Déclaration sur la politique de coopération au développement 2006 (version originale luxembourgeoise)

Le ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire Jean-Louis Schiltz a présenté la "Déclaration sur la politique de coopération au développement et de l'action humanitaire" du Luxembourg le 15 mars 2006 à la Chambre des députés.

Veuillez trouver ci-joint le texte de la Déclaration:

- Seul le discours prononcé fait foi -

I. Introduktioun a generelle Kontext
II. E puer Zuelen - d’Qualitéit vun der Coopératioun - d’Roll vu Lëtzebuerg
III. Migratioun an Developpement
IV. Den Humanitaire
V. Grouss Orientatiounen

I. Introduktioun a generelle Kontext

Firwat Coopératioun? – Firwat Coopératioun haut? – Firwat ëmmer méi Coopératioun? – Firwat eng ëmmer besser Coopératioun?

D’Kaarte sinn op der Welt net gläichméisseg verdeelt. D’Entwécklung vu verschiddene Regiounen op der Welt geet ënnerscheedlech séier – oder villméi, ënnerscheedlech lues – virun. Mol staark gebremst duerch Naturkatastrofen oder Kricher, mol an erstaunlechem Mooss acceleréiert duerch e wëssenschaftlechen Duerchbroch oder eng Erfindung am industriellen oder medizinesche Beräich, fir nëmmen déi puer Beispiller ze nennen.

Den Entwécklungsstadium, an deem e Land oder eng Regioun sech befënnt, ass eigentlech e ganz relative Begrëff. A wann een dann een Ament méi genee op der Zäitschinn zeréckkuckt, da gesäit een och relativ séier, datt all Entwécklung alles anescht wéi lineär ass. Et ginn do vill méi Nuancen, wéi dat op den éischte Bléck schéngt. D’Grenzen tëscht Entwécklung an Ënnerentwécklung si vill méi verschwommen, wa mer iwwer ekonomesch Wäerter wéi de produit intérieur brut per capita ewechkucken a Facteure wéi d’Ëmwelt, d’bonne gouvernance, d’Mënscherechter oder nach d’Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra als complementär Moosslaten huelen. Déi grondsätzlech Fro stellt sech op eemol op eng vill méi komplex Manéier: et geet net nëmme méi drëm fir festzestellen, op et Entwécklung gouf – am quantitative Sënn vum Wuert –, mee et geet drëms fir festzestellen, op déi Entwécklung, déi geschitt ass oder amgaang ass ze geschéien, an déi richteg Richtung geet an op si iwwer d’Zäit eraus eng Entwécklung duerstellt, déi nohalteg ass.

A wann een dat mécht, da stellt ee leider fest, Dir Dammen an Dir Hären, datt dat dacks net de Fall ass oder nëmmen deelweis de Fall ass. An dat ganzt Bild gëtt eben, ewéi gesot, nach vill méi verschwomm, wann een déi ganz Saach op der Zäitschinn kuckt. Duerfir ginn et eng ganz Rei Grënn.

Mir kämpfen haut nach all Dag – kämpfen am positive Sënn vum Wuert – a ville Länner op der Welt géint d’Konsequenze vun deem, wat op franséisch de mal-développement genannt gëtt. Déi déifgräifend Grënn vun deem mal-développement sinn d’ailleurs dacks déi selwecht, respektiv si sinn an deene meeschte Fäll ähnlech gelagert: physesch Onsécherheet duerch Krich oder Kriminalitéit; Angscht ëm d’boort Liewen; net genuch z’iessen; keng oder ganz wéineg Perspektive fir eng sënnvoll Beschäftegung, geschweige dann eng Arbecht ze fannen; e materielt Ëmfeld, dat och soss kaum Perspektiven iwwer laang Zäit zouléisst; a villes méi. D’Konsequenz dovunner ass Hoffnungslosegkeet fir Zéngdausenden, jo fir Honnertdausenden, zumols a Westafrika. An dobäi ass da meeschtens deen eenzelne sech selwer ganz eleng iwwerlooss.

Och wann d’Problemer an Afrika net mat deenen ze vergläiche sinn, déi mir hei an Europa hunn, ass et dach awer esou, datt mir eis hei an Europa -a besonnesch hei zu Lëtzebuerg- beméien, do wou Problemer optrieden, den Eenzele beispillsweis duerch d’Sozialnetz erëm opzefänken an him nei Perspektiven ze bidden. Dat geléngt eis zwar net ëmmer, mee trotzdem.

An Afrika ass dat ganz anescht. Et kann eigentlech do keen duerch e Sozialnetz falen, well dat Netz gëtt et meeschtens ganz einfach net. Wann ee fällt, da fällt een direct, voll a mat ganzer Kraaft op de Buedem. Esou einfach, mee och esou brutal ass dat.

An da si mer mat enger Landflucht sonnergläiche konfrontéiert, an dat bréngt dann och mat sech, datt déi traditionell Solidaritéitsstrukture vun der Famill oder vum Clan net méi funktionéieren. D’Aarmutsspiral ass ugedréit, a si hält net méi op mat dréinen.

Duerfir ginn et, wéi gesot, vill Grënn. Datt et eng zolidd Trennung tëscht Räich an Aarm, tëscht Nord a Süd gëtt, dat bestreit haut keen. An dobäi spillen dann, wéi virop ugedeit, déi ongläich Entwécklungszyklen ronderëm d’Welt eng Roll. Déi Roll verschäerft sech aus der Mooss, do wou et zu verschiddene Momenter vun der Geschicht zu allzedacks kuerzsiichtegem Awierken vum Mënsch komm ass. Ech schwätzen hei vu Kricher, awer och vum Kolonialismus mat egoisteschem Profitdenken, Sklaverei mat ähnlechen Hannergedanken a mat nach méi onakzeptabler Mënscheveruechtung. Krich, Kolonialismus a Sklaverei hunn ouni Zweifel déi Grenzen matgezunn, déi haut déi industrialiséiert Welt vun der Entwécklungswelt trennen. Wat mat der deemoleger Arroganz vun de Groussmuechten als pragmatesch geopolitesch Interesseverdeelung iwwert d’Käpp vu Millioune Mënschen ewech duerchgezu gouf, kann haut dem Virworf vun Egoismus, Intoleranz a Manktem u Respekt virun deem anere sengem Liewen a senger Kultur net méi standhalen.

