Xavier Bettel au sujet de l’actualité politique

"Dat wat mir gemaach hunn, ass net verbuede"

En Interview vum Roy Grotz (RTL Radio Lëtzebuerg):

Här Bettel, gudde Mëtteg.

Xavier Bettel: E schéine gudde Mëtteg.

Roy Grotz: Virop d’Fro wou Ären Handy ass, ass en un oder aus?

Xavier Bettel: Dobaussen.

Roy Grotz: Dobaussen, gutt.

Xavier Bettel: An der Jackett dobaussen.

Roy Grotz: Mäin ass et och, ech leeën en och ewech. Journalistenhandyen zéien Iech jo magesch un. Wat hat Iech do...?

Xavier Bettel: Mir hate virgëschter Owend Pressebriefing, an do huet een dann, Dir wësst jo, hautdesdaags sinn déi Handyen och do fir kënnen eppes opzehuelen. An dunn hat ee säin Handy viru mir leien um Dësch, an deen huet ugefaange mat Vibréieren, an Dir kënnt Iech jo virstellen, datt wann en Handy virbréiert, dat 20 bis 30 Sekonne kann daueren, och Interferenze mécht mat de Mikroen, déi niewendru sinn, an dann hunn ech just gefrot wiem säin et wier fir em e kënnen ze ginn, an e war awer an der 6. Rei hannendrun, dunn hunn ech e gefrot ob ech kéint, wat soll ech da maachen, ob ech sollt ophiewen, dunn huet hie jo gesot, dunn hunn ech just gesot, hei den Här wier beschäftegt, e soll an 10 Minutten zeréckruffen. Méi ass net geschitt. An ech hunn den Här jo gefrot ob ech kéint, ech géif jo soss net en Handy esou ophiewen. An et schéngt wéi wann dat, ech hunn elo Message kritt aus Polen, oder aus Spuenien, etc, etc., datt dat dee grousse Buzz gewiescht wier.

Mä wéi gesot, et ass eng ganz mënschlech Reaktioun, ech si wéi ech sinn, ech si spontan, an do ass näischt hannendru gewiescht fir Pub oder net Pub, wou d’Leit dann ëmmer probéieren eppes ze siche wou näischt ass.

Roy Grotz: Op esou Saache komme mir nach ze schwätzen, wou ze sichen ass, a wou vläicht eppes ass.

Dir wart bis de Moien zu Bréissel, et gouf wéinst dem séiere Schaffe vun de Staats- a Regierungschefen een Dag Conseilscongé gëschter vum Donald Tusk.

Sot eis emol Här Bettel, wéi hutt Dir Iech dann op deem internationale Parquet, ech schwätzen elo natierlech de Conseil un, do agelieft? Gëtt een no enger esou laanger Aera Juncker un deem Personnage gemooss, vläicht zevill?

Xavier Bettel: Ech mengen net. Ech ginn Iech zou, déi éischte Kéier wéi ech zu Bréissel war, wou d’Leit, mir kenne jo wann Dir dohinner gitt, d’Madame Merkel, den Här Hollande, Dir kennt se jo alleguer, mä si kennen Iech net, an deen een oder deen aneren hat ech awer scho gesinn a Sitzungen, an do war deen een oder deen aneren dee bei mech komm ass, a sot, ah you are from Luxembourg, I know Jean-Claude. Dat wäert ech och nach déi nächst Zäit héieren. Mä et soll ee jo frou si wann een den internationale Parquet och konnt occupéieren.

Mä ech hu meng Plaz fonnt, an ech muss Iech soen, datt d’Vertraue wat ech och kritt hu vun den Hollänner zum Beispill fir dierfen hiert Land mat op engem Conseil ze vertrieden, ass e Beweis vu Vertrauen, a wou ee weess, datt deen do och seng Aarbecht sérieux mécht.

An ech hunn, an deem