Remise vum Timber "75 Joer NATO"

De 15. Mäerz 2024 huet de Claude Strasser, Generaldirekter vu POST Lëtzebuerg, der Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch, d'Erënnerungsrumm vum Timber fir d'Commemoratioun vum 75. Gebuertsdag vun der NATO iwwerreecht.

  1. ©MAE

    (v.l.n.r.) Claude Strasser, Generaldirekter POST Luxembourg; Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch

    (v.l.n.r.) Claude Strasser, Generaldirekter POST Luxembourg; Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch

  2. ©MAE

    (v.l.n.r.) Claude Strasser, Generaldirekter POST Luxembourg; Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch; Isabelle Faber, Direktesch fir HR, PR & CSR bei POST Luxembourg; Claude Balthasar, Responsabel fir de Service Kulturierwen & POST Philately

  3. ©POST Luxembourg

    Spezialtimber "75 Joer NATO"

    Spezialtimber "75 Joer NATO"

Offiziell gegrënnt gouf d'NATO mat der Ënnerzeechnung vum Nordatlantiktraité duerch 12 Grënnungstaaten, dorënner Lëtzebuerg, de 4. Abrëll 1949 zu Washington, USA. Säit 75 Joer bilden d'Dissuasioun a kollektiv Verdeedegung vun der Euro-atlantescher Zon, an d'Verdeedegung vun der Fräiheet, vun de Mënscherechter a vun den demokratesche Wäerter d'Fundament vun dëser solidarescher Allianz. Lëtzebuerg bekennt sech weiderhin entschlossen zu de Wäerter vun der NATO an de Prinzippie vu Solidaritéit an Zesummenhalt. 

Communiqué vun der Direktioun fir Verdeedegung

Aktualiséiert