Lëtzebuerg hat un deenen dramateschen Agrëffer glécklecherweis keng (oder am héchste Fall eng ganz marginal) Bedeelegung. Mir mussen awer haut gesinn, datt mir ons an der globaliséierter Welt net laanscht d’Konsequenze vun deem deemolegen Handelen a Wierken kënnen drécken. Och mir mussen eis domadder ausenanersetzen.

Heibäi geet et net drëms, fir eis Responsabilitéiten opzelueden, déi mer net hunn, oder déi anerer hunn. Heibäi geet et drëms, de Realitéite vun dëser Welt an d’Aen ze kucken. Hei geet et drëms, eng gutt verstane Solidaritéit mat deene spillen ze loosen, deenen et aus Grënn, déi si selwer net oder kaum verschëlt hunn, net esou gutt geet wéi eis. Dat machen mer all Dag mat eisen Entwécklungsprogrammer, déi mer um Terrain ofwéckelen. Dat maache mer och an eisem Dialog mat de politesche Responsabele vun den Entwécklungslänner. Dat maache mer awer och duerch Sensibilisatiounsaktiounen, wéi dës Chamber se scho méi wéi eng Kéier zu Recht verlaangt huet. Ech wëll als politesche Responsabele vun deem Secteur och an Zukunft mat dozou bäidroen, fir d’Realitéiten aus der Vergaangenheet an aus der Géigewart aus der Entwécklungswelt de Lëtzebuerger méi no ze bréngen.

Ech wëll hei nëmmen dräi Beispiller uféieren: eent vum leschte Joer, eent vun dësem Joer an eent vum nächste Joer.

Esou war d’Coopératioun zum Beispill am November d’lescht Joer staark un der semaine culturelle bedeelegt, déi de Staatsbesuch vum President Touré aus dem Mali encadréiert huet. Am selwechte Sënn bedeelege mer eis dëst Joer un enger audiovisueller Initiativ, nämlech dem Film "Retour à Gorée", deen de senegalesesche Musiker Youssou N’Dour iwwert d’Geschicht vun der Sklaverei dréit. Ech ginn – an dat ass mäin drëtt Beispill – och dovunner aus, datt d’Kooperatiounskomponent am Kulturjoer 2007 wäert hir Plaz hunn – alles deit op jiddefalls am Ament dorober hinn.

Esou Initiativen si mer awer och aus engem anere Grond wichteg – ech hunn dee Grond schonns deelweis mat uklénge gelooss. Si erlaben eis ze weisen, datt Afrika net nëmmen aus Aarmut, Misär a mal-développement besteet. Afrika ass sécher net räich u Suën, mee et ass onheemlech räich u senge Leit, senger Geschicht a senger Kultur. Och dat ass et derwäert, datt et méi dacks gesot gëtt, datt et méi gewosst ass an datt et eis och méi bewosst gëtt.

Mee wa mer ons haut méi wéi jee mat de Konsequenze vun der Entwécklung an der Zäit vun anere Kontinenten ausenanersetzen, an ausenanersetzen mussen, da geet et hei awer och drëms, ons eegen Interêten ze schützen. Entwécklung, Mënscherechter a Sécherheet op der Welt ginn eis all eppes un. Sécherheet – sou huet den UNO-Generalsekretär Kofi Annan zu Recht a sengem Rapport "In Larger Freedoom" geschriwwen – gëtt et keng ouni Entwécklung, grad wéi keng Entwécklung méiglech ass ouni Sécherheet. Béid – Sëcherheet an Entwécklung – sinn och enk verbonne mam Respekt vun den elementare Mënscherechter an der sougenannter bonne gouvernance.

Mä fir d’éischt wëll ech un Hand vun e puer Zuelen de Lëtzebuerger Kooperatiounseffort illustréieren. Ech wëll dat maachen, andeems ech zu gläicher Zäit op de qualitativen Aspekt vun der Kooperatiuon aginn an dobäi och e Wuert iwwert d’Roll vu Lëtzebuerg an deem Domaine soen.

II. E puer Zuelen - d’Qualitéit vun der Coopératioun - d’Roll vu Lëtzebuerg

Wa mir iwwert onsen Asaatz an der Entwécklungswelt schwätzen, solle mer net vergiessen, wou mer hirkommen, grad esou wéineg wéi mer solle vergiessen, mat wat fir enger rasanter Vitesse mer ons am 20. Joerhonnert konnten entwéckelen – an dat trotz dem Leed an den Entbierunge vun onsen Elteren a Grousselteren speziell an zwee Weltkricher. Haart a vill Aarbecht, eng geliefte Solidaritéit tëschent de Leit an en zolidd Stéck Solidaritéit vu bausse waren a sinn d’Rezepter vun dëser Entwécklung. Wéi kéinte mir haut, entgéint de Lektiounen vun onser rezenter Geschicht, eng gutt verstanen an echt geliefte Solidaritéit no baussen deene verwieren, déi duerch d’Globaliséierung méi enk wéi je mat ons verbonne sinn? Dat ass ganz einfach net dran.

Nëmmen deen, deen d’Vergaangenheet kënnt, nëmmen deen, deen d’Vergaangenheet versteet, kann d’Zukunft gestalten; an d’Erausfuerderunge fir d’Zukunft am Entwécklungsberäich si grouss. D’Millenniumsziler weisen eis, wat déi Erausfuerderunge sinn. Mir mussen se haut ugoen. Net eréischt muer oder iwwermuer.

D’Verantwortung heifir läit natierlech net bei Lëtzebuerg aleng; si läit bei der ganzer internationaler Gemeinschaft. Dat Ganzt muss en Effort vu ville sinn, jo en Effort vun all deenen, déi kënnen, vun all deenen, deenen et esou gutt geet, datt se d’Méiglechkeet hunn, hiert méi oder manner grousst Stéck zu deem groussen Effort bäizedroen. All industrialiséierte Staat ass esou opgefuerdert, fir säi faire Solidaritéitsbäitrag zu der Bekämpfung vun der Aarmut ze leeschten. Niewebäi bemierkt wëll ech soen, datt dee Prinzip vun der Solidaritéit a vum faire Bäitrag vu jidderengem iwwregens net nëmmen an der Coopératioun gëlt a misst gëllen. D’Welt wier sécherlech eng besser, wann dee Prinzip och a ganz anere Beräicher vun der Aussepolitik méi zum Droen kéim; mais cela est un autre débat.

