Déclaration sur la politique de coopération au développement 2007 (version originale luxembourgeoise)

Le ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire, Jean-Louis Schiltz, a présenté la "Déclaration sur la politique de coopération au développement et de l'action humanitaire" du Luxembourg le 24 avril 2007 à la Chambre des députés.

Veuillez trouver ci-joint le texte de la Déclaration:

- Seul le discours prononcé fait foi -

I. Introduktioun a generelle Kontext
II. Développement a Commerce
III: Développement a Gouvernance
IV. Chancen an Opportunitéiten fir d'Zukunft

I. Introduktioun a generelle Kontext

Nëmmen déi déi d’Vergaangenheet kennen an och verdaut hunn, kënnen d’Zukunft och matopbauen.

Et ass schwéier fir e Kontinent, op deem d’Grenzen op ville Plazen vun anere mam Lineal gezu gi sinn, fir seng Entwécklung selwer an de Grapp ze huelen. Dat emsou méi dat Ganzt geschitt ass, ouni irgendwelech Rücksicht op dat wat d’Leit sinn oder och dat wat se net sinn; et huet keen oder kaum een deemols gefrot, wat géif zesumme gehéieren a wat net.

Et ass schwéier, fir e Kontinent op dem – virun enger oder annerhalwer Generatioun nach – anerer, déi dacks vu wäit hier komm sinn, de Leit gesot hunn, wat se ze maachen hunn a wat net. Dat emsou méi déi ganz Saach och nach institutionaliséiert war a sech Kolonialherrschaft genannt huet.

Et ass schwéier fir e Kontinent vun deem aus, während Joerhonnerten, Mënschen, wéi Wueren oder Véi, op aner Kontinenter exportéiert gi sinn, fir seng Entwécklung selwer an de Grapp ze huelen. Dat emsou méi d’Sklavenhändler – déi europäesch, mä awer och déi amerikanesch, déi arabesch an hir afrikanesch Komplizen – nëmmen déi sougenannt Bescht a Gesondst ausgewielt hunn, fir si a Schëffer ze perchen, déi a Richtung vun enger onsécherer a schrecklecher, jo onbeschreiwlecher Zukunft opgebrach sinn.

An dach ass villes wat haut an Afrika geschitt absolut bemierkenswert.

Am Bénin ass op eng demokratesch Manéier d’lescht Joer en neie President gewielt ginn. Dat selwecht ass wouer fir de Liberia. D’Leit am Bénin an am Liberia setze grouss Hoffnungen an hir Presidenten Yaya Boni, dee jo schonns hei zu Lëtzebuerg war, op däer enger Säit an Ellen Johnson Sirleaf, op däer anerer Säit.

Mä, wéi den International Crisis Group et pertinent bemierkt, si Walen wéi déi am Liberia nëmmen een Unzeeche vun enger positiver Entwécklung no 25 Joër Onrouen, Corruptioun a Mësswiirtschaft. Eng Period vu Reconstructioun a Réhabilitatioun ass néideg, fir den Essai vun esou positiven Usäz och um Terrain vun der nohalteger Entwécklung ze réaliséieren. Zënter Februar ass Lëtzebuerg Member vun der UNO Peacebuliding Commission a setzt sech verstäerkt, am Kader vun senger humanitairer Hëllef, an esou kruzialen Iwergangssituatiounen an.

Dat Bild vu positiven Usäz, vun deenen ech elo grad geschwat hunn, gëtt dann op anere Plazen erëm getrübt vu Kricher a Gemetzels am Darfour, a Somalien an op anere Plazen.

Darfour a Somalien, dat sin zwee Termen, zwou Regiounen, déi sti fir Gemetzels a Verbriechen géint d’Menschheet. De Skandal ass dat wat geschitt op der Plaz, mä de Skandal ass och datt déi international Communautéit, dat heescht mir alleguer heibannen och, et net fäerdeg bréngen dat Ganzt fir d’éischt ze bremsen, dann auszebremsen a schlussendlech zum Gudden hin ze wenden. Ech war vrun zwee Joer am Darfour, ech hunn deemols gesot, wou ech zréckkoum, ech géif kee Liicht um Enn vum Tunnel gesinn. Ech soen iech haut: d’Situatioun ass seitdeem just nach méi schlecht ginn. Duerfir kënne mer net oft genuch an net haart genuch eis staark maachen - heibannen, mä och dobaussen an an den internationale Gremien - fir datt endlech e Ruck duerch d’Saache geet a beispillsweis am Darfour endlech d’UNO kann Truppen déployéieren, wat alt wéinstens den Ufank vun enger Léisung géing duerstellen, och wann duerno nach alles ganz laang onendlech komplizéiert wäert sinn, bis mer - och mat diplomateschen an politeschen Moyenen - eis zu enger durabeler Regelung vun deem Konflikt kënnen duerchrëngen.

Virum Hannergrond vun dëse positiven an negativen Entwécklungen um afrikanesche Kontinent huet d’Lëtzebuerger Cooperatioun hiirt Zil vun 1% vum RNB weider fest am Bléck. D’Budgetsvirgab fir dëst Joer gesäit 0,9% vir. Domatter figuréiere mer zesumme mat Norvegen a Schweden a virun Dänemark an Holland am Spëtzepeloton. Ech si frou datt dëst Zil weider vun alle Parteien heibannen gedroen gëtt.

Et ass mer awer och ëmmer erëm wichteg ze betounen datt mer eis net nëmmen fir ee quantitativ héigen Effort staark maachen, mä datt mer och am gläiche Mooss op Qualitéit setzen, an och dëse qualitativ héigwäertegen Effort vu Lëtzebuerg gëtt international unerkannt. Zu däer Qualitéit gehéieren Elementer wéi eng staark geographesch Konzentratioun, eng staark sectoriell Konzentratioun, awer och eng zolidd Präsenz um Terrain, mir hunn elo dëst Joer, wei schonns méi laang annoncéiert, eis Bureauen zu Ouagadougou a Managua opgemaach. Zu däer Qualitéit gehéieren och déi méi programmatesch Approche déi eis Programmes Indicatifs de Coopération vun der zweeter Generatioun charaktériséiert, mais awer och e konsequent Weiderdreiwen vun eisen Efforten am Beräich Suivi, Evaluatioun a Kontroll. Mir wëllen do dëst Joer an d’nächst Joer e besonneschen Akzent bei den ONGen setzen. D’Directioun vun der Cooperatioun ass desweideren amgaang d’Recommendatiounen vum Audit Organisationnel emzesetzen an och d’LuxDev huet sech un der Spëtzt dëst Joer nei organiséiert, an dat ass gutt esou.

