Haaptfunktiounen

Als Exekutivorgan besëtzt d'Regierung en allgemenge Verwaltungspouvoir vun den ëffentlechen Ugeleeënheeten.

All Regierungsmember ass un der Spëtzt vun engem oder méi Departementer, an déi si vum Groussherzog ernannt goufen. D'Ministeren iwwerhuelen an hire jeeweilegen Departementer d'Aufgaben, déi hinne vun der Verfassung, de Gesetzer an de Reglementer erdeelt ginn.

D'Regierungsmemberen verfügen och iwwer d'Recht vun der Gesetzesinitiativ, d. h. si kënne Gesetzesprojeten ausschaffen.

D'Verméigensverwaltung an d'Budgetsverwaltung falen och an den Zoustännegkeetsberäich vum exekutive Pouvoir, also vun der Regierung.

Legislatiivt Initiativsrecht

Am legislative System vu Lëtzebuerg kann eng Gesetzesinitiativ vun der Chamber oder vun der Regierung ausgoen.

Am Fall vun der Initiativ vun der Regierung schafft d'Zentralverwaltung e Virprojet aus, deen no Zoustëmmung vum Regierungsrot a Form vun engem Gesetzesprojet dem Staatsrot virgeluecht gëtt fir eng Stellungnahm. De Projet gëtt mat enger Begrënnung, an där den zoustännege Minister d'Grënn fir de Projet erkläert, an enger Kommentéierung vun den Artikelen eragereecht. D'Stellungnahm vum Staatsrot gëtt der Regierung a Form vun engem begrënnte Rapport, Schlussfolgerunge mat abegraff, iwwermëttelt.

D'Regierung leet dem Groussherzog den endgültege Projet vir a biet drëms, en dierfen a sengem Numm virun d'Chamber ze bréngen.

Wann d'Regierung der Meenung ass, dass e Gesetzesprojet dréngend presentéiert muss ginn, kann d'Chamber domat saiséiert ginn, éier de Projet dem Staatsrot fir eng prealabel Stellungnahm virgeluecht gouf. Wann d'Chamber a Bezuch op d'Drénglechkeet mat der Regierung averstanen ass, kann d'Diskussioun esouguer ugefaange ginn, ouni dass de Staatsrot am Virfeld seng Stellungnahm ofginn huet; d'Chamber kann allerdéngs eréischt endgülteg ofstëmmen, wann hir d'Stellungnahm vum Staatsrot iwwermëttelt gouf.

Hautdesdaags reecht d'Regierung normalerweis e Gesetzesprojet bei der Chamber zu deem Zäitpunkt eran, zu deem och de Staatsrot domat saiséiert gëtt, oder jiddwerfalls zu deem Zäitpunkt, zu deem d'Stellungnahm vum Staatsrot nach net entgéintgeholl gouf. Dës Virgoensweis erméiglecht ënner anerem en ëffentlechen Debat, deen ënner anerem den interesséierte Kreesser d'Méiglechkeet bitt, sech iwwert den a Form vun engem parlamentareschen Dokument verëffentlechte Projet ze äusseren, an zwar während dem ganzen Zäitraum virun der Sendung vun der Stellungnahm vum Staatsrot an der Instruktioun vum Projet an der Chamber.

Wann de Groussherzog der Regierung déi ugefrot Geneemegung accordéiert huet, fënnt den Depot vum Projet normalerweis an ëffentlecher Sëtzung duerch den zoustännege Minister statt. Den Text vum Projet a seng Annexe ginn un d'Deputéiert verdeelt an de President vun der Chamber ordonnéiert de Verweis vum Projet un eng oder méi Kommissiounen.

D'Regierung gëtt ausserdeem iwwert Gesetzespropositiounen informéiert a ka beuerteelen, ob eng entspriechend Stellungnahm zweckméisseg ass. Dës gëtt an der parlamentarescher Kommissioun diskutéiert.

Ab dem Verweis un d'Kommissioune gëllt souwuel fir d'Gesetzespropositioune wéi och fir d'Gesetzesprojeten déiselwecht Prozedur: de Rapport vun der Kommissioun gëtt de Membere vun der Chamber virgeluecht, déi ëffentlech iwwert de ganze Projet diskutéieren. All Member vun der Chamber kann un der Diskussioun deelhuelen oder eventuell Ännerungsvirschléi presentéieren.

Déi lescht Schrëtt bestinn aus der Ofstëmmung vum Gesetz an der Chamber an doropshin aus der Verkënnegung duerch de Groussherzog.

D'Gesetz kann eréischt no senger Verkënnegung duerch de Groussherzog an no senger Verëffentlechung am offizielle Lëtzebuerger Bulletin a Kraaft trieden. D'Duerchféierung vum Gesetz duerch d'Verkënnegung an d'Verëffentlechung fält haaptsächlech an den Zoustännegkeetsberäich vum exekutive Pouvoir. De Groussherzog verkënnegt d'Gesetz, andeems hien um Enn vum Gesetzestext mat der Promulgatiounsformel ënnerschreift. D'Gesetz muss duerch e Regierungsmember géigegezeechent ginn, deen déi voll Verantwortung dofir iwwerhëlt.

Duerchféierung vu Gesetzer

Den Artikel 36 vun der Verfassung gesäit vir, dass "de Groussherzog déi fir d'Duerchféierung vun de Gesetzer noutwenneg Reglementer an Arrêtéen hëlt". Déi vum Groussherzog erloosse Reglementer an Arrêtée kënnen deementspriechend nëmme Moossnahme fir d'Duerchféierung vun engem Gesetz sinn an dierfen dem Gesetz net widderspriechen.