Zeréck bei d’Zuelen.

Lëtzebuerg gehéiert zanter e puer Joer zum "Null-Siwenter"-Klub, dat sinn déi Länner, déi méi wéi 0,7% vun hierem nationale Räichtum an d’Coopératioun ginn. Zanter dem Mee d’lescht Joer hunn déi 25 Memberstaaten aus der EU sech ënner Lëtzebuerger Présidence fir d’éischte Kéier dozou engagéiert, bis 2015 gemeinsam 0,7 % vum nationale Räichtum an d’Coopératioun ze stiechen. Dat ass eng Décisioun, déi de Wee virget fir déi nächst Joeren.

Lëtzebuerg kann ouni falsch Bescheidenheet soen datt et an der Coopératioun eng Virreiderroll gespillt huet, weider spillt a weider wäert spillen. Net nëmmen wéint eisem eegenen 0.7 Engagement, mee och wéinst dem Accord dee mer op europäeschen Niveau zustaanebruecht hunn.

Dat ass virun allem wichteg fir d’Leit deenen hir Liewenskonditiounen am Endeffekt verbessert wäerte ginn. Mä dat ass, wei gesot, awer och wichteg fir Lëtzebuerg an seng Roll dobaussen an der Welt. Loost mech duerfir een Ament bei der lëtzebuerger Perspektiv bleiwen. Onsen nationalen Effort a Saachen Developpement huet ons dobaussen duerch seng reegelméisseg quantitativ Progressioun Visibilitéit a Respekt verschaaft. Doriwwer eraus ass et och eminent wichteg, datt Lëtzebuerg sech un de Konzeptdiskussiounen an den internationale Gremie bedeelegt an doduercher och zur qualitativer Verbesserung vun der Coopératioun bäisteiert. Déi Aufgab hu mer 2005, wéi ech mengen, voll an ganz erfëllt. Mir hunn esou zum Beispill als Presidence dezisiv dozou bäigedroen, datt de Forum vu Paräis iwwert d’Harmonisatioun vun de Prozedure konnt zu engem positive Resultat kommen, virum Hannergrond, datt all Euro, deen dozou déngt, fir komplizéiert an dacks duplikativ Prozeduren anzehalen, een Euro ass, deen eigentlech verluer geet -oder net méi ganz disponibel ass- fir dei Äermst vun deenen Aarmen. Mir hunn déi Roll och erfëllt, andeems mer mat de Briten an de Schweden eis dofir staark gemaach hunn, datt bei der UNO e Fong ageriicht konnt ginn, fir de Konsequenze vun humanitäre Katastrofe besser an op eng méi efficace Manéier ze begéinen. Alles dat, genau wéi och den Effort, dee mer a Saachen Evaluatioun, Suivi an Kontroll hei zu Lëtzebuerg maachen, dréit zu méi Qualitéit an der Entwécklungspolitik bäi.

D’Zesummespill vu quantitiver Konsequenz a qualitativer Kompetenz a Saache Coopératioun ass déi beschte Garantie fir Kredibilitéit an Unerkennung, eng Kredibilitéit, wéi e klengt Land wéi Lëtzebuerg se schwieregst iwwer aner aussepolitesch Weeër kann areechen. Duerfir ass ons international Coopératioun och zu engem wichtege Vecteur vun der Lëtzebuerger Aussepolitik erugeräift. Et däerf deemno och net verwonneren, wann d’Regierung d’Entwécklungszesummenaarbecht als eng vun hire Prioritéite behandelt. Nëmmen deem, dee seng Rieden a Verspriechungen och konkret ëmsetzt, gëtt nogelauschtert. Nëmmen dee kann e Wuert matschwätzen, wann et drëms geet um internationale Plang nei Orientatiounen a Stoussrichtunge festzesetzen.

Waat heescht dat fir ons Partner an den Entwécklungslänner? Iwwert d’Joeren ass aus der Entwécklungshëllef eng richteg Entwécklungszesummenaarbecht ginn; eng Coopératioun mat enger Rei Entwécklungslänner, déi op géigesäitegem Respekt a Partnerschaft berout. D’Lëtzebuerger Coopératioun mengt et eescht, wann et drëms geet, zesummen mat de Partner aus dem Süden, Prioritéiten ze identifizéieren a mëttelfristeg Programmer opzestellen an ëmzesetzen.

Sou wéi ech daat viru kuerzem an der Chamberkommissioun konnt kommentéieren, huet déi Lëtzeburger Coopératioun am Joer 2004 0,83% vum revenu national brut ausgemaach. D’Coopératioun ass den Ausdrock vun den Lëtzebuerger hirer Solidaritéit no baussen. D’Welt an där mir haut liewen, ass nëmmen eng, an et ka kee méi haut an sengem Eck sëtze bleiwen a behaapten, d’Suergen vun deenen anere géifen hien näischt ugoën. Duerfir huet déi Politik, haut nach vläicht méi wéi gëschter, hir zentral Wichtegkeet. Am Endeffekt geet et nämlech em d’Deele vum Räichtum mat deenen, déi keen Dach iwwert dem Kapp hunn a mat deenen déi näischt ze räissen an ze bäissen hunn.

D’Perspektive fir 2005 an 2006 gesinn e Prozentsatz vun 0,86 respektiv 0,89 vir –dëst Joer stellen dat ronn 230 Milliounen Euro duer; dat Ganzt am Sënn vun der programmatescher Virgab aus der Regierunserklärung, mee och als Signalwierkung fir ons europäesch Partner.

D’Regirung ass duerfir och gewëllt, fir deen Effort op engem konstant héijen Niveau ze halen. Sécher, d’Coopératioun operéiert net an engem lofteidele Raum; si kann net Abstraktioun maachen vun deene wirtschaftlechen Begebenheeten hei am Land. Duerfir wäert d’Coopératioun an denen nächste Joeren zwar weider wuessen, mee si wäert dat op eng mesuréiert Manéier maachen, an ech sinn iwwerzeegt, datt mer do och wéi an deene leschte Joeren op déi tatkräfteg a grad esou indispensabel Ënnerstëtzung vun dëser Chamber kënnen zielen.

