Internationale Fraendag oder Gläichstellung op allen Niveauen – Programm vun der Yuriko Backes

D'Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, huet hire ministeriellen Dagesprogramm vum 8. Mäerz 2024 exklusiv dem Internationale Fraendag gewidmet. Well si dovun iwwerzeeg ass dass Gläichstellung eng transversal Approche erfuerdert, huet d'Ministesch decidéiert all hir Ressorten an hiren Dagesprogramm mat anzebauen.

  1. ©MEGA

    (v.l.n.r.) n.c.; Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit ; Maryse Fisch, Ministère fir Gläichstellung an Diversitéitt

    (v.l.n.r.) n.c.; Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit ; Maryse Fisch, Ministère fir Gläichstellung an Diversitéitt

  2. ©MEGA

    Gruppefoto mat weiblechem Personal vun der CFL

    Gruppefoto mat weiblechem Personal vun der CFL

  3. ©MEGA

    Table ronde

    Table ronde

  4. ©MEGA

    (v.l.n.r.) Serge Eicher, 1. Schäffe vun der Gemeng Schëtter ; Claude Marson, Buergermeeschter vun der Gemeng Schëtter ; Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit; Andrew Kiser, 2. Schäffe vun der Gemeng Schëtter

    (v.l.n.r.) Serge Eicher, 1. Schäffe vun der Gemeng Schëtter ; Claude Marson, Buergermeeschter vun der Gemeng Schëtter ; Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit; Andrew Kiser, 2. Schäffe vun der Gemeng Schëtter

  5. ©MEGA

    Internationale Fraendag

    Internationale Fraendag

  6. ©MEGA

    Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, um Härebierg

    Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, um Härebierg

  7. ©MEGA

    Internationale Fraendag

    Internationale Fraendag

  8. ©MEGA

    Gruppefoto mat weiblechem Personal vun der CFL

    Gruppefoto mat weiblechem Personal vun der CFL

  9. ©MEGA

    Internationale Fraendag

    Internationale Fraendag

Ugefaangen huet si den Dag mat enger Visitt um Härebierg, wou si en Austausch mat Fraen aus verschiddene militäresche Karriären hat, an sech hir villfälteg Liewensweeër an Erfarungen unhéiere konnt. D'Ministesch huet betount: "Fraen hunn eng Schlësselroll fir den Erfolleg vun eiser Arméi. Haut maachen d'Fraen nëmmen 12% vum Personal aus. Mir musse konsequent un de Fortschrëtter vun de leschte Joren uknëppen. D'Arméi proposéiert villfälteg an usprochsvoll Aarbechtsplaze fir all motivéiert Persoun."

An der Schëtter Gemeng, huet d'Ministesch ausserdeem eng nei Strooss mam Numm Jeanne Rouff ageweit. Si war Juristin, Fraerechtlerin an eng vun den dräi éischte weibleche Riichterinnen zu Lëtzebuerg, esou wéi Grënnungsmember vum Nationale Fraerot (CNFL). D'Ministesch huet ënnerstrach, dass d'Aarbecht fir méi Gläichstellung op allen Niveaue wichteg ass an dass d'Gemengen entscheedend Acteuren am Kampf géint Ongläichheeten tëscht de Geschlechter sinn.

Um Programm vun der Yuriko Backes stoung weiderhin en Austausch mam weibleche Personal vun der CFL, notamment am Hibléck op den Aktiounsplang Women@CFL. Si huet de Mataarbechterinne fir hiert Engagement Merci gesot a betount si wier "immens beandrockt vun de konkreeten Initiativen zugonschte vum Empowerment vun de Fraen innerhalb vun der CFL".

Mat hirer Participatioun un der Marche féministe an der Stad, huet d'Ministesch iwwerdeems hir Ënnerstëtzung a Solidaritéit mat alle Participanten ausgedréckt, déi sech fir Gläichstellung an Diversitéit staark maachen.

Ofschléissend huet d'Yuriko Backes un enger Table ronde vun der CNFL deelgeholl zum Thema Gewalt géint Fraen. Bei hirer Usprooch, huet d'Ministesch nach eemol d'Null-Toleranz Politik vun der Lëtzebuerger Regierung ervirgestrach a puncto geschlechtsspezifesch Gewalt. Si huet ugekënnegt dass de Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit fir d'éischte Kéier en nationale Plang fir d'Bekämpfung vu geschlechtsspezifescher Gewalt wäert ausschaffen. Si huet erkläert: "D'Ausschaffe vun enger globaler Strategie fir de Kampf géint all Form vu geschlechtsspezifescher Gewalt, déi ënner d'Istanbul-Konventioun fält ass eng perfekt Geleeënheet fir eis Mesuren ze stäerken an ze verbesseren, déi um Niveau vun de véier Piliere vun der Konventioun a Kraaft sinn: d'Preventioun, de Schutz, d'strofrechtlech Verfollgung an déi integréiert Politik."

Communiqué vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit

Aktualiséiert