum Confinement waren 148.000 Leit zu Lëtzebuerg am Chômage partiel. Et gëtt do kee Précedent. An déi verschidde Mesuren an Aiden hunn natierlech en direkten Impakt op d'Staatsfinanzen. An dat esou wuel bei den Depensen, ewéi awer och bei de Recetten.

Esou sinn alleng am Mount Mee dëst Joer iwwer 900 Milliounen Euro manner era komm, ewéi am selwechte Mount lescht Joer. Dat ass e Minus vun 11%. Zum Deel ass dat drop zeréckzeféieren, dass mir decidéiert hunn de Betriber d'Méiglechkeet ze ginn hir Avancen an och d'Deklaratiounen ze reportéieren, mee awer och bei der TVA an den Accisë gouf et e massive Minus vun iwwer 20%.

Op der anerer Säit sinn Depassementer zum Budget autoriséiert ginn an enger Envergure vun 1,94 Milliarden Euro. Dovunner sinn 1,24 Milliarden Euro och schonn effektiv ausbezuelt oder engagéiert. Elleng fir d'PME'en sinn et Aiden an enger Héicht vun 714 Milliounen Euro an et sinn 705 Milliounen Euro un extraordinären Dotatiounen an de Fonds pour l'emploi gefloss. D'Gestioun vun der Kris selwer, huet de Staat bis den 31. Mee ronn 178 Milliounen Euro kascht. Mir hunn am Abrëll en Emprunt vun 2,5 Milliarden Euro zu engem Taux negativ konnte maachen an am Juni huet Lëtzebuerg weider sech Liquiditéiten an enger Héicht vun 350 Milliounen Euro verschaf. An och an de nächste Méint wäerte mer eis weider Liquiditéiten op de Marchéeën verschafen. Dat ass net iwwerraschend awer natierlech aussergewéinlech.

Domadder huet de Staat sech d'Moyen'en ginn fir ze investéieren. Et si keng geplangten Ausgabe gestoppt ginn. Esou sinn op den 31. Mee ronn 550 Milliounen Euro investéiert ginn. An déi Investissementer si wichteg, well se hëllefen Aarbechtsplazen ze erhalen.

Mir mussen eis drop astellen an dermat ausernee setzen, dass d'Staatsfinanzen och déi nächst Méint a warscheinlech Joren ënnert engem gewëssen Drock sinn.

Den Ament si mer net an enger déifgräifender Wirtschaftskris, mee d'Situatioun ass ugespaant a bleift ugespaant. De Chômage ass an de leschten zwee Méint staark an d'Luucht gaange vun engem Taux am Februar vu 5,5% op 7% am Juli.

Et gëtt eng Hausse vun iwwer 33% par Rapport zum selwechte Mount lescht Joer. Dat sinn iwwer 5.000 Leit méi, déi dëst Joer am Mee bei der ADEM ageschriwwe waren, ewéi nach 2019. An dobäi fält virun allem op, dass déi Jonk, an der Alterskategorie 16-24 Joer besonnesch betraff sinn. Hei ass et Progressioun vu plus 59%! Déi Jonk, déi nei um Aarbechtsmarché sinn, gehéieren zu de grousse Verléiere vun dëser Kris. Dat muss ee ganz däitlech soen an dofir musse mer och all Kräften drop setzen fir deem entgéint ze wierken.

Mir hunn d'lescht Woch d'Tripartite zesummegeruff an eis mat de Sozialpartner op éischt Mesuren am Kader vun der Lutte géint de Chômage gëeenegt. Et geet drëms Perspektiven ze schafen an eis och do ze preparéieren op eng Evolutioun, déi am Gaang ass sech unzedeiten. Grad, well vill Jonker betraff sinn, gëtt d'Aide à l'embauche reforméiert an ausgewäit op d'Demandeurs d'emploi ënner 45 Joer, de stage à l'embauche gëtt opgemaach fir Jonker ënner 30 Joer an och beim Contrat de Reinsertion gëtt de Mindestalter vu 45 op 30 Joer erof gesat.

D'Entreprisë ginn duerch Primmen encouragéiert Léierplazen ze schafen an et gëtt en Incentive fir den Entrepreneurship agefouert. Déi ëffentlech Hand iwwerhëlt och hier Responsabilitéit als Employeur a mir engagéieren eis fir oppe Plazen och ze besetzen an net de roude Bic unzesetzen an am Kader vun den OTI Kontrakter sollen och verstäerkt Leit fir d'utilité publique agesat ginn.

Laangfristeg brauche mer gutt ausgebilte leit an dofir gëtt eng Taskforce am Beräich vun den Talenter an der Ausbildung geschaf, de Comité de Suivi vun der ADEM gëtt ëmorganiséiert fir de Lien tëscht Entreprisen an hire Besoine'en mam Aarbechtsmaart nach ze verbesseren. Ausserdem wäerte mer och eng Taskforce asetzen mat de Sozialpartner fir Investissementer ze beroden.