D’Wichtegkeet vun däer Entwécklungspolitik dans le long terme, Dir Dammen an Dir Hären, ass eis alt erëm eng Kéier op eng brutal Manéier an dene leschte Wochen a Méint virun Ae geféiert ginn. Ech schwätzen hei vun Ceuta a Melilla a vun deem wat am Mier virun Mauretanien am gang ass ze geschéinen. Dës Realitéit nennt sech "migration", an ech wëll déi Fro vun der Migratioun hei, an hirer entwécklungpolitescher Dimensioun, beliichten.

III. Migratioun an Developpement

Wa mir als Lëtzebuerger selbstbewosst an zugläich mat enger gewëssener Bescheidenheet op eis eege Geschicht zréckkucken, da musse mer ganz besonnesch sensibel sinn op den Drama vun deenen déi entwuerzelt sinn, sief dat well se duerch Kricher forcéiert gi sinn doheem fortzelafen oder sief dat datt blank Perspektivlosegkeet hinnen keen aneren Auswee léisst wéi sech a Bewegung ze setzen an hiert Gléck –tout étant d’ailleurs relatif en la matière- op enger anerer Plaz sichen.

Zwangsëmsiidlung a Flüchtlingslous waren nach virun 60 Joër haart geliewte Realitéiten fir déi Generatiounen virun eiser, an et sinn nëmmen ronn 130 Joër hir, datt een Drëttel vun der deemoleger Bevëlkerung vun eisem Land keen aneren Auswee méi wousst, wéi hiert Gléck an der deemols Neier Welt ze probéieren. Dës Situatioun huet sech eréischt verbessert, wéi Lëtzebuerg ugefaang huet sech z’entwéckelen, um Enn vum 19ten an um Ufank vum 20. Jorhonnert. A kuerzer Zait ass Lëtzebuerg vun engem Emigratiounsland zu engem Immigratiounsland ginn.

Och haut – an Zäite vu grousser internationaler Migratioun – verléisst kaum een d’Land, d’Stad oder d’Duerf wou e lieft an opgewuess ass, aus Liichtfankegkeet, mee wéinst Grënn, déi wéineg mat fräiëm Wëllen ze dinn hunn, mee éischter mat Onsécherheet -am Fall vun engem Krich- oder och nach Hongersnout an ëndeemescher Aarmut.

Masse vu jonke Leit aus Entwécklungslänner setzen sech haut a Bewegung. Si hu keng Perspektiven doheem a si hoffen op ee bessert Liewen an enger Welt dei se héchstens vum Héiere soe kënnen. Déi Biller vu jonken Afrikaner, déi an de spueneschen Exclaven Ceuta a Melilla um pickege Grenzdrot hänken bliwwe sinn, an d’Statistiken vun deenen Honnerten, déi um Mëttelmier oder um Atlantik, ënnerwee fir an Europa, erdrénken, sinn net nëmme schwéier ze erdroen; si interpelléieren eis an onser gemeinsamer Mënschlechkeet. Si jäitzen no deene richtegen Äntwerten.

D’Fro vun der Migratioun ass eng komplizéiert. D’Äntwerte leien deelweis am Süden, deelweis am Norden, meeschtens bei deenen zwee zesummen. En Deel vun där Äntwert ass sécherlech d’Immigratiounspolitik, déi lëtzebuergesch, mee awer och déi europäesch; et géif vill dozou ze soen, mä dat ass net mäin Thema hei; mäin Thema ass de Lien mat der Entwécklungspolitik, woubäi mir nimools däerfe vergiessen datt hannert all eenzele Fall sech e mënschlecht Schicksal verstoppt.

Fir déi entwécklungspolitesch Komponent ze illustréieren, wëll ech fir d’éischt hei op de Rapport vun der Global Commission for International Migration vun der UNO verweisen.

Dëse Rapport aus dem Hierscht 2005 un den UNO-Generalsekretär zeechent fir d’éischt d’Necessitéit vun der internationaler Migratioun op, an dem Sënn datt et och drëms geet fir de Bedürfnisser u Main d’œuvre am Norden gerecht ze ginn. D’Kommissioun weist zweetens op déi wichteg positiv Roll hin, déi eng Diaspora kann hunn an der Entwécklung vum Heemechtsland, nämlech duerch de Bezug deen déi Leit -déi emigréiert sinn- weider zu hirer Famill -déi zréckbliwen ass- hunn, awer och doduercher datt se -vun do wou se sinn- Gelder un hir Familljen doheem iwwerweisen oder schécken, an dat dréit dann erëm zur Entwécklung vun deem Land bäi aus deem se kommen. Dësen Aspekt –bekannt ënnert dem engleschen Terme vun « remittances »- ass e wichtegen Aspekt vun der Entwécklungspolitik au sens large. Dat gëllt zum Beispill an engem ausgesprachene Mooss fir eent vun eisen Zillänner, an zwar de Cap Vert, an ech si frou datt déi lëtzebuerger Agence de transfert de technologie financière sech d’lescht Joer an engem Rapport mat där Fro ausernanergesat huet.

D’UNO-Kommissioun weist awer och -an dat ass zentral fir mech- op d’Nëtzlechkeet an d’Wichtegkeet hin, fir an den Entwécklungslänner duerch Entwécklung an Entwécklungszesummenaarbecht Konditiounen ze schafen, déi d’Liewensbedingungen vun de Mënschen verbesseren an déi d’Liewen an deene Länner a Regioune liewenswäert maachen. Och wann d’Entwécklungspolitik net all Problemer eleng ka léisen, och wann d’Entwécklungspolitik net alles kann an engem Dag oder an engem Joer maachen, esou ass dach eppes kloer fir mech : d’Entwécklung ass am long terme déi beschten Äntwert -oder méi genau déi nohaltegst Äntwert- déi mir kënne ginn, wa mir gesi wat fir Masse vu Mënschen haut bougéieren.

