Biographie

De Max Hahn ass den 30. Abrëll 1981 zu Lëtzebuerg gebuer.

Studium an Ausbildung

Hien huet eng Ausbildung als Wirtschaftsingenieur.

Regierungsfunktiounen

No der éierenhafter Demissioun vum Corinne Cahen, trëtt de Max Hahn, als Minister fir Famill an Integratioun, Minister fir d'Groussregioun, der Koalitiounsregierung bei, déi aus der Demokratescher Partei (DP), der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP) an deene Gréngen (déi gréng) besteet.

No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, gëtt de Max Hahn de 17. November 2023 an der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) an der Demokratescher Partei (DP) zum Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil ernannt.

Aner politesch Funktiounen

2005 gëtt hien an de Gemengerot vun Dippech gewielt, wou hien no de Wale vun 2011 éischte Schäffe gëtt. 2013 gëtt hien an d'Chamber gewielt a konnt säi Mandat bei de Chamberwale vun 2018 erneieren.

Beruffstätegkeet

De Max Hahn huet wärend 4 Joer fir en Ingenieursbüro am Beräich vun der Energieberodung geschafft. Donieft ass hien Ausbildungsoffizéier bei de Beruffspompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg.

Aktualiséiert