All déi Saachen an anerer méi erlaben eis et nach méi efficace ze schaffen, an ech kann iech versécheren datt mer weiderhin e Maximum wäerten maachen fir sécherzestellen datt d’Fongen och deenen zegutt kommen deenen se sollen zegutt kommen, nämlech deenen Äermsten vun deenen Aarmen. Dat ass fir mech als politesche Responsabelen, wéi d’ailleurs fir all déi aner déi Verantwortung an der Lëtzebuerger Cooperatioun droen, eng Suerg vun all Dag, eng permanent Suerg.

Esouwäit zu den quantitativen an qualitative Standbeen vun der Lëtzebuerger Entwécklungspolitik. Konzentréieren wëll ech mech haut awer op zwee aner Sujeten.

Ufänke wëll ech haut mam Thema vum internationale Commerce. Net dovunner ze schwätzen am Joer 2007 wär e grave Feeler, well et ass dat Thema wat den Agenda vun dësem Joer a vun deenen Nächsten kloer wäert dominéieren. An duerfir wëll ech haut hei am Detail op dee Sujet agoen.

Duerno wëll ech mech an engem zweeten Deel vu menger Interventioun mat der Fro vun der Gouvernance ausernanersetzen (2e sujet), eng Fro déi ech schonns virdrun mat de Beispiller vum Bénin a Liberia kuerz gesträift hunn.

A well ech mech dëst Joer am Detail mat deenen zwou Froen, déi vum internationale Commerce an déi vun der Gouvernance, ausernanersetzen, wäert ech och e puer aner Sujeten, op déi ech soss alt méi am Detail agaang sinn, dëst Joer ganz ewech loossen.

Mir hate jo Geleeënheet an der Commissioun an och op der éischter Editioun vun den Assisen vun der Lëtzebuerger Cooperatioun iwwert eng ganz Rei Sujeten ze discutéieren. Déi zweet Editioun vun den Assisen am September dëses Joers wäert eng weider Geleeënheet dozou bidden.

II. Développement a Commerce

D’international Communautéit huet sech am Joer 2000 kloer Objectiver gesat. Et sinn dat d’Objectifs du Millénaire, an et geet un alleréischter Stell drëm fir d’Aarmutt an der Welt bis zum Joer 2015 ëm d’Halschent ze reduzéieren.

Dofir brauche mer, international gesinn, zousätzlech Mëttelen fir d’Entwécklungspolitik a mir brauchen, och international gesinn, eng efficace an uerdentlech strukturéiert Entwécklungspolitik. Mir sinn am iwweregen wat déi zwee Punkten ubelaangt um gudde Wee, wéinstens an der europäescher Unioun.

Wa mer awer d’Erausfuerderung vum Développement wëlle meeschteren, da musse mer et awer och fäerdeg bréngen d’Entwécklungslänner an den internationalen Commerce mat eran ze féieren; mir mussen et fäerdeg bréngen hir ekonomesch Aktivitéiten – déi deenen si noginn, an déi déi si nach wäerten développéieren – op eng intelligent Manéier an de Kader vum internationale Commerce mat anzebannen. Esou datt si sech kënnen entwéckelen, esou datt si hir Entwécklung selwer kënnen an de Grapp huelen.

Brénge mer dat net fäerdeg, esou wäerten eng ganz Rei vun deene positive Saachen, déi mer an der Cooperatioun maachen, zwar net sënnlos ginn, mä si wäerten op jiddwer Fall net déi flächendeckend an durabel positiv Effeten bréngen déi mer eis erwaarden, op enger Zäitschinn vun 20 oder 30 Joer gekuckt, a mir wäerten dann ëmmer erëm an ëmmer erëm missen nobesseren oder op en Neits den Entwécklungslänner Ënnerstëtzung zoukomme loossen.

Mir brauchen déi klassesch Cooperatioun an den Beräicher Gesondheet, Schoulen a Waasser fir d’Basis vun der Entwécklung ze schafen – dat ass indispensabel. Mä duerno, wa mer d’Spiral vum Assistanat wëlle briechen – an dat wëlle mer – wa mer wëllen datt d’Afrikaner hir Entwécklung selwer an de Grapp huelen – an dat wëlle mer – , jo da musse mer et fäerdeg bréngen datt si op der Bühn vum internationale Commerce kënnen als vollwäerteg Acteure matspillen, datt si sech do erëm fannen an hir Plaz op däer selwechter fannen. Net well et drëm geet fir à tout prix den internationale Commerce ze förderen. Net well et drëm geet à tout prix ze commercéieren. Mä well et drëm geet duerch Commerce Wuesstem ze schafen – am Intérêt vun de Leit – well dee Wuesstem Ressourcë generéiert, well déi Ressourcen zu Steierrecette féieren a well déi Recetten da kënne vum Staat agesat ginn fir Politiken – Beispill Sozialpolitik – am Intérêt vun de Mënschen ze gestalten.

Et kann een elo e Frënd sinn vun der Globaliséierung, oder och net – dat ass jidderengem säi gutt Recht. Mä dat ass net de Punkt hei, dat ännert näischt un der Saach. De Punkt ass datt mer d’Globaliséierung hunn; si ass do, ob mer et wëllen oder net, a mir mussen eis domatter ausenaner setzen, ob mer et wëllen oder net.

A grad esou wéi mer eis asetzen fir déi ekonomesch Komponent vun däer Globalisatioun sozial an ökologesch ze steieren, musse mer och déi entwécklungspolitesch Komponent mat erabréngen – dorëms geet et, et ass do wou mer d’Saachen och musse steieren.

Mä mir mussen eis awer grad esou vun deene falsche Frënn an Uecht huelen. Déi déi d’Afrikaner wëlle gleewen doen, si kéinten den Duerchmarsch, zuer positiver Entwécklung hin, an der totaler Autarcie – esouzesoen um Rand vun der Globaliséierung – gestalten, féieren d’Leit ier, si streeën hinne Sand an d’Aen. Den Zaungast, deen der Globalisatioun vu wäitem nokuckt, näischt domatter ze dinn huet an nawell voll dovunner profitéiert, gëtt et ganz einfach net. Et ass irresponsabel de Leit virzegaukelen, datt Afrika an d’Afrikaner hir Entwécklung selwer kéinten an de Grapp huelen, ouni och international wirtschaftlech matzespillen an ouni och dementspriechend mat vun de wiertschaftleche Friichte vum internationale Commerce ze profitéieren. Déi déi dat behaapten, wäerten, wann se sech dann duerchsetzen – wat ech net hoffen a wougéint ech mech wieren – just eppes erreechen, nämlech d’Pérennisatioun vum Assistanat iwwert Joerzéngten eraus.

Dat ass net mäin Zil, dat wëlle mer net an dat wäerte mer bekämpfen.

Wat mer wëllen, dat sinn Instrumenter, déi et eis erlaben d’Globalisatioun matzesteieren. Am Intérêt vum Développement. Am Intérêt vun deene Millioune Männer, Fraen a Kanner déi Dag fir Dag mat manner wéi engem Dollar iwwerliewe mussen.