Dat heescht beileiwen net datt d’Entwécklungspolitik hiert Basiszil, nämlech d’Bekämpfung vun der Aarmut, soll a Fro stellen. Au contraire, si soll sech deem Zil verstäerkt verschreiwen, well do wou et keng Aarmut gëtt, gëtt et och net méi dee staarken Drang vun de Mënschen fir hiert Gléck anzwousch anescht ze sichen – et ass esou einfach, mee awer och esou komplizéiert wéi dat.

D’Entwécklungspolitik kann an däerf der Migratiounsproblematik net subordonnéiert ginn. Si muss hir Rechnung droen a si däerf net esou maache wéi wann et nëmmen dat eent géif ginn an net dat anert. Dat selwecht gëllt iwwereges fir d’Migratiounspolitik, an dat Ganzt heescht och datt keng ongesond Automatismen tëschent deem engen an deem aneren däerfen hiergestallt ginn.

An deem Sënn huet Lëtzebuerg zesumme mat senge Benelux-Partner am November d’Initiative ergraff, fir de Sujet vun der Migratioun an der Coopératioun um europäeschen Niveau ze thematiséieren.

Oft ass et awer och esou datt mir, ier mir kënne vun Entwécklungszesummenarbecht schwätzen, mussen dozou bäidroen datt a ganze Länner a Regiounen fir d’éischt emol d’Konditioune vun enger "normaler"? Entwécklung erëm hiergestallt ginn. Dat ass de Fall, wa mir mat humanitäre Katastrofen ze dinn hunn. Op dee Punkt wëll ech elo agoen.

IV. Den Humanitaire

Eppes weider wéi 10% vun de Lëtzeburger Entwécklungsgelder sinn, wéi all Joer, fir Aktiounen am Beräich vun der humanitärer Hëllef reservéiert. Laangjäereg Erfahrung huet d’Gemeinschaft vun den Donateure geléiert, datt all ze oft Krich oder Naturkatastrofen d’Acquise vun der Entwécklungsaarbecht gefäerden, wa se se net esouguer ganz zerstéieren. Joer fir Joer gesi mir ons deemno gezwongen, grouss Montanten an d’Aide d’urgence ze stiechen. Mir mussen dobäi leider ze dacks feststellen, datt fir déi eng Kris -Beispill Tsunami- vill Gelder zur Verfügung gestallt ginn, an fir déi aner bal keng -rezent Beispill, déi alimentär Kris am Oste vun Afrika. Do feelt et un Equitéit -verschiddener hu vu Loterie geschwat. Dat mënschlecht Leed verdréit eigentlech keng esou Ënnerscheeder. Iwwert dat lescht Joer hunn dofir déi humanitär Akteuren, alle virop d’Briten, d’Schweden an d’Lëtzebuerger, sech domadder ausernanergesat, wéi Aide d’urgence nach méi séier, nach méi massiv, mee och méi equitabel kann organiséirt ginn.

Um Sommet am September zu New York ass duerfir de Prinzip vun engem erneierten Humanitäre Fong zeréckbehalen ginn. Zil vun deem Fong ass et, méi eng grouss Efficacitéit vun den humanitären Asätz ze garantéieren, andeems Urgence-Fondsen séier a massiv kënnen do agesat ginn, wou et op eemol stënterlech brennt, an awer och do, wou mer mat sougenannte "crises oubliées" ze dinn hunn, un deene kaum een sech interesséiert an déi chronesch ënnerfinanzéiert ginn. Mir hunn als Lëtzebuerger Regierung eenergesch matgehollef, datt dee Fong konnt an d’Liewe geruf ginn, ënnert anerem an deems mer, zesumme mat de Schweden, am Kader vum September Sommet eng grouss Sensibilisatiounsaktioun gestart hunn. Dës Efforten, an déi vun aneren, hunn hir Friichte gedroën, an net méi spéit wéi d’lescht Woch de Mëttwoch konnt ech zu New York dobäi sinn, wou dat neit Instrument offiziell vum Kofi Annan an dem humanitären Koordinateur vun de UNO Jan Egeland lancéiert ginn ass. Lëtzebuerg bedeelegt sech mat 4 Milliounen Dollar un deem neie Fong, deen deemnächst soll bis zu 500 Milliounen Dollar prettstellen, vun deene 500 sinn der elo schonns mei wei 250 do. De Fong, dee -wéi gesoot- eréischt d’lescht Woch ugefaangen huet ze schaffen, huet scho seng éischt Aktioun gestart an deems e Gelder fir Ost-Afrika bereedgestallt huet. Eng zweet Aktioun ass an der Côte d’Ivoire ofgewéckelt ginn.

An enger Welt, wou d’Humanitäre meeschtens nëmme schlecht Noriichte matzedeelen hunn, ass d’Kreatioun vun deem Fong, une fois n’est pas coutume, eng gutt Noriicht.

Lëtzebuerg huet mëttlerweil och eng zolidd eegen Erfahrung a Saachen humanitär Aktiounen. Konkreet Asätz a Krisegebidder sinn d’Illustratioun vun dëser Kompetenz, déi mer eis do ugëeegent hunn -ech denken un den Tsunami, d’Präsenz vun der Protection civile an der Louisiane nom Hurricane Katrina oder un dem rezenten Asatz vum Helikopter vun der Luxembourg Air Rescue fir d’Affer vum Äerdbiewen am Pakistan. Och den onermiddlechen Engagement vun de Lëtzebuerger ONGen am humanitäre Beräich siew hei gebührend ervirgestrach. Grad wéi am Domaine vun der traditionneller Entwécklungshëllef, ass et sécher méiglech, an der humanitärer Hëllef deen een oder aneren Avantage comparatif op laang Zäit opzebauen. Dat géif et Lëtzebuerg erlaben, nach besser a Krisefäll anzegräifen. Dat ass eng grouss Erausfuerderung. Mir mussen eis dëser stellen.

Am totale Respekt vun der Specificitéit vun der Action humanitaire dierfen et hei och keng falsch Berührungsängscht ginn, tëscht Akteuren, déi sech prinzipiell -vun der Natur vun hire Missiounen hir- géifen aus dem Wee goën. Ech schwätzen hei vun den Humanitären, op der enger Säit, an den Militär, op der aner Säit. Hinnen hir respektiv Aktiounen, am Fall vun enger humanitärer Kris, sinn zwee Stécker vun deem selwéchte Puzzle. Wann een dee Puzzle richteg zesummensetzt, da kritt een e schaarft Bild. Mécht een dat net, esou stoussen déi verschidde Stécker vum Puzzle sech of oder si iwwerschneiden sech op eng Manéier, déi d’Bild onschaarf mécht, eng Manéier, déi zu ongesonden Iwwerschneidungen féiert an eng Manéier, déi dann och keng Resultater bréngt.

