D'Ministere Lex Delles a Joëlle Welfring hunn d'Labelen "EcoLabel" a "bed+bike" iwwerreecht

De 9. Februar 2023 hunn de Minister fir Tourismus, Lex Delles, an d'Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Joëlle Welfring, d'Labelen "EcoLabel" a "bed+bike" iwwerreecht. 

©MECO Lex Delles, ministre du Tourisme, et Joëlle Welfring, ministre de l’Environnement du Climat et du Développement durable, avec les lauréats lors de la remise des labellisations «EcoLabel» et «bed+bike»
Lex Delles, ministre du Tourisme, et Joëlle Welfring, ministre de l’Environnement du Climat et du Développement durable, avec les lauréats lors de la remise des labellisations «EcoLabel» et «bed+bike»

Den "EcoLabel" gouf 1999 mam Zil gegrënnt, den nohaltegen Tourismus zu Lëtzebuerg z'entwéckelen an ze fërderen. E riicht sech u Lëtzebuerger touristesch Hebergementer. 43 Hoteller, Campingsplazen, Jugendherbergen, Gruppenhebergementer a "Gîtes ruraux" droen aktuell dëse Label. Dës Strukturen zeechnen sech duerch hir ëmweltfrëndlech Praktiken aus, déi sech besonnesch op d'Reduktioun vum Energie- a Waasserverbrauch, eng effizient Offallgestioun an d'Notzung vun erneierbaren Energië konzentréiert. Den "EcoLabel" ass d'Resultat vun enger erfollegräicher Zesummenaarbecht tëschent der Generaldirektioun fir Tourismus, dem Oekozenter Pafendall an dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an ass haut de Referenzlabel op nationalem Niveau.

De Minister fir Tourismus, Lex Delles, huet an dësem Zesummenhang ënnerstrach: "Nohaltegkeet zitt sech wéi e roude Fuedem duerch eis Tourismusstrategie. Et ass eist Zil, Awunner, Frontalieren an Touristen ënner optimale Konditioune wëllkomm ze heeschen, d'Liewensqualitéit am Grand-Duché ze verbesseren an den natierleche Räichtum vum Land héichzehalen. Dëst gëllt besonnesch fir d'Hebergementer, déi e wichtege Bäitrag dozou leeschten, de Grand-Duché zu enger nohalteger Reesdestinatioun ze maachen. Den "EcoLabel" erméiglecht et, Touristen an Awunner an dësem Kontext ze guidéieren an ëmweltfrëndlech Betriber ervirzehiewen, déi doduerch däitlech un Attraktivitéit gewannen."

D'Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Joëlle Welfring, huet erkläert datt den "EcoLabel" ee wichtegt Instrument fir d'Entreprisen ass, dat den Iwwergang zu enger nohalteger an ëmweltbewosster Betribsgestioun erliichtert. Déi doraus resultéierend ekonomesch Virdeeler, sief et beim Energie- oder Waasserverbrauch oder bei der Reduktioun vum Offall, si beträchtlech, genausou wéi déi zousätzlech Siichtbarkeet vun de Beméiunge vun den Entreprisen am Kader vun der nohalteger Entwécklung.

Doriwwer eraus kann den nationalen "EcoLabel" als Sprangbriet fir d'Erhale vum "Europäeschen EcoLabel" betruecht ginn. D'Mataarbechter vun der Ëmweltverwaltung stinn den Acteuren, déi den "Europäeschen EcoLabel" kréie wëllen, bei dësem Prozess zur Verfügung an ënnerstëtzen si dobäi. D'Ministesch seet och de Mataarbechter vum Oekozenter Pafendall Merci, déi d'KandidatInne professionell a perséinlech betreien a beroden an hinne praxisorientéiert Moossnamen ubidden.

Isabelle Schummer, Coordinatrice vum EcoLabel Lëtzebuerg am Oekozenter Pafendall, erkläert datt "den EcoLabel ee Label ass, deen déi meeschte Sujete vun der nohalteger Entwécklung ofdeckt an dofir ee gewëssenen Engagement vun den Hebergementer verlaangt. Mir freeën eis, datt d'Efforte vun den Hebergementer a Kombinatioun mat der individueller Betreiung dozou gefouert hunn, datt d'Entreprisen hire Label erfollegräich erneiere konnten".

De Minister fir Tourismus, Lex Delles, huet de "Bed+Bike"-Certificat offiziell un de Camping op der Kockelscheier iwwerreecht, deen d'Krittäre fir dëse Certificat erfollegräich erfëllt huet. Dëse Label gouf 2011 am Grand-Duché agefouert an dat unhand vun der enker Zesummenaarbecht tëschent der Generaldirektioun fir Tourismus an ProVelo.lu. Betriber, déi dëse Label droen, gi sech besonnesch Méi wat den Accueil vu Vëlostouristen ugeet, an deem si hir Zerwisser an Infrastrukturen un deenen hir spezifesch Besoinen upassen. De Label "Bed+Bike" verlaangt ënner anerem, datt d'Betriber de Gäscht ee sécheren Ofstellraum fir hir Vëloen a Geschier fir kleng Reparaturen um Vëlo zur Verfügung stellen, datt op der Plaz touristesch Informatioun fir Vëlostouren disponibel sinn an datt moies een equilibréierte Kaffi ugebuede gëtt. Dës Krittäre garantéieren, datt Vëlostouristen een Accueil, eng Infrastruktur an Informatiounen erhalen, déi op hir Besoinen zougeschnidde sinn.

De Lex Delles huet an dësem Kontext gesot, datt "d'Fërderung vum Aktivtourismus ee vun onse Prioritéiten ass an eng Schlësselroll an eiser neier Tourismusstrategie spillt. An dësem Zesummenhang ass de Label "Bed+Bike" e wichtege Projet, fir Hebergementer ervirzehiewen, déi de spezifesche Besoine vu Vëlostouriste gerecht ginn. Mir encouragéiere soumat d'Awunner, Frontalieren an auslännesch Touristen, Lëtzebuerg a seng touristesch Virzich ënnert de beschtméigleche Konditioune mam Vëlo z'entdecken".

Jo Klein, Responsabel fir Projete bei ProVelo.lu: "Mir freeën eis, datt de Vëlo net nëmmen am Alldag un Attraktivitéit gewënnt, mee och säi Potential als aktiivt Verkéiersmëttel am Tourismus an an der Fräizäit zu Lëtzebuerg entfaalt.

Déi folgend Ariichtungen droen am Joer 2023 den "EcoLabel Lëtzebuerg":

  • Jugendherberg Lëlz (Bronze)
  • Jugendherberg Stad Lëtzebuerg (Gold)
  • Camping Belle-Vue (Sëlwer)
  • Camping Belle-Vue (Sëlwer)
  • Camping Ettelbréck (Bronze)
  • Camping Martbusch (Sëlwer)
  • Camping Relax (Sëlwer)
  • Camping St. Hubert (Bronze)
  • Camping Ëlwen (Bronze)
  • Camping Val d'Or (Bronze)
  • City Hôtel (Gold)
  • Gourmet & Relax Hôtel de la Sure (Sëlwer)
  • Novotel Luxembourg Kierchbierg (Sëlwer)

De Betrib, deen am Joer 2023 de Certificat "Bed+Bike" erhalen huet, ass:

  • Camping Kockelschéier

Communiqué vun der Generaldirektioun fir Tourismus an dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung 

Aktualiséiert