D’Joer 2005 war um internationale Plang d’Joer vun der Neigewiichtung an der Relance vun der Entwécklungszesummenaarbecht. D’Joer 2007 kann a muss d’Joer vun der Neidefinitioun vun den internationalen Handelsregele ginn. Zu Gonschten vun der Entwécklung.

Mir stinn hei virun op mannst zwee wichtege Rendez-vousen, déi déi eenzegaarteg Gelegenheet bidden d’Entwécklungslänner méi einfach a besser an d’international Handelsbezéiungen mat anzebezéien.

Deen Éischten vun deene Rendez-vousen ass den aktuellen Verhandlungszyklus vun der Welthandelsorganisatioun (OMC), besser bekannt als Doha-Ronn fir Entwécklung.

Ech well nëmmen kuerz hei d’OMC erwähnen. Trotz allen Imperfektiounen – mä dat ass en anert Thema – kéint di Doha-Ronn Verbesserunge mat sech bréngen, déi den Entwécklungslänner zegutt géife kommen. Ech schwätzen hei besonnesch vun Elementer wéi d’Ofschafen vun den Export-Subsiden fir landwirtschaftlich Wueren aus den entwéckelte Länner oder vun enger grousser unilateraler Ouverture vun de Mäert fir d’Exporter vun de manner entwéckelte Länner.

Et ass deen zweete Rendez-Vous op deen ech hei wëll méi am Detail agoen. Ech schwätzen vun den Accords de partenariat économique oder APEen, déi den Ament tëscht der europäescher Unioun an den AKP-Staaten verhandelt ginn. Déi Accorden kënnen esou Steierungsinstrumenter am Intérêt vum Développement sinn. A mengen Aen musse si et esouguer sinn.

Ech wëll verschidden Aspekter vun deenen Accorden haut hei beliichten, net wéinst den Accorden selwer, mä wéinst dem wegweisenden Charakter, deen si kënnen hunn wat déi generell Orientatioun vum internationale Commerce an deenen nächste Joerzéngten ubelaangt, och iwwert d’Grenzen vun Afrika an Europa eraus.

Awer fir d’éischt emol zum Kalenner. Déi Verhandlungen sollen/musse bis Enn des Joers ofgeschloss sinn, well den aktuellen EU-AKP-Handelsregime entsprecht nämlech net de Regele vun der OMC, an dofir hunn am Joer 2000 d’EU an d’AKP-Staaten och en Délai vun aacht Joer zougestane krit fir hire bilaterale Régime an d’Rei ze bréngen. Deen Délai leeft dementspriechend Enn dëses Joers aus!

Dee Stéchdatum soll net op d’liicht Schëller geholl ginn, well wa mer en net géifen respektéieren, kéint dat gravéirend Folgen hunn. Esou géif zum Beispill fir déi mannst entwéckelt Länner, les pays les moins avancés oder PMAen, de Regime „everything but arms“ zesummebriechen, well dee Regime net OMC-konform ass. Pour mémoire, „everything but arms“ erlaabt et den PMAen ouni droits de douane hir Produiten an d’EU ze exportéieren – dat wier dann, wann et net zum Ofschloss tëscht der europäescher Unioun an den AKP-Staaten kéim, eriwwer. Den Accès op déi europäesch Mäert géif natiirlech doduercher an Zukunft wesentlech méi schwéier voire an der Praxis onméiglech ginn fir déi Länner.

Déi aktuell Verhandlungen mussen also schnell weidergedriwwe ginn, dat emsou méi bis dato nach keen – ech widderhuelen: nach keen – amstand war eng glaafwiirdeg Alternativ virzeléen. Ech waarden nach ëmmer…

Wat ass oder soll dann elo den Inhalt vun deenen Accorden sinn? Wat sinn di wichtegst Elementer? Ech wëll der hei véier uspriechen. Dat éischt ass dat vun der Asymmetrie. Dat zweet dat vu spezifesche Protektiounsregelen fir deen een oder aner besonnesch sensibele Secteur. Dat drëtt dat vun der regionaler Integratioun an dat véiert dat vum Développement vun de Capacitéiten.

Schon eleng des Opzielung weist dat dës Accorden net einfach Fräihandelsaccorde sinn, wéi verschiddener dat net midd ginn ze behaapten.

Fir d’éischt zuer Fro vun der Asymmetrie.

D’APEen musse sech duerch eng staark Asymmetrie tëschent dem Süden an dem Norden auszeechnen.

Eng Asymmetrie an der Zäit – fir d’éischt praktesch direkt eng Ouverture vun de Mäert op der Säit vun Europa an dann eréischt, 15, 20 oder 25 Joer duerno, eng Ouverture op der Säit vun den ACPen.

Eng Asymmetrie awer och wat d’Produiten ubelangt. Eng quasi-integral Ouverture vun der Säit vun Europa, eng Deelouverture oder vill méi eng kleng Ouverture nëmme vu Säiten vun den ACPen.

Dat heescht datt d’EU am ekonomesche Beräich kuerzfristeg praktesch all Restrictiounen, déi nach – souwuel bei den Tarifer wéi bei de Quantitéiten – fir AKP-Exporter bestinn, misst ofschafen. Während deems géif dat op der Säit vun den ACPe vill méi lues a progressiv goen, an d’ACPe kéinten och eng Protectioun vis-à-vis vu ronn 20% vun den EU-Exporter, iwwert d’Iwwergangszäit eraus, bäibehalen, also bis no 2020 oder 2025 an nach méi laang.

Dat lescht Element ass mer besonnesch wichteg, an dat bréngt mech och zu mengem zweete Punkt, nämlech dee vun de spezifesche Regelen fir besonnesch sensibel Secteuren.

Et ass meng Iwwerzeegung, datt all Kontinent, all Regioun op der Welt d’Recht muss hunn fir seng Landwirtschaft esou ze organiséiren wéi dee Kontinent oder déi Regioun dat fir richteg ëmfënnt.

Dat ass eng Fro vun der Sécurité alimentaire, mä och eng Fro vun der Souveraineté alimentaire, fir emol zwee franséisch Wierder ze gebrauchen.

Ech revendiquéieren dat Recht (vun all Kontinent fir seng Landwirtschaft esou ze organiséieren wéi hien dat fir gutt fënnt) am iwweregen och fir d’europäesch Unioun – ech schwätzen hei vun der Politique agricole commune, vum Prinzip vun däer selwechter, net vun hirem Inhalt.

