Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 132 Resultater
  1. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, hu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten deelgeholl, déi zu Lellgen (Gemeng Kiischpelt), Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  2. De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert, dass de Grand-Duc haut de Moien d'Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, op eegene Wonsch entlooss huet.

  3. No senger Deklaratioun an der Chamber, ënnerschreift de Premierminister, Staatsminister Xavier Bettel den Accord, deen no de Reunioune vum Koordinatiounscomité Tripartite, zesumme mat de Vertrieder vun der UEL, dem LCGB an der CGFP fonnt gouf. No der Ënnerzeechnung fënnt eng gemeinsam Pressekonferenz statt. De Livestream fänkt géint 16:10 Auer un.

  4. D'Regierung presentéiert, zesumme mat de Sozialpartner, d'Resultater vun der Tripartite, déi aberuff gouf, fir Mesurë géint den Impakt vun der Inflatioun op d’Stéit an d'Entreprisen ze decidéieren. De Livestream fänkt géint 18:00 Auer un.

  5. De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 17. Mäerz 2022 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt, well dës de Bedéngunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2
  4. 3
  5. 4
  6. 5
  7. ...
  8. Lescht Säit