Eppes muss kloër sinn: ech sinn deen éischten, dee frou ass, wa keng militäresch Mëttel mussen zum Asaz kommen, à la suite vun enger crise humanitaire; dat heescht nämlech, datt d’Humanitären eleng eens ginn an d’Militär net gebraucht ginn. An deene Fäll wou dat esou ass, ass dat och gutt esou. Mee, de grâce, loosse mer eis dach näischt virmaachen: et ginn och Situatiounen, wou dat net de Fall ass, an ech hunn beim Tsunami mat mengen eegenen Aen am Sri Lanka an zu Banda Aceh gesinn, datt et ouni d’Militär net gaange wier. Hei geet et ëm Mënscheliewen, net ëm d’Fro, op d’Jeep oder den Helikopter gréng oder wäiss ugestrach ass. Dat nämmlecht war iwweregens wouer fir déi Kris am Pakistan d’lescht Joer. Affer vu Katastrofen séier an efficace beizestoën, dat ass et wat mer brauchen, woubäi – nach eng Kéier, jiddereen a sengem Aktiounsfeld sech soll aktivéieren an jiddereen dat maache soll, wat en am beschten kann; ech denken do besonnesch un déi Plus-Value, déi d’Militär ka bréngen, am Beräich vum Transport an der Logistik méi generell. Ech soën dat alles an deems ech mer voll bewosst sinn a bleiwen iwwer déi Retizenzen an Asprëch, dei zu dësem Sujet bestinn. Ech si bereed, doriwwer mech ze ënnerhalen mat deenen, déi se wëlle virbréngen, an se dann och gemeinsam auszeloten. An wann ech absolut domat averstane sinn, datt ee Mélange des genres muss verhënnert ginn, sou sinn ech awer grad esou der Meenung, datt et -och am Sënn vun enger serieuer Gestioun vun ëffentleche Gelder- néideg ass, fir konstruktiv Opportunitéiten ze erkënnen an op eng responsabel Manéier wouerzehuelen.

Dat wat ech alles hei soën, bedeit beiläiwe keng Revolutioun, well genee vun där Warte gesäit dat och zënter Joeren d’Europäesch Unioun, wa Rieds ass vun de Petersberger Missiounen. Genee esou oder ähnlech gesäit dat de Coordinateur humanitaire vun der UNO, de Jan Egeland, vum deem ech virdru geschwat hunn. An déi selwecht Richtung ginn och aner Aarbechten bei der UNO, wann do beispillsweis am Ament déi lescht Hand ugeluecht gëtt, fir eng "Peacebuilding Commission"? an d’Liewen ze ruffen. Dës Kommissioun soll sech nämlech ënnert anerem domadder beschäftegen, wéi d’Iwwergangsphase tëscht engem Konflikt an dem Moment, wou nees traditionnell Entwécklungshëllef méiglech gëtt, ze organiséieren ass.

Esouvill, Dir Damen an Dir Hären, zum Humanitär. Et bleiwen mer e puer Wuert ze soën zu den generellen Orientatiounen vun eiser Politik.

V. Grouss Orientatiounen

Och wa mer all Dag probéieren, fir et besser ze maachen, esou brauche mer dach eis Politik net nei ze erfannnen. Mir brauchen och net un de Grondprinzipie vun onser Coopératiounspolitik erëmzedokteren. Virop bleift onst staarkt Engagement an der Aarmutbekämpfung. Mir wëllen do den Akzent op déi Äermst vun den Aarmen setzen. Konkret wäerte mir och an Zukunft haaptsächlech an de soziale Sekteure vum Gesondheetswiesen an der Edukatioun aktiv bleiwen. Integréiert ländlech Entwécklung bleiwt och weiderhin ganz uewen op onser Prioritéitelëscht, zesummen mat den Voleten Waasser an "assainissement"?.

Mir wëllen dës Grondrichtung awer duerch dräi méi nei, komplemetär Akzenter ergänzen, a mir sinn d’ailleurs schon am gaangen dat ze maachen.

Deen éischten Akzent ass dee vun der insertion professionnelle. Wat stelle mer fest, besonnesch an eisen Zillänner an Westafrika ? Mir maachen do gutt Saachen an der formation professionnelle, och am sougenannten secteur informel. Dat sinn, vereinfacht gesoot, Programmer fir déi Leit, déi, wou se ganz jonk woren, et verpasst hunn-oder awer net d’Méiglechkeet haten- Liesen a Schreiwen ze léieren. Mir stellen awer haut fest, datt déi Programmer net duer ginn. Déi jonk Leit, ëm déi et hei geet, mussen zousätzlech ënnert d’Äerm gegraff kréien. Deenen, déi Initiativgeescht beweisen, soll d’Méiglechkeet opstoën, fir hir eegen Entreprise ze grënnen an se dann och ze geréieren. Dozou wëlle mer bäidroen andeems mer zesummen mam BIT, dem Bureau International du Travail spezifesch Insertiounsprogrammer ubidden. Dat gëtt et schon an engem klenge Mooss a Westafrika, mee dat Instrument muss mei konsequent a flächendeckend agesat ginn, an mir wëllen do virun allem Synergien mat eise lëtzebuerger Formatiounsprojeten hirstellen. Ënnert ville Suergen a Westafrika, ass sécherlech déi gréisst, déi vun der Perspektivlosegkeet vun der Jugend. An engem Ëmfeld, an deem déi staatlech Ënnerstëtzung wäitgeeënd feelt -a wou oft nach eng Basis-Schoulausbildung eppes ewéi e Luxus ass- ass d’Berufsausbildung dee néidege Komplement, fir Jonken konkret professionnel Perspektiven an hirem eegene Land ze schafen.

