Biographie

D'Stéphanie Obertin ass den 13. Mee 1974 zu Lëtzebuerg gebuer.

Studium an Ausbildung

No hirem Mathematik-Ofschloss am Lycée Michel Rodange, studéiert d'Stéphanie Obertin allgemeng Medezin op der Universitéit Louis Pasteur zu Stroossbuerg, dono op der Universitéit Henri Poincaré zu Nanzeg. 2006 schléisst si hiren Dokterdiplom an der Medezin of, mat enger Qualifikatioun an der allgemenger Medezin.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, gëtt d'Stéphanie Obertin de 17. November 2023 an der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) an der Demokratescher Partei (DP) zur Ministesch fir Digitaliséierung an zur Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul ernannt.

Beruffstätegkeet

Vun 2007 bis zu hirem Bäitrëtt an d'Regierung, praktizéiert d'Stéphanie Obertin mat véier Dokter-Kolleegen an hirer Hausdoktesch-Praxis zu Bouneweg. Am Laf vun de Joren üübt d'Stéphanie Obertin verschidden zousätzlech Aktivitéiten am Kader vun hirem Beruff aus. Esou praktizéiert si als Doktesch am Kader vun enger Weiderbildung am Service fir Onkohämatologie vum Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL), als Kooperatiounsdoktesch an den Urgencë vum CHL oder nach als agreéiert Hausdoktesch am CIPA Gréngewald an an de Pafendaller Hospices Civils.

An hirem Bestriewen hiert Wëssen an hir Kompetenze stänneg z'erweideren, bedeelegt si sech ausserdeem um multidisziplinären Unterrecht an de Beräicher vun der Palliativfleeg, der Geriatrie an der Diabetologie. Zousätzlech huet si en iwwergräifenden Universitéitsdiplom an der Medezin anan der Sport-Traumatologie, sou wéi en Universitéitsdiplom iwwert d'theoretesch Basis a praktesch Modalitéite vun der Antibiotherapie am Spidolsberäich. 2022 mécht si nach eng Ausbildung am Beräich vun der Diagnos vun Hauttumeuren duerch optesch an digitaliséiert Dermatoscopie.

Vun 2010 bis 2022 ass d'Stéphanie Obertin Member vum Verwaltungsrot vum Cercle vun den Hausdokteren, wou si vu Mee 2019 bis Dezember 2022 Presidentin ass.

Aktualiséiert