Geschlechtsspezifesch Statistiken an Entscheedungsgremien - 17. Tëschebilan

De 4. Mäerz 2024 huet de Regierungsrot de 17. Tëschebilan zu geschlechtsspezifesche Statistiken an Entscheedungsgremie votéiert.

De Regierungsrot begréisst dës positiv Bilanz an d'Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, ënnersträicht, datt "mir an déi richteg Richtung ginn, awer net labber loossen däerfen. Den Undeel u Fraen op allen Niveauen, an och op Entscheedungsposten an alle Secteuren, ass wichteg fir eng Gläichstellung ze erreechen a kruzial fir eng méi durabel a resilient wirtschaftlech Entwécklung."

De Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, Lex Delles, huet ergänzt datt, "eng equilibréiert Participatioun vu Fraen a Männer un de politeschen a wirtschaftlechen Decisiounen eng Prioritéit vun der Regierung ass. Eng egalitär Gesellschaft, wat eigentlech eng Normalitéit sollt sinn, huet vill gesellschaftlech a wirtschaftlech Virdeeler. An dësem Zesummenhang begréissen ech d'Evolutioun vun der Vertriedung vun de Fraen an Entscheedungsgremien, mee mir mussen ons Beméiungen um Niveau vun den ëffentlechen Institutioune grad esou wéi a Privatgesellschafte weiderféieren."

Den 31. Dezember 2023 loung de Gesamtundeel u Fraen a an de Verwaltungsriet vun den ëffentlechen Institutioune bei 38,89%. Beim éischte Recensement vum 31. Januar 2015, loung dësen Taux bei 27,41%.

Den Undeel u Fraen, déi de Staat an dëse Gremie vertrieden, loung den 31. Dezember 2023 bei 42,09% géintiwwer 30,34% um 31. Januar 2015.

Bei privatrechtlechen Entreprisë klëmmt den Undeel u Fraen, déi de Staat vertrieden och weider: 35,06% um 31. Dezember 2023 géintiwwer 24,69% um 31. Januar 2015.

Entwécklung vun de verschiddenen "Fraen"-Undeeler säit dem 31. Januar 2015:

Datum

Ëffentlech Institutiounen "Total"

Ëffentlech Institutiounen "Staat"

Entreprisen "Staat"

31.01.2015

27,41%

30,34%

24,69%

30.06.2015

30,33%

33,79%

26,19%

31.12.2015

30,91%

34,13%

26,58%

30.06.2016

32,17%

36,00%

27,16%

31.12.2016

31,04%

34,25%

29,52%

30.06.2017

32,92%

36,33%

29,09%

31.12.2017

34,58%

38,87%

30,54%

30.06.2018

34,06%

39,47%

30,99%

31.12.2018

34,69%

40,19%

30,58%

30.06.2019

34,77%

40,26%

28,99%

31.12.2019

33,88%

39,56%

31,25%

31.06.2020

34,12%

40,13%

31,14%

31.12.2020

34,99%

41,19%

31,14%

30.06.2021

35,44%

40,67%

34,04%

31.12.2021

35,77%

41,00%

34,57%

30.06.2022

35,68%

41,00%

34,41%

31.12.2022

36,06%

41,00%

33,88%

30.06.2023

37,04%

43,01%

34,48%

31.12.2023

38,89%

42,09%

35,06%

Aktualiséiert