Deen zweeten méi neien Akzent ass dee vun der Mikrofinanz. Mir wëllen d’Mikrofinanz méi systematesch do asetzen, wou den Accès zur Berufswelt an domadder zu enger relativer finanzieller Onofhängegkeet oft nëmme vun enger minimaler Starthëllef ofhänkt. Mat verhältnissméisseg wéineg Fongen fir deen Eenzelen kënnen do encourageant Resultater erziilt ginn. Erlaabt mer op dëser Plaz och den Intérêt vun der groussherzoglecher Koppel fir d’Lëtzebuerger Coopératioun am grousse Ganzen an a Saache Mikrofinanz am Besonneschen ervirzesträichen.

D’Zäit feelt mir, fir am Detail hei op déi verschidden Aspekter vun der Mikrofinanz anzegoen. Just dat hei vläicht: d’Mikrofinanz ass ee vun deene Beräicher, wou d’lëtzebuerger Coopératioun, d’lëtzebuerger ONGen an d’lëtzebueger Entreprisen - an deem Fall hei de Bankesecteur - kënne positiv Synergien entwéckelen. Si hunn dat scho gemaach andeems se d’lescht Joer zesummen d’Semaine de la microfinance organiséiert hunn. Dat war eng positiv Initiativ, an et wäert dest Joer zu enger zweeter Editioun vun där Semaine de la microfinance kommen. Mir hunn hei d’Geleegenheet, eng Bréck ze schloën tëscht der Welt vun der Mikrofinanz an der Finanzwelt tout court, an dat op der Basis vu béidsäitegem Intérêt. Dat sollen mer weider maachen -och an anere Secteuren- ouni datt mir dowéinst de Prinzip opginn, datt eis Hëllefen net dorunner gekoppelt sinn, datt automatesch lëtzebuerger Entreprisen Marchéen an den Entwécklungslänner kréien. Dat wëlle mer net maachen an dat wier och géint den internationalen Trend. Wat mer awer weider wëlle maachen, dat ass ze probéieren, intelligent a gesond Synergien tëscht Coopératioun an Entreprisen hirzestellen.

Deen drëtten Aspekt ass dee vun der bonne gouvernance. Mir féieren an deem Zesummenhang en intensiven Dialog mat den Autoritéiten an och mat der Zivilgesellschaft an eisen Zillänner. D’bonne gouvernance gëtt och als sougenannten ‘matière transversale’ an eise Programmes Indicatifs de Coopération ervirgestrach. Dat geet awer net duer. Et läit mir um Häerz, och konkret Projeten an deem Domaine an eis Programmer anzebauen. Esou ënnnerstëtze mer zum Beispill vun dësem Joër un e Programm am Nicaragua dee méi Transparenz an d’Gemengeverwaltungen soll bréngen. Mir ënnerstëtzen am Mali déi nei Institutioun vum médiateur de la république. Mir wëllen och am Senegal e Programm ënnerstëtzen, dee schon an de Schoulen d’Méfaiten vun der Korruptioun duerleet an se esou schon am Virfeld bekämpft.

Ee Wuert och nach zu enger Fro, déi mat de Modalitéite vun der Coopératioun ze dinn huet.

An deene leschte Méint ass de Ruff no méi grousser direkter Budgetshëllef vum Norden un d’Länner aus dem Süden ëmmer méi haart ginn, dat héscht datt Gelder sollen direkt an den Budget vun de Empfängerlänner fléissen, an da vun den nationale Regierungen am Süden verwalt ginn. D’Responsabilisatioun an d’Eegestännegkeet vun dëse Länner als Beneficiäre vun der internationaler Hëllef géif dovunner ofhänken, héiert een ëmmer méi dacks; dat héiert ee vun der Säit vun der Europäescher Kommissioun, mee och vun de Säite vu villen EU Memberstaten.

Ech wäert iech net verstoppen, datt ech heizou déi gréisste Bedenken hunn, an zwar esouwuel wat d’Pertinenz, mee och wat d’Motivatioun vun dëser neier Marschroute ubelaangt. Et schéngt mer fir d’éischt emol alles aanescht wéi pertinent ze sinn, fir mat enger an der selwechter Methode, wéi dem appui budgétaire, den Exigenzen a Bedürfnisser vun alle Menschen an allen Entwécklunglänner gerecht wëllen ze ginn, ganz nom Motto « one size fits all » ; dat ass scho liicht méi komplizéiert an méi reng.

Desweidere froën ech mech, wou déi wierklech Appropriatioun läit, wann en Donateur zwar direkt Suen an de Budget vun engem Entwécklungsland fléisse léisst, mee gläichzäiteg ganz Kohorten vun Experten aus dem Norden an de Finanzministäre vun deem Land depechéiert, fir d’Kontroll vun der Gestioun vun deene Budgetshëllefen dann trotzdeem awer erëm ze iwwerhuelen. Do schéngt et mer, datt déi eng Hand dat erëm zeréckhëllt, wat déi aner scheinbar grad ginn huet.

A virun allem -wann ech hei vu Kontrolle schwätzen-, ass et dann net esou, datt déi Approche, déi mir hunn - nämlech praktesch all bilateral Programmer iwwert d’Lux-Development ofzewéckelen - et méiglech mécht genee ze verfollegen, all Dag um Terrain, wat mat de Suë geschitt, wou se hi ginn, an esou e Maximum ze maachen, fir datt déi Suen deenen ze gutt kommen, deenen se sollen ze gutt kommen, nämlech deenen Äermsten vun deenen Aarmen ? Dës eigentlech rhetoresch Fro ass fir mech eendeiteg mat engem kloere Jo ze beäntwerten.

Dat heescht net, dat mer eis Partner net wéilten méi no um Werdegang vun de Programmer associéieren. Au contraire, mir halen de Prinzip vum Partenariat ganz héich. Dat heescht och net, dat do wou national Kompetenzen an eisen Zillänner bestinn, mer net wëllen an géifen op déi zrëckgreifen. Au contraire, och dat gehéiert zum Partenariat an och dat wëlle mer maachen, do wou et Sënn mécht.

Wat mer och ëmmer méi staark wäerten ënnerstëtzen - am Sënn vun méi Efficacitéit - dat ass eng koherent sektoriell Approche, déi de Besoinen an de Prioritéiten entsprécht, esou wéi eis Partner se définiéieren an esou wéi mir se och gesinn.

Voilà, Här Président, dat wäer et elo bal gewiescht fir dëst Joer, awer och nëmme bal.