Mä ech revendiquéieren dat Recht awer och a virun allem fir Afrika. Well wann ech mir selwer d’Recht zougestinn meng Landwirtschaft intern esou ze organiséieren wéi ech dat fir gutt fannen, da muss ech deem aneren dat Recht och zougestoen. Dat ass élémentaire, mä dee Raisonnement geet nach méi wäit. Wann ech mer d’Recht eraushuelen – zu Recht, wéi ech mengen – meng Landwirtschaft esou ze organiséieren wei ech dat fir gutt fannen, dann heescht dat awer och datt ech d’Obligatioun hunn deem anere Kontinent seng Landwirtschaft net ze désorganiséieren. Dat heescht da ganz konkret datt et ee fir allemol muss Schluss si mat deene bëllegen – well au départ subventionéierten – europäesche Pouleten um Maart vun Dakar. Et kann net sinn datt mir op däer enger Säit Afrika massiv ënnertstëtzen an dann op däer anerer Säit villes erëm futti maachen andeems mer d’Mäert vun Dakar, Accra a soss och iwwerall mat bëllegen, subventionéierte Pouleten inondéieren an esou all Efforten fir eng eegestänneg Landwirtschaft ze entwéckelen, erëm zerstéieren. Lëtzebuerg exportéiert am iwweregen keng däer Pouleten, mä als Member vun der europäescher Unioun kënne mer net maache wéi wann déi Fro eis näischt géif ugoen.

Op d’Fro vun de Moossname fir d’Landwirtschaft op engem bestëmmte Kontinent ze organiséieren, äntwërten ech deemno kloer mat „Jo“. Op d’Fro no Mesuren déi negativ Effekter op aner Kontinenter hunn, ass meng Äntwert deemno ee kloren "Nee".

Zum Thema vun den Exportsubventiounen wëll ech d’ailleurs niewebäi bemierken datt am Pak vun der OMC vun Hong-Kong aus dem Dezember 2005 virgesi war, datt dës Exportsubventiounen bis 2012 sollen géint Null geféiert ginn, mä och dat ass jo elo erëm a Fro gestallt, well duerch d’Suspensioun vun den Diskussiounen an der OMC och den Hong Kong Pak erëm opgemaach ginn ass. Nach méi niewebäi bemierkt, wëll ech drun erënneren datt ech Hong Kong éischter als en halwen Echec als wéi en halwen Succès ugesinn.

Et kéint esou einfach sinn, wann de Prinzip vun der Liewensmëttelsécherheet am primäre Sënn vum Wuert, géif am Mëttelpunkt stoen, vun all Mensch géif akzeptéiert ginn a sech och géif dru gehale ginn.

Dei Fro ass keng neutral, et ass eng Fro déi eis nach laang wäert beschäftegen.

Mir schwätzen haut vill vun Ëmwelt an Energie, an dat ass och richteg esou, well dat sinn zentral Themen. Ech fäerten awer datt, wa mer an deenen nächste Joeren d’Saachen net richteg upaken, mer am selwechte Mooss eis an Zukunft wäerte mat der Fro vun der Landwirtschaft an der Ernährung mussen ausernaanersetzen.

Haut si mer zu 6 Milliarden op de Welt. 2050 wäerte mer zu iwwer 9 Milliarden sinn, d’Bevëlkerung vun deene 50 äermste Länner vun der Welt wäert sech bis dohinner verduebelen. Wa mer bis dohinner d’Fro vun der Ernährung vun der Menschheet – an deemno och déi vun der Organisatioun vun der Landwirtschaft op deene verschiddene Kontinenter – net op eng durabel Manéier an de Grëff kritt hunn, jo dann, spéitstens dann wäert et ganz rau ginn, a spéitstens dann riskéieren mer datt op enger vaster Echelle Menschen géint aner Menschen mat Gewalt wäerte virgoen, schon eleng nëmmen fir eppes an de Bauch ze kréien.

Här President, dir Dammen an dir Hären,

Déi Fro déi ech hei beliichten geet selbstverständlech iwwert de Kader vun deenen Accorden tëscht der europäescher Unioun an den AKP-Staaten eraus. Si kéint awer den Ufank oder den Usaz vun enger Äntwert am Kader vun deenen Accorden fannen.

Ech wëll dann elo zu dem drëtte wichtege Bestanddeel vun den APEen iwwergoen. Dësen drëtten Aspekt ass dee vun der regionaler Integratioun. En ass genau wéi de véierten Aspekt vum Développement vun de Capacitéiten zwar manner bekannt wéi aner Aspekter, mä dofir net méi onwesentlech.

D’regional Integratioun huet eis an Europa an deene leschte Joerzéngten e groussen Opschwong bruecht, si huet Lëtzebuerg, mä och anere vill bruecht – dat solle mer net vergiessen.

An dat wat wouer ass an deem Zesummenhang fir Europa, kann och wouer sinn fir Afrika an déi aner AKP-Staaten.

Ouni regional wiertschaftlech Integratioun komme mer kaum weider. Vun deem Standpunkt aus gesinn, kéinten d’APEen decisiven Driff mat an d’Saach erabréngen. Et muss awer séchergestallt ginn datt déi integréiert regional Mäert entstinn a funktionéieren, ier datt et zu enger Ouverture no baussen hin, zuer europäescher Unioun hin, ka kommen.

Et geet drëm datt, le moment venu, sechs méi grouss a méi staark wirtschaftlech Ensemblen der EU géigeniwwer stoen. Amplaz, wei dat haut de Fall ass, 77 Länner mat 77 isoléierten an deemno mei schwaachen Economien.

Dëst brengt mech zu mengem véierten Punkt.

Et ass jo elo sou – an dat wëll ech hei och net verheemlechen – datt eben grad dee multidimensionalen an innovative Kader vun den APEen zu Adaptatiounen a Mutatiounen an deene selwechte 77 Länner wäert féieren. Déi Adaptatioune sinn noutwenneg fir datt déi positiv Effeten vun den APEen voll zum Droe kommen – et ass nëmmen esou wéi et zu enger nohalteg positiver Entwécklung an den AKP-Länner ka kommen.

Déi Adaptatioune sinn awer net zum Nulltarif ze kréien, dat ass kloer. An et ass genau do wou d’europäesch Entwécklungspolitik am zoliddste wäert gefuerdert sinn. Et ass do wou d’AKP Länner grouss Erwardungen un eis hunn – zu Recht d’ailleurs. Et ass do wou mir si net däerfen enttäuschen an et ass do wou mer en définitive wäerten erausfannen wei sérieux jidder eenzele vun de 27 EU-Memberstaaten et mengt, wann hien d’Wuert vu „Partenariat“ an de Mond hëlt.

Et geet hei net drëm, dat well ech nach eng Kéier kloer soen, d’AKPen ze entschiedege fir Accorden déi global negativ Konsequenzen hätten. Et geet drëm, déi positiv Effekter vun den APEe fir d’AKP-Länner duerch eng intelligent Ennerstëtzung ze maximéiren. Et geet drëm de gemeinsame Wee esou ze gestalten an déi Accorden esou ze begleeden datt déi positiv Effete vun deene selwechten esou séier wei méiglech an am vollen Empfang zum Droen komme kënnen:

– Dat heescht datt mer mussen eis Partner am Süden ënnerstëtzen beim Opbau vun neie Capacitéiten. An zwar déi Capacitéiten déi néideg sinn fir déi regional Integratioun virunzedreiwen. Déi déi néideg sinn fir dat reglementäert Emfeld ze reorganiséieren. Déi déi néideg sinn fir dann déi nei Regelen, besonnesch déi aus dem wiertschaftlechen Emfeld, och konsequent ëmzesetzen.