Den Artikel 76 vun der Verfassung gesäit ausserdeem vir, dass "[...] de Groussherzog an deem vun him definéierte Fall d'Membere vu senger Regierung mam Ergräife vun Duerchféierungsmoossnahme beoptrage kann".

Budget

D'Verwaltung vum Staatsverméigen a vun den ëffentleche Finanze falen an den Zoustännegkeetsberäich vum exekutive Pouvoir.

Duerch déi jäerlech Ofstëmmung vum Budget an der Chamber behält d'Verfassung dem legislative Pouvoir allerdéngs eng wichteg Roll vir opgrond vu sengem Matsprooch- a Kontrollrecht. Wann d'Chamber sech weigert, de Joresbudget ze stëmmen, mécht se d'Verwaltung vun den ëffentlechen Ugeleeënheete fir d'Regierung praktesch onméiglech.

De Staatsbudget gëtt a Form vun engemjäerleche Gesetz an de Virschrëften no, déi fir d'gesetzlech Prozedur am Fall vun der Initiativ vun der Regierung gëllen, festgeluecht. Et handelt sech ëm eng Geneemegung, während dem Exercice, fir deen e gestëmmt gëtt, Recetten z'erzilen an Ausgaben ze tätegen.

D'Budgetsprozedur gesäit dräi Phase vir:

  • en Debat iwwert d'budgetspolitesch Orientéierung am Kader vu der Ried vun der Regierung iwwert d'Situatioun vum Land während dem éischte Semester vun all Joer;
  • en Debat iwwert d'Finanz- an d'Budgetspolitik am Kader vun der Iwwerpréifung an Ofstëmmung vum Gesetzesprojet betreffend d'Recetten an d'Ausgaben vum Staatsbudget;
  • en Debat am Kader vun der Iwwerpréifung vum Gesetz fir d'Zoustëmmung vun den allgemenge Staatskonten.

Eng Verfassungsbestëmmung gesäit vir, dass de Budget an den allgemenge Staatskont all Joer a Form vun Dokumenter an der Chamber virgedroe musse ginn, déi all d'Recetten an d'Ausgaben zesummefaassen. D'Budgetsautorisatioune gëllen nëmme fir ee Kalennerjoer, fir der Chamber eng regelméisseg Kontroll z'erméiglechen. Et kënne keng aner Budgetsprevisioune gi wéi déi, déi der Chamber fir d'Ofstëmmung virgeluecht ginn, an e Budgetskredit dierf nëmme fir eng bestëmmt Ausgab, fir déi de Kredit gestëmmt gouf, benotzt ginn.

D'Bereetstellung vu Staatsfongen obläit de Regierungsmemberen, déi d'Ausgaben unhand vu Bezuelungsunuerdnungen ordonnéieren.

De responsable minister fir de Budget üübt e gewëssent Kontrollrecht iwwert d'Finanzverwaltung vun den anere ministeriellen Departementer aus, fir sécherzegoen, dass se hir finanziell Verflichtungen a weiser Viraussiicht beschléissen.

D'Finanzinspektioun ass an alle Beräicher vum staatleche finanzielle Liewe vertrueden: se spillt eng aktiv Roll beim Ausschaffen a Gestalte vum Budgetsprojet, bedeelegt sech un d'Aarbechten am Zesummenhang mat der finanzieller, wirtschaftlecher a sozialer Plangung an hëlt Stellung zu Projeten a Propositiounen, déi sech eventuell op d'Staatsfinanzen auswierke kéinten. Se féiert am Numm vum responsable minister fir de Budget d'prealabel Kontroll vun der Wirtschaftlechkeet vun de budgetspoliteschen Duerchféierungsmoossnahmen aus, andeems se hir Konformitéit mat der allgemenger Politik vun der Regierung iwwerpréift. Se intervenéiert deementspriechend däitlech virun enger Ausgab vun de Staatsfongen. Als Kontrollorgan iwwerwaacht se och d'Duerchféierung vum Staatsbudget, andeems se d'Mouvementer vun de Recetten an den Ausgaben verfollegt.

Den Tresor stellt d'Budgetscomptabilitéit an déi allgemeng Comptabilitéit op.

D'Haaptressourcë vum Staat ginn aus der Erhiewung vu Steieren, Rechter an Taxen ervir, déi respektiv un d'Steierverwaltung, den Enregistrement an d'Douane uvertraut ginn. Aner Ressourcë stamen aus Staatsrevenuen, Staatsparticipatiounen an enger Rei Entreprisen an aus dem Betrib vu verschiddenen ëffentleche Servicer duerch Peage.

Wann déi normal Staatsressourcen net duer ginn, fir d'ausseruerdentlech Ausgaben ofzedecken, ënner anerem fir d'Duerchféierung vun ëmfangräich ëffentlech Aarbechten (Eisebunnslinnen, Stroossen, Kanäl, grouss Neibauten), kann de Staat laangfristeg Prêten ophuelen. Allerdéngs kann ouni d'Zoustëmmung vun der Chamber kee Prêt zu Laascht vum Staat opgeholl ginn.

Ouni e Prêt opzehuele ka sech de Staat Ressourcen duerch d'Emissioun vu kuerzfristege Tresorsbonge beschafen, déi fir d'Deckung vu lafenden Ausgaben déngen, fir déi de Staat zäitweileg net genuch Liquiditéiten huet.

D'Bereetstellung vu Staatsfongen obläit de Regierungsmemberen, déi d'Ausgaben unhand vu Bezuelungsunuerdnungen ordonnéieren.

Aktualiséiert