Biographie

De Serge Wilmes ass de 6. Mee 1982 zu Lëtzebuerg gebuer.

Studium an Ausbildung

No senger Maîtrise an der Geschicht op der Universitéit Nanzeg II, mécht de Serge Wilmes 2006 e Master an zäitgenëssescher europäescher Geschicht op der Universitéit Lëtzebuerg.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, gëtt de Serge Wilmes de 17. November 2023 an der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) an der Demokratescher Partei (DP) zum Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an zum Minister fir d'Fonction publique ernannt.

Aner politesch Funktiounen

Vun 2008 bis 2011 ass de Serge Wilmes parlamentaresche Conseiller vun der CSV. Nodeems hien 2008 zum President vun der Chrëschtlech-Sozialer Jugend (CSJ) gewielt ginn ass, gëtt de Serge Wilmes 2016 President vun der CSV Stad. Vun 2017 bis 2023 ass hien als éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg zoustänneg fir den Urbanismus, den ëffentleche Raum, Architektur, Gréngzonen/Bëscher grad esou wéi fir Ëmwelt a Klima. Vun 2011 bis 2023 ass de Serge Wilmes Deputéierte fir de Walbezierk Zentrum. 

Aktualiséiert