Esou brauche mer zum Beispill Verwaltungen, déi et fäerdeg bréngen dat Ganzt ze organiséieren – do wou Organisatioun erfuerdert ass – an dat Ganzt ze begleeden – do wou Begleedung erfuerdert ass. Mir brauchen ganz besonnesch Verwaltungen déi et fäerdeg bréngen Steieren op eng gerecht, novollzéibar a vertriedbar Manéier ze erhiewen, Verwaltungen déi et fäerdeg bréngen d’Economie ze stimuléieren an net ze hënneren. Mä och am Privatsecteur brauche mer Begleedung a Formatioun, an iwwerhaapt alles dat wat mat „capacity building“ a wiertschaftlecher Gouvernance ze dinn huet; mir brauchen Ursprungsregelungen déi den Zougang zu de Mäert erliichteren, eng Vereinfachung an Harmonisatioun vun de Prozeduren, Regelen déi d’Investitiounen schützen, etc, etc.

Fir datt mer dat Ganzt hikréien, musse mer awer och – op enger, wei ech mengen, temporärer Basis – Finanzmëttel bereedstellen fir déi Ausfäll déi duerch d’Reduzéirung vun den Douanestaxen veruersaacht ginn, auszebalancéieren.

Desweideren mussen d’Infrastrukturen um Gebitt vun der Energie a vum Transport verbessert ginn.

Eis Aktioune mussen awer och esou ausgeriicht a gewiicht sinn datt eis Partner am Süden kënnen– mat eiser Ënnerstëtzung –produktiv Capacitéiten entwéckelen – ech schwätzen hei vum Privatsecteur, ënnert anerem vun de PMEen a vum „esprit d’entreprise“ méi generell. Et geet nämlech letzendlech hei ëm d’Opbaue vun engem positiven Handelsklima an ëm Investissementer an Afrika, Investissementer déi dee Kontinent batter néideg huet.

Mir mussen alles dat maachen – a wann ech soen "mir", da mengen ech domatter d’Afrikaner an d’Europäer, zesummen an engem gutt konzipéierten a konkret geliewtem Partenariat.

Mir mussen alles dat maachen, net fir de Plëséier fir ze reforméieren an ze réorganiséiren, mä well mir wëllen datt à terme d’Afrikaner hir Entwécklung selwer kënnen an de Grapp huelen a mer vun der permanenter Assistanats-Schinn erof kommen.

D’Cooperatioun ass kee Selbstzweck, si déngt der Eradicatioun vun der Aarmutt. Si däerf op kee Fall zur Pérénnisatioun vum Assistanat féieren, an duerfir ass dat alles esou wichteg. Et geet hei ëm Honnerten vu Millioune vu Menschen, déi net ëmmer ërem froen „nach an nach“ an „nach an nach“, mä et geet ëm Mënschen déi op näischt méi ongedëlleg waarden wéi datt si hiert Schicksal endlech kënne selwer an de Grapp huelen. Dat alleng ass Grond genuch fir eng zolitt Hand mat unzepaken, et ass der Méi wäert.

***

Dir sot iech elo vläicht dat do ass alles enorm a komplizéiert a kaum ze réaliséieren– ech soen iech et ass ze maachen, wa mer all un engem Strang zéien.

Dir sot iech elo vläicht dat do ass dach alles net ze finanzéieren – ech soen iech och dat ass ze maachen: mir, dat heescht d’Europäer, musse just dat maache wat mer versprach hunn. Net méi an net manner.

Je m’explique.

D’EU huet sech ënner Lëtzebuerger Présidence engagéiert global bis 2010 0,56% a bis 2015 0,7% vun hirem Räichtum der Cooperatioun zouzewenden, dat heescht ab 2010 all Joer 20 Milliarden Euro méi fir d’Entwécklungspolitik. Et ass evident datt an deem grousse Pak vun 20 Milliarden genuch Fongen dra sinn fir déi Adaptatiounen, vun deenen ech virdrun geschwat hunn, kënnen ze réaliséieren. D’Moyene stinn also zur Verfügung, d’Suen sinn do – et brauch keen nei Engagementer ze huelen, mir mussen eist just un dat halen wat mer versprach hunn.

Selbstverständlech mussen déi ganz Sachen elo an deenen nächste Méint a Joeren konkretiséiert an präziséiert ginn.

Dat ass d’ailleurs zum Deel scho geschitt. Fir déi Initiativen déi den Handel solle méi einfach a méi efficace maachen sinn esou zum Beispill vu Säiten vun der Unioun substantiell Zomme virgesinn – et geet elo nach drëms ze fixéiere wee wat mécht an wee wat dozou bäisteiert. E significativen Deel vum zéngte Fonds européen de développement ass och fir Programmer, wéi déi vun deenen ech virdru geschwat hunn, reservéiert. D’EU huet ausserdeem een europäesche Fong fir Infrastrukturen an Afrika opgeluecht, zesumme mat der BEI. Lëtzebuerg huet eng Millioun Euro dozou bäigesteiert. De Fong ass gëschter officiell lancéiert ginn. Een éischte Projet déngt dem Finanzement vun engem Staudamm mat deem den Approvisionnement vum Mali, vum Senegal a vu Mauretanien mat Elektresch verbessert gëtt. An ech ka mer duerchaus virstellen datt d’Opstellen vun régionalen APE-Fongen een zousätzlecht hëllefräicht Instrument kéint sinn – nach eng Kéier finanzéiert aus deem „0,56-2010/07-2015“ Pak, deen um Dësch läit.

Mir kënnen alles dat maachen, well mer ënnert Lëtzebuerger Présidence décidéiert hunn déi europäesch Entwécklungshëllef bis 2015 méi wéi ze verduebelen.

Mir mussen alles dat maachen, well et de Schlëssel fir de Succès vun deem Ganzen ass, am Intérêt vun der Entwécklung.

Mir wëllen alles dat maachen, well am Joer 2007 d’Aarmutt definitiv mënschlech inakzeptabel an ekonomesch net néideg ass. Dee lëschte Saz wor deelweis en Zitat vum Kofi Annan.

***

Här President, dir Dammen an dir Hären,

D’Diskussiounen gi weider an deenen nächste Méint an ech si frou datt d’Orientatiounen, esou wéi d’Regierung se an dësem Domaine définéiert huet, global op e positiven Echo gestouss sinn an der Chamberkommissioun.

