Biographie

Den Eric Thill ass de 27. November 1993 an der Stad Lëtzebuerg gebuer.

Studium an Ausbildung

No sengem Secondairesstudium am Lycée Technique zu Ettelbréck, studéiert den Eric Thill op der Universitéit Lëtzebuerg. Hie mécht e Bachelor an der Gestioun a schléisst säi Studium do 2019 mat engem Master an der europäescher Gouvernance of.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gëtt den Eric Thill de 17. November 2023 als Kulturminister an als delegéierte Minister fir Tourismus an der Koalitiounsregierung aus CSV an DP ernannt.

Aner politesch Funktiounen

Den Eric Thill ass säit 2018 Member vun der DP. No de Gemengewale vun 2017 gëtt hien éischte Schäffen an am November 2019 Buergermeeschter an der Gemeng Schieren. Dës Funktioun behält hie bis am November 2023.

Säit 2019 ass den Eric Thill President vun der DP am Bezierk Norden.

Beruffstätegkeet

Den Eric Thill huet an enger Berodungsfirma fir Finanzinstitutioune geschafft a war vun 2020 bis November 2023 politesche Beroder an der Fraktioun vun der DP.

Aktualiséiert