"Pakt Pro Commerce 2023" als Katalysator fir de lokalen Handel

De 25. Januar 2023 hunn de Lex Delles, Minister fir Mëttelstand, de Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, an d'Carole Muller, Presidentin vun der Confédération luxembourgeoise du commerce, de "Pakt Pro Commerce 2023" virgestallt. 

©MECO (vu l. n. r.) Lex Delles, Minister fir Mëttelstand; Carole Muller, Presidentin vun der Confédération Luxembourgeoise de Commerce; Carlo Thelen, Direkter vun der Handelskummer
(vu l. n. r.) Lex Delles, Minister fir Mëttelstand; Carole Muller, Presidentin vun der Confédération Luxembourgeoise de Commerce; Carlo Thelen, Direkter vun der Handelskummer

De "Pakt Pro Commerce", deen 2016 vun der Direktioun fir Mëttelstand, der Chambre de Commerce an der Confédération luxembourgeoise du commerce an d'Liewe geruff gouf, soll d'Entwécklung vum lokalen Handel duerch eng Rei praktesch Moossnamen ukuerbelen an ënnerstëtzen. En ass dofir e wichtegt strategescht Instrument fir d'Ausriichtung vun der Politik.

De Minister fir Mëttelstand Lex Delles huet déi grondleeënd Elementer fir d'Editioun 2023 vum "Pakt pro Commerce" erkläert. Dësen ass a fënnef themateschen Achsen ënnerdeelt, déi souwuel Denk- wéi och Handlungsustéiss solle bidden:

  1. Deen 1. Deel betrëfft den Handelskadaster. Et handelt sech heibäi ëm eng Datebank, déi enger Kartographie vun der nationaler kommerzieller Offer entsprécht. De Kadaster erméiglecht d'Entwécklung vu verschiddene Handelssecteure besser ze suivéieren an Trends z'erkennen, wéi z.B. d'Entwécklung vum "Leerstandskadaster". Mam neien "Pakt Pro Commerce" kënnen Eenzelhändler bestëmmten Informatiounen aus dem Kadaster benotze fir hir strategesch Decisiounen z'ënnerstëtzen, z.B. wann et ëm de Choix vun engem Geschäftsstanduert oder der Erëffnung vun neie Standuerter geet. Gemengen, déi um Kadasterprojet deelhuelen, hunn Zougang zu engem ëmfaassende Package mat verschiddenen Analysemëttel an engem Berodungsservice. Déi breet Ëffentlechkeet kann ausserdeem eng Selektioun vun de Kadasterdonnéeën iwwer d'Websäit geoportail.lu ofruffen.
  2. Den 2. Deel vum "Pakt Pro Commerce 2023" gesäit eng statistesch Analys vun der Entwécklung vum Commerce zu Lëtzebuerg unhand vun engem "Business Data"-Portail a verschiddenen Etüde vir. Zu dësen Etüde gehéiert den "Retail Report", deen déi kommerziell Offer op nationalem Niveau analyséiert.
  3. Den 3. Deel vum "Pakt Pro Commerce" betrëfft d'Organisatioun vun engem "Retail Event" am Juli 2023 an der Stad Lëtzebuerg.
  4. De 4. Volet gesäit vir, duerch innovativ Promotiounscampagnë méi Clienten aus der Groussregioun unzezéien.
  5. De leschte Volet vum "Pakt Pro Commerce 2023" gesäit d'Sensibiliséierung vun Eenzelhändler fir d'sozial Responsabilitéit vun Entreprisë vir (responsabilité sociale des entreprises - RSE). D'Direktioun fir Mëttelstand bitt an dësem Kader e neit Instrument un, dat kleng a mëttelgrouss Betriber individuell bei der Virbereedung en Vu vun engem RSE-Label ënnerstëtzt.

De Minister fir Mëttelstand Lex Delles huet an dësem Zesummenhang betount: "De lokalen Handel ass een zentrale Pilier vun eisen Dierfer a mam "Pakt Pro Commerce" weisen d'Direktioun fir Mëttelstand, d'Chambre de Commerce, an d'Confédération luxembourgeoise du commerce, datt si d'Entwécklung vum Handel net just suivéieren, mee aktiv begleeden".

De Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce begréisst "d'Erneierung vum "Pakt Pro Commerce" - ee leeschtungsstaarkt Instrument, dat relevant Initiativen zur Entwécklung vum Eenzelhandel zu Lëtzebuerg zur Verfügung stellt". De Pakt huet d'Zil den Handel konkret dobäi z'ënnerstëtzen déi aktuell Erausfuerderung besser ze meeschteren an hinnen an engem sech schnell verännerendem Ëmfeld ze begéinen. An dësem komplexen Ëmfeld steet d'Chambre de commerce de Commerçante weiderhin zur Säit a begleet si op hirem komplette Wee als Entrepreneur, besonnesch unhand vun der Offer u Servicer vum House of Entrepreneurship".

Carole Muller, Presidentin vun der Confédération luxembourgeoise du commerce, seet: "De "Pakt Pro Commerce" ass eng wichteg Initiativ fir den Handel z'ënnerstëtzen, an d'CLC ass houfreg iwwert déi gutt Zesummenaarbecht mat der Direktioun fir Mëttelstand an der Chambre de Commerce".

Communiqué vun der Direktioun fir Mëttelstand / Confédération luxembourgeoise du commerce / Chambre de commerce 

Aktualiséiert