Natierlech -an och dat wëll ech hei zu deem Thema soen- dat Ganzt huet och Potential fir schif auszegoen an ech kann och kuerz zousätzlech Délaien net total ausschléissen. Ech wëll awer net dru gleewen datt Afrikaner oder Europäer sech ënnerteneen net eens ginn an ech wëll scho guer net dru gleewen datt deen een oder aneren Europäer op d’Iddi kéim seng Engagementer ërem a Fro ze stellen.

An dann, Här President, zwou lescht Remarquen zu dem Thema:

Déi éischt: Am Sënn vum Schafen vu Méiglechkeeten fir de Privatsecteur an och fir déi déi sech am ländleche Raum aktivéieren, wäerte mer virum Schluss vum Joer mat der UEMOA, dat ass déi regional Organisatioun déi fir wiertschaftlech Froen an Westafrika zoustänneg ass, ee grousse Projet vun Entwécklung vu Capacitéiten am Beräich vun der Mikrofinanz op d’Bee stellen. Dat ass just ee Beispill, et géif elo ze wäit féieren wann ech och nach eis bilateral Initiativen, déi an dee Kader géife passen – Formatioun, Insertion professionnelle, Développement rural –, hei géif opzielen; dir fannt dat an eisem Rapport annuel deen am Juli erauskënnt.

Déi zweet Remarque: Wann den internationale Commerce sech développéiert, dann heescht dat och nei an zousätzlech Opportunitéiten fir d’Lëtzebuerger Entreprisen, an dat ass och gutt esou. Däer Opportunitéiten fir Lëtzebuerger Entreprisen ginn et awer schonns haut eng ganz Rei am Kader vun der Cooperatioun. Ech hunn déi Fro vun den intelligenten a gesonden Synergien tëscht Entreprisen a Cooperatioun d’lescht Joer hei abordéiert. Mir hunn zënter engem Joer weider dorunner geschafft. Ech wäert demnächst an engem anere Kader dorop zréckkommen.

III. Développement a Gouvernance

Här President, dir Dammen an dir Hären,

Ech hunn et agangs gesot: Mir brauchen méi Entwécklungszesummenaarbecht. Mir brauchen eng international besser strukturéiert Entwécklungpolitik.

Mir mussen et fäerdeg bréngen d’Entwécklunglänner mat an den internationale Commerce anzebetten.

Mä dat alles geet net duer. Mir brauchen och a vläicht suguer virun allem Efforten am Beräich vun der Gouvernance – fir e franséischt Wuert ze gebrauchen – oder an deem vun der Regierungsführung – fir en däitscht Wuert ze gebrauchen.

Mir wësse ganz gutt datt all Euro Entwécklungszesummenaarbecht méi ee positiven Effet produzéiert an deene Länner a Regiounen wou uerdentlech regéiert gëtt wéi an deene Länner a Regioune wou dat net de Fall ass.

Den Zimbabwe an d’Guinée-Conackry sinn zwee vun de Beispiller aus der negativer Kategorie. Mä et ginn sécherlech och positiv Beispiller, ech well hei nëmmen de Mali erwähnen. Besonnesch wëll ech awer hei och de Cap Vert ervirhiewen, deen op der Weltbank hirer Echelle déi d’Gouvernance miesst – an déi vun 0 bis 6 geet – e Score vun 4,75, dat heescht mëttelstaark bis ganz staark, kritt huet. Dëst Beispill weist datt positiv Entwécklung a gutt Gouvernance Hand an Hand ginn.

A well Gouvernance eben eppes mat Entwécklungszesummenaarbecht ze dinn huet a well eng uerdentlech Gouvernance zu bessere Resultater an der Entwécklungspolitik féiert, ass och e permanenten a structuréierten Dialog tëschent dem Norden an dem Süden vun extremer Wichtegkeet. Dat ass wouer fir Lëtzebuerg, mä dat ass vläicht nach vill méi wouer fir d’europäesch Unioun.

Duerfir gesinn ech et och als ee grousse Progrès un datt mer et fäerdeg bruecht hunn, am Joer 2005, aus dem Accord de Cotonou ee méi politeschen Accord ze maachen, een Accord wou déi politesch Aspekter méi am Mëttelpunkt stinn, sief et d’Fro vun de Mënscherechter, déi vun den Prinzipien vun der Demokratie a vum Rechtsstaat oder och nach Froekomplexer wéi déi vun der internationaler Geriichtsbarkeet oder dem Kampf géint den Terrorismus.

D’Méchanismen vun deem Accord de Cotonou a senger Originalversioun hunn sech d’ailleurs säit dem Joer 2000 op villen Terrainen bewährt. Dir wësst datt an dem Accord virgesinn ass datt do wou et net klappt mat der Gouvernance et Regelen ginn fir iwwert de Wee vum politischen Dialog d’Saachen erëm an d’Rengt ze bréngen a wann dat net funktionnéiert, fir dann eréischt d’Aiden ze suspendéiren. Dat ass geschitt am Fall vun der Guinée-Conakry. Dat war och de Fall fir den Togo.

Dat Wichtegst un deem Dialogue politique ass datt en et méiglech mécht fir d’Schwieregkeeten aus dem Wee ze schafen a fir dann erëm d’Cooperatioun unzekuerbelen, virun engem positiven – an net virun engem negativen – Hannergrond vu Gouvernance – esou geschitt rezent am Kader vun de Relatiounen tëscht der europäescher Unioun an dem Togo. An deem Sënn begréissen ech et och datt am 10. FED, dat sinn déi europäesch Entwécklungsgelder, extra eng „Tranche Incitative Gouvernance“ virgesinn ass déi deene Länner zoufléisse soll an deenen ordentlech regéiert gett. Et geet dobäi net ëm falsch verstane Bestrofung vun deenen engen oder Belounung vun deenen aneren. Et geet och net ëm nei a komplizéiert Konditionalitéiten. Neen, et geet einfach ëm d’Unerkennen vu Saachen déi gutt a besser funktionéieren an engem wichtegen Domaine, nämlech dee vun der Gouvernance.

Et ass mir och ëmmer erëm en Uleies fir mat eise Partner op allen Niveauen an alle méiglechen Konfiguratiounen de bilaterale politischen Dialog ze fleegen. Dat erlaabt et dem engen besser ze verstoen wat dem aneren seng Suergen a seng Problemer sinn an deemno doropper anzegoen an no Léisungen ze sichen. Dat erlaabt et och d’ganz Cooperatioun besser ze strukturéiren, well et eben eng Cooperatioun ass déi op Partnerschaft opbaut an déi déi Partnerschaft och all Dag praktizéiert – a bei däer Partnerschaft kënnt et grad fir d’éischt emol drop un datt deen een deen anere versteet.

Dialogue politique ass gutt, Dialogue politique ass wichteg. Nach bleift datt et (vläicht) grad esou wichteg ass deen Dialog duerch konkret Initiativen ze ënnermaueren – déi Initiativen hëllefen net nëmmen d’Sachen konkret ze verbesseren, mä si weisen datt dat wat ee seet och sérieux gemengt ass. Wann een d’Gouvernance zu engem zentralen Thema mécht, dann ass dat gutt, mä wann een et dobäi beléisst dann huet een nëmmen hallef oder dräivéirels Saache gemaach. Duerfir ass et wichteg datt et am Beräich vun der Gouvernance net bei Wierder bleift, mä datt eng Rei konkret Actiounen dorauser ervirginn. Ouni datt selbstverständlech doduerger dat primärt Zil vun der Cooperatioun a Fro gestallt gëtt, mä ebe just fir dat selwecht, nämlech d’Eradicatioun vun der Aarmutt, am Sënn vun der Gouvernance ze begleeden an esou och ze stäerken.

Genau dat probéire mer konkret am Kader vun dem Lëtzebuerger Cooperatiounseffort ze maachen. Sou ënnerstëtzen mer beispillsweis de Médiateur de la République am Mali an och wahrscheinlech an Zukunft deen am Senegal. Am naemlechten Senegal si mer amgaang mat der Zivilgesellschaft e Projet auszeschaffen fir schonn an de Schoulen déi jonk Leit op d’Méfaiten vun der Korruptioun hinzestoussen an ze sensibiliséiren. Am Nicaragua ennerstëtze mer d’Opbauen vun de Gemengen am Sënn vun der Novollzéibarkeet vun hiren Aktiounen duerch de Bierger.

Wa mer vu Gouvernance an Demokratie schwätzen, solle mer awer och, sou jiddefalls meng Iwwerzeegung, ëmmer ganz bescheide bleiwen. Deen dee mengt, e kéint nämlech europäesch oder aner Modeller „eent zu eent“ an Afrika oder op aner Plazen exportéiren, deen iert sech ganz gewalteg.

Et dierf een ni vergiessen datt déi meescht Länner vun deene mer hei schwätzen réischt an de 60er Joeren onofhängeg gi sinn, nodeems se sech konnte vun der Kolonialherrschaft, meeschtens europäescher Prägung, fräi maachen.

Deen dee mengt e kéint demokratesch Modeller „eent zu eent“ exportéiren, verkennt och wäitgehensdt spezifisch Aspekter mat deene mer an Afrika ze dinn hunn, wéi zum Beispiel d’Chefferien oder d’Marabouten, déi eng grouss Roll spillen an déi Roll dierf een net einfach op der Säit loossen oder erofspillen, wa mer vu Gouvernance schwätzen.

D’Traditioune sinn ni ee fir allemol festgefruer, mä ech warnen awer och do virdrunn fir daat wat gutt ass un den Traditiounen, liichtfankeg a Fro ze stellen an iwwer Bord ze geheien – och hei geet et ëm de sozialen Zesummenhalt, deen d’Basis vun allem geuerdneten Zesummeliewen ass.

A wann een ëmmer erëm muss warnen vun „eent zu eent“ Ëmpflanzungen vun demokratesche Modellen, dann ass et dach esou datt et am Kader vun der Gouvernance en général an der Demokratie ganz besonnesch eng Rei Grondbausteng ginn, déi an all zolittem demokratesche Modell indispensabel sinn. Ech wëll der nëmmen e puer zitéiren hei. Do ass zum Beispill fir d’éischt de Rechtsstaat an d’Séparation des pouvoirs mat der Nécessitéit vun engem onofhängege Justizsystem. Do sinn och d’politesch Parteien, déi sech hirer Roll musse bewosst sinn oder ginn, och ausserhalb vun de Walcampagnen. Drëttens ka keng Demokratie funktionéiren ouni eng korrekt informéiert Wielerschaft. Ouni Pressefräiheet geet et net. Eng dynamesch Zivilgesellschaft ass desweideren an all demokrateschem System vu grousser Wichtegkeet. Ech kéint déi Opzielung hei nach weider fueren.

Et geet och ëmmer erëm drëm déi Demokratiséirungsprozesser ze begleeden. Et muss séchergestallt ginn datt Länner wou Wale gutt verlaf sinn, an déi da vun der ganzer internationaler Communautéit félicitéiert ginn, net dann einfach vun de Radare vun der selwechter internationaler Gemeinschaft verschwannen an an de Vergiess geroden. Entwécklung a Gouvernance sinn nämlech zwou Facen vun där nämlechter Medail, an Entwécklungslänner, an deenen demokratesch Fortschrëtter ze verzeechne sinn, sinn oft méi wéi je op Hëllef vu baussen ugewisen. Nëmmen esou kann d’Vertrauen vum Bierger an den demokratesche Prozess dauerhaft gestäerkt ginn.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Bei all deem wat ech haut hei soen däerf een ni vergiessen datt Demokratie eigentlech un éischter Stell Respekt virun deem aneren heescht – dat ass d’Grondbasis. A wa mer dann an eis Iwwerleeungen de Prinzip mat abauen datt deen deen demokratesch Modeller „eent zu eent“ exportéire wëll sech gewalteg iert, dann, mengen ech, komme mer duerchaus virun. Ech hunn virdrun d’Beispiller vum Liberia a vum Bénin ugeféiert. Ech mengen dat si gutt Beispiller déi weisen datt vill Sachen an déi richteg Richtung ginn.

An da wëll ech an dësem Zesummenhang nach op ee leschte Punkt agoen.

Et ginn der déi Théorien opstellen deenen zufolleg an Afrika dat jo souwéisou näischt géif gi mat der Gouvernance an der Demokratie, well d’Afrikaner jo näischt géifen dovunner verstoen a souwéisou net kéinten op Traditiounen an deem Domaine zréckgräifen an duerfir – ech zitéiere weider sënngemäss esou Théorien – géif eng total Inkompatibilitéit bestoen tëschent den afrikanesche Kulturen, op där enger Säit, an dem Prinzip vun der politescher Participatioun a Competitioun - deen à la base all demokratesche System ausmecht- op där anerer Säit.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Ech wëll et ganz kloer soen. Dës Théorië stëmmen net. Si stëmmen einfach net.

Villméi ass wouer datt an der Kolonialzäit villes futtigemaach ginn ass an domatter d’Afrikaner zréckgehäit gi sinn. Wouer ass virun allem awer datt et an der afrikanescher Geschicht duerchaus Strukture vu Gouvernance an demokrateschen Usäz ginn.

Dovunner haut ze schwätzen, och wann et nëmme kuerz ass, weist eis eng Form vu Räichtum, déi wäit dovunner ewech ass fir banal ze sinn, déi mer net kennen an déi eigentlech extraordinär ass.

