Briefing vum Xavier Bettel nom Regierungsrot
D'Theme waren ënner aneren de Brexit wou den Xavier Bettel an Jean Asselborn weider Explikatioune ginn hunn.
Deklaratioun vum Jean Asselborn zum Wiener Accord iwwert den Iraneschen Nuklearprogramm
"Vill Politiker an Analysten haten et gefaart, säit dem 8. Mee ass et offiziell: Den US-President Donald Trump huet den Austrëtt vun de Vereenegte Staaten aus dem Atomofkommes mam Iran decidéiert.
Deklaratioun iwwert d’Aussepolitik vum Jean Asselborn virun der Chamber
A menger éischter Deklaratioun zur Aussepolitik hei an der Chamber, am November 2005, hat ech ënnerstrach, dass en “efficace Multilateralismus” fir eis Lëtzebuerger méi wéi nëmmen e Schlagwuert ass. Et ass villméi eng Noutwendegkeet, fir Fridden a Sécherheet zu Lëtzebuerg an op der Welt nohalteg ze garantéieren.
Den Ausseminister Jean Asselborn huet déi Lëtzebuerger Ambassade a Brasilien offiziell ageweit
Den 1. Mäerz 2018 huet den Ausseminister Jean Asselborn, déi Lëtzebuerger Ambassade a Brasilien offiziell ageweit.
De Justizminister, Félix Braz, op der 37. Sessioun vum UNO-Mënscherechtsrot
Op dësem Dënschden, 27. Februar, war de Justizminister Félix Braz a Vertriedung vum Aussen- an Europaminister Jean Asselborn zu Genf fir un der 37. Sessioun vum UNO-Mënscherechtsrot deelzehuelen.
De Premierminister Xavier Bettel zu Bréissel
Op dësem Freiden, 23. Februar, war de Premierminister, Xavier Bettel, zu Bréissel fir eng informell Reunioun mat de Staats- a Regierungscheffe vun der EU.
Entwécklungshëllef: Regierungspolitik an Haaptmoossnamen
Zanter 1980 ass d'Entwécklungshëllefspolitik ee vun de Piliere vun der Aussepolitik vu Lëtzebuerg. Hire Schwéierpunkt läit op geziilte Partnerschaften a si baséiert op Grondprinzipie wéi Zouverlässegkeet, Engagement a Kompetenz. Si stellt sech an den Déngscht vum Kampf géint d’Aarmut, virun allem an deenen am mannsten entwéckelte Länner, a steet am Geescht vun der nohalteger Entwécklung.
De Benelux
D’Benelux-Unioun besteet aus dem Kinnekräich Belsch, dem hollännesche Kinnekräich an dem Groussherzogtum Lëtzebuerg. D’Zil vun der 1944 gegrënnter Unioun ass eng méi enk Zesummenaarbecht tëscht den dräi Länner. Déi ufanks virrangeg wirtschaftlech Unioun konzentréiert sech haut op dräi Schwéierpunkten: Bannemaart an Wirtschaft, Sécherheet a Gesellschaft souwéi nohalteg an digital Zesummenaarbecht.
Zousätzlech Informatiounen zur Stellungnam vum Minister vun der Immigratioun a vum Asyl, Jean Asselborn, vum 18. November 2017 iwwert ee Retour a Georgien
No dem Pressecommuniqué vum 18. November iwwert den Retour vun engem mannerjäregen Jong an Georgien, deelt den Minister vun der Immigratioun an vum Asyl, Jean Asselborn, zousätzlech Informatiounen mat, dëst als Reaktioun ob verschidden Aussoen, déi de Moment an der Ëffentlechkeet
National Plangung: Opnam vun de Persounen, déi internationale Schutz ufroen (demandeurs de protection internationale, DPIen)
Am Hibléck op déi aktuell Migratiounskris stëtzt sech d'Empfangs- an Integratiounspolitik vun der Regierung op dräi Sailen: Opnam an Ënnerbréngung, Bildung a Gesondheet. Eng responsabel a solidaresch Migratiounspolitik, déi all Aspekter vun der Kris a Betruecht zitt, ziilt op d’Garantie vun engem ugepassten Encadrement an enger adequater Betreiung fir all Flüchtling hin, deen zu Lëtzebuerg ukënnt.
Stratégies et orientations - 2012.
- 1
- 2
- 3
- 4
- 5
- ...
- Lescht Säit