Dat si weider Schrëtt vun engem nationalen Effort fir Perspektiven ze erhalen an neier ze schafen. Et wäert awer domadder net ofgeschloss sinn. Mir mussen eis och an de nächste Méint weider mat der Situatioun ausernee setzen a virun allem brauche mer déi néideg Informatiounen, déi zum groussen Deel haut nach net hunn.

Mir wëssen haut net wierklech wéi héich de Chômage Enn dës Joers wäert sinn an och net wéi dat strukturell ausgesäit. Et mécht e groussen Ënnerscheed, ob et zu enger weltwäiter Rezessioun an alle Beräicher kënnt oder ob et sech op verschidde Secteure limitéiert. Et ass haut net virauszegesinn, wéi d'Vertraue vun de Consommateuren sech weider entwéckelt a wéi vill Betriber bereet si weider ze investéieren.

Et ass dofir haut ze fréi fir wierklech kënnen ze soen, wéi d'Situatioun sech fir Lëtzebuerg an Europa presentéiert an dofir ass et haut nach ze fréi fir an aller Serenitéit Previsiounen ze maachen, wou eis Prioritéiten an Zukunft wäerte leien.

 

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Mir schwätzen elo an dësen Zäiten, wou d'Zuel vun den Neiinfektiounen nees am Gaang ass an d'Luucht ze goen vill vun der zweeter Vague.

D'Madamm Lenert huet et schonn d'lescht Woch hei am Kader vun enger Aktualitéitsstonn ënnerstrach: Et war eis vun Ufank un kloer, dass een esou laang, wéi et kee Vaccin gëtt, muss mat weideren Infektioune rechnen an och dermat, dass déi Zuelen erop ginn. Esou laang, wéi mer dat kënne monitoren, suivéieren an novollzéien, ass dat och net alarmant an ze geréieren. Et geet eis drëms ze evitéieren, dass d'Zuel vun den Neiinfektiounen explodéiert an déi méi vulnerabel Persounen och ugestach a schwéier krank ginn. Dofir ass et a bleift et wichteg, dass jiddereen sech weider bei der eegener Nues hellt a sech an déi aner Leit protegéiert. Dofir ass et a bleift et wichteg, dass mer de social distancing respektéieren an eis un d'Reegelen halen. Dofir ass et a bleift och wichteg, dass een sech teste léisst.

Mir hunn, wéi scho gesot, immens vill geléiert an mir sinn op ville Niveaue vill besser opgestallt. Mir wësse méi an hunn dat néidegt Material fir eis ze wieren. Mir wëllen et awer net esou wäit komme loossen, dass mer eis musse mat allem wieren, wat mer hunn.

Precautioun ass a bleift dofir den ieweschte Prinzip. Et gëtt Situatiounen, déi ee muss evitéieren an dat ass virun allem, dat wat, mer ënnert dem Begrëff "Party” zesumme gefaasst hunn. Domadder ass déi Situatioun gemengt, wou vill Leit iwwert eng laang Zäit no beieneen an engem Raum sinn a matenee schwätzen oder wéinst vill Kaméidi éischter jäizen, ewéi schwätzen. Dee Scéanrio muss evitéiert ginn an zwar esou wuel am Privaten, ewéi am ëffentlechen, well et genee déi Situatioun ass, déi derzou féiere kann, dass d'Situatioun derapéiert.

Et ass essentiell, dass sech un d'Regelen gehalen gëtt. Dat gëllt och fir den Alldag a besonnesch d'Undoen vun engem Masque, respektiv engem Mondschutz, wann een a Kontakt mat aneren ass an d'Diszanzen net kann anhalen. Am ëffentlechen Transport, am Commerce, an ëffentlechen Gebaier an och am Restaurant oder Bistro, wann e enet op sengem Dësch setzt. Et ass keng Optioun a net jhust aus Héiflechkeet – och, awer net jhust. Et ass eng elementar wichteg Mesure an der Lutte géint de Virus.

Mir wëlle keen zweete Lockdown an d'Regierung huet sech och fest virgeholl alles ze ënnerhuele fir dat ze verhënneren.

Mir wëllen net jhust keen Lockdown, mir wëllen och net, dass et zu neie Restriktiounen op eise Grenzen kënnt an d'Reesfräiheet op e Neits géif ageschränkt ginn.

Elleng hu mer et net an der Hand. Et muss weider e kollektiven Effort sinn an ech sinn iwwerzeegt, dass déi Solidaritéit, déi mer an de leschte Méint konnte gesinn net just eng Momentopnam war, mee gewisen huet, zu wat mer fäeg sinn, wann et drop ukënnt.

Et kënnt drop un. Elo an och an de nächste Méint.

 

Aktualiséiert