Esou fanne mer zum Beispill a bal alle virkoloniale Gesellschaften de Konzept an d’Praxis vun den Organen déi kollektiv délibéréieren, Assembléeën oder Conseilen. Och wann et meeschtens no de Regele vun der Unanimitéit gaangen ass, och wann net ëmmer jiddereen Zougang zu deenen Assembléeën oder Conseilen hat an och wann a Saache Gläichstellung vu Mann a Frau villes, jo bal alles nach ze mache war. Mä trotzdem, d’Beispiller sinn do: bei de Peulen am Weste vun Afrika huet de Conseil aus deenen eelste Männer bestan, mä et huet awer och ëmmer mindestens ee Vertrieder vun de méi jonke Generatiounen an deem Conseil matgeschwat; bei den Ibo, engem vun de grousse Volleker am Nigeria, bestoung de Conseil och aus den Eelsten, awer fir eng Décisioun ze huelen, huet de Conseil missen den Accord vun de Vertrieder vun de méi jonke Generatioune kreien.

A ville vun deene Gesellschaften gouf et och Elementer vun Autoritéit, eng Autoritéit mat där zum Beispill déi Stammeseelst betraut gi sinn. Dëst war de Fall zum Beispill bei de Dogon am Mali.

An da goufen et och schonns op ville Plaze Regelen no deenen dës Autoritéiten désignéiert gi sinn. Fir den éischte Keeser vum Mali ze désignéieren gouf esou zum Beispill d’Lous gezunn. Dat war - fir et mat de Wierder vum heitege President vum Mali ze soen - sécherlech kee System vun demokratescher Wal, wéi mir e kennen, mä dach awer den Ufank vun enger politescher Competitioun, an deemno en éischten Usaz vun Demokratie, och wann d’Element vun der Chance eng zentral Roll gespillt huet. Op anere Plaze wéi bei den Ashanti am Ghana an de Mossi am Burkina Faso, konnt de Rot vun deenen Eelsten de Kinnek ofsetzen, wann en der Meenung wor hie géif net am Intressi vum Vollek handelen.

Finalement zu enger Zäit, wéi där vun haut, wou oft déi prekolonial Sklaverei afrikanescher Prägung mam Sklavenhandel, deen Europäer, Amerikaner an Araber praktizéiert hunn, gläichgestallt gëtt, ass et duerchaus erwähnenswert doropper hinzeweisen datt an enger Rei vun deene Fäll vun afrikanescher prekolonialer Sklaverei d’Sklaven duerchaus matdécidéiert hunn. Bei den Dereren am Senegal huet esou zum Beispill de Chef vun de Sklaven eng wichteg Roll gespillt, wann et drëms gaangen ass en neie Kinnek ze désignéieren, an hien huet de Kinnek och während sengem Règne beroden. Bei de Mossi am Burkina war de Chef vun de Sklave gläichzäiteg Finanzminister an de Chef vun der Infanterie - deen zwar net huet dierfen op e Päerd klammen, well hien zu de Sklave gehéiert huet an d’Päerd als zevill en nobelt Déier fir hien ugesi ginn ass - hat de Pouvoir fir de Premierminister ze ersetzen – hie wor also sou eppes wéi ee Vizepremier.

Fir ofzeschléisse wollt ech nach drop hiweisen, datt net nëmmen d’Iddie vu Matsproocherecht a Gouvernance eng Geschicht hunn an Afrika, mä datt bis zréck an dat 13. Joerhonnert Elementer ze fanne sinn déi weisen datt schonn deemols d’Konzept vun de Mënscherechter an Afrika amgaang wor säi Wee ze fannen. Zu enger Zeit wou Afrika nach iwwerhaapt kee Kontakt mat Europa hat. Ech denken hei un d’Charte du Mandé, déi 1222 vum éischte Keeser vum Mali proklaméiert gouf. Den Text dovun ass zwar joerhonnertelaang nëmme mëndlech weidergi ginn, an eréischt 1981 schrëftlech fixéiert ginn, sou datt mer net wëssen, wéi den Originaltext genau ausgesinn huet, awer de Sënn ass sécher schons 1222 dee selwechte gewiescht. Deen éischte Paragraph vun dëser Charte weist definitiv, datt mir mat den Afrikaner eng gemeinsam Basis hunn, fir Demokratie a Gouvernance weider ze entwéckelen. Do steet folgendes geschriwwen:

"Toute vie humaine est une vie. Il est vrai qu’une vie apparaît à l’existence avant une autre vie, mais une vie n’est pas plus ancienne, plus respectable qu’une autre vie, de même qu’une vie n’est pas supérieure à une autre vie."

IV. Chancen an Opportunitéiten fir d'Zukunft

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Dat Bild wat ech haut hei opgezeechent hunn, ass ee komplext.

Et ass e Bild dat ass wéi d’Sachen sinn, eben : komplex.

Et ass e Bild dat iwwert de Kader vun der klassescher Coopératioun eraus geet. Et war mer awer wichteg dat Bild haut hei ze zeechnen, wëll et weist datt dat eent eppes mat deem aneren ze dinn huet an déi eng Saache vun deenen anerern ofhänken.

Mir brauchen, haut méi wéi je, déi klassesch Coopératioun, mä si eleng geet net duer, wa mer wëllen op Dauer eppes erreechen. Mäi Bild weist, denken ech, wou d’Enjeue vun deenen nächsten 10, 20 an 30 Joer sinn, wa mer vun de Relatiounen tëschent dem Norden an dem Süden schwätzen.

D’Bild ka selbstverständlech net komplett sinn, a Froen wéi déi vun de Migratiounen, der Ëmwelt, der Roll vun der Fra oder nach déi vun de politische Krisen an den humanitäre Réckschléi, gehéiere sécher och dozou.

Dat Bild, wat ech haut hei gezeechent hunn, ass awer virun allem e Bild vu Chancen an Opportunitéiten.

Chancen an Opportunitéite fir méi eng gerecht Welt.

Chancen an Opportunitéite fir eng nohalteg Entwécklung, iwwert d’Grenze vun Europa eraus.

Chancen an Opportunitéite fir Honnerte vu Millioune vu Mënschen sech aus de Fessele vun der endeemescher Aarmutt ze befreien.

Chancen an Opportunitéite fir eng Entwécklung, déi op eng friddlech Manéier, Süden an Norden méi no bréngt.

Bref, Chancen an Opportunitéite fir datt d’Welt vu muer anescht ausgesäit wéi déi vun haut.

Pake mer déi Froe vun der Gouvernance an déi vum internationale Commerce an deenen nächsten 10, 20 an 30 Joer richteg un – maache mer dat zesumme mat engem konsequente Coopératiounseffort am klassesche Sënn vum Wuert, jo da kënne mer et fäerdeg bréngen. Maache mer dat net, esou fäerten ech, datt dës Generatioun als déi an d’Geschicht riskéiert anzegoen, déi d’Chance hat et ze maachen, mä déi dës Chance awer verpasst huet...

Dernière mise à jour