Ech hätt nach eng Rei Saachen zu der Organsiatioun vun eiser Coopératioun ze soë gehat. Ech loossen dat awer elo sinn, well –éischtens- an der Direction de la Coopération en audit organisationnel am gaangen ass - ech wäert selbstverständlech mech an deenen nächste Wochen oder Méint mat der zoustänneger Kommissioun iwwert d’Resultater vun deem audit, an deem mer gutt virukommen, ënnerhalen a well awer och –zweetens- ech dat Wichtegst zur Organisatioun scho gesot hunn, andeems ech mech mat der Fro vun de Kontrollen an méi spezifesch där vun der Aide budgétaire ausernanergesat hunn.

Ech hätt nach vill aner Sujete kënne beliichten ; ech hätt hei nach op villes méi missten agoen. Ech hätt missten iwwert d’Pandémie vum Aids schwätzen, déi all Dag Dausende vun Affer fuerdert an déi all ze oft all Développement erëm futti mécht. Ech hätt missten vun Hong Kong schwätzen a vun der Wichtegkeet vum Handel am méi breeden Doha-Entwecklungsagenda. Ech hätt missten iwwert déi geographesch Konzentratioun vun eiser Coopératioun schwätzen. Ech hätt missten vun de Fraën an de Kanner schwätzen, déi méi wéi anerer nach ënnert der Ënnerentwécklung ze leiden hunn, an déi eigentlech missten am Zentrum vun all Entwécklungspolitik stoen – mir probéieren dat, et geléngt eis oft, mee net ëmmer.

Dat Alles, Här President, sinn nëmmen e puer Beispiller – et ginn der honnert méi.

Ech hu mech haut op d’Defise vun der Coopératioun konzentréiert. Ech hätt och misste vun den Succèse schwätzen. Et ginn do déi kleng an déi grouss Succèsen. Déi eng sinn, esou wichteg wei déi aner, mee déi grouss gesi mer besser, och wann et dacks nëmmen Deelsuccèse sinn, des victoires d’étapes géif een am Jargon cycliste soen.

Esou Succèsen ginn et an dräi vun eisen Zillänner ze verzeechnen, ech schwätze vum Vietnam, vum Salvador an vum Cap Vert.

Am Vietnam ass eng ganz positiv ekonomesch Evolutioun am gang. Joer an-Joer aus, kann de Vietnam, fir déi Evolutioun ze begleeden, op en Total vu méi wéi 3 Milliarden Dollar Entwécklungsgelder, tous donateurs confondus, zréckgräifen. Dat ass enorm, mee et däerf een net vergiessen datt de Vietnam 84 Milliounen Awunner huet. Mam Vietnam hu mer d’lëscht Woch een neie Programm iwwer fënnef Joer ënnerschriwen. Dat jäerlecht lëtzebuerger Engagement wäert sech op 10 Milliounen Euro belafen, dat ass liicht méi wéi bis elo. Mir wëllen do verstärkt en Akzent an deenen äermste Regioune sëtzen. De Vietnam huet eng reell Chance fir sech 2010 oder 2015 kënnen aus dem Cercel vun deenen äermsten Entwécklungslänner ze verabschiden. Dat ass deen Deelerfolleg, zu deem mir gehollef hunn eppes bäizedroen. Dat ass deen defintiven Succès, dee mir virun den Aen hunn an op dee mir mussen hischaffen.

Ähnleches gëllt fir de Salvador. Dat Land huet sech och ekonomesch positiv entwéckelt an deene leschte Joeren. Och de Salvador huet d’Chance fir an deenen nächste Joeren oder am nächste Joerzéngt kënnen ze soen "mission accomplie"? wat d’Entwécklung ubelaangt. Ech hunn d’salvadorianesch Regierung am leschten November fir déi positiv Evolutioun felicitéiert an hinne verséchert dat mir hinnen net vun engem op den aneren Dag wäerten de Réck kéieren, mee datt mir bereet wieren si eng weider Period ze begleeden, net am Sënn vun engem klasseschen Entwécklungsprogramm, mee am Sënn vun engem Programm deen dorop erausziilt fir déi positiv Acquisen ze konsolidéieren. De Programm wäert deemno och "Programme de consolidation"? heeschen – dat ass eppes Neies, och fir eis, a mir wäerten dee Programm am Laf vum Joer mat de Salvadorianer ausschaffen.

Och am Cap Vert ginn et Succèsen ze verzeechnen; ech hunn d’Situatioun um Cap Vert d’lescht Joer am Detail beliicht. Ech bleiwen bei deem wat ech d’lescht Joer gesot hunn. Et besteet eng speziell Relatioun tëschent Lëtzebuerg an dem Cap Vert, tëschent de Lëtzebuerger an de Capverdianer. Dës speziell Relatioun verpflicht. Si ass zugläich Richtungsweiser a Moosslat fir dat ëmmer méi starkt Partenariat wat déi zwee Länner verbënnt. Mir sinn entretemps dee wichtegste Partner vum Cap Vert. Dat ass gutt esou, a wann et nëmmen un eis soll hänken, da soll dat och esou bleiwen.

Dës Succèsen, Här President, sinn tangibel. Si mussen sech nach an den nächste Joere bestätegen. Mir konnten se och net eleng a fueren. Mir hunn dat gemaach mat eise Partnerlänner zesummen. Mir hunn dat gemaach zesumme mat internationalen Institutiounen an aner Geberlänner. Mä mir hunn dat virun allem zesumme gemaach mat deene ville Lëtzebuerger déi Dag fir Dag hëllefen ee Steen op deen aneren ze sëtzen am groussen Haus vun der lëtzebuerger Coopératioun. Dofir geet zum Schluss mäi grousse Merci un all si: d’Membere vun dësem heigen Haus, meng Kolleegen aus der Regierung, d’Leit aus der Coopératioun, dem Ausseministär an deenen anere Ministären, d’Leit vun der Luxdev, eis Leit dobaussen um Terrain an déi, déi eis international vertrieden, déi vill Leit déi sech an ONGen engagéieren oder si ënnerstëtzen a viller méi.

Eleng kënne mer näischt, zesumme kënne mer vill.

Ech soen iech merci.

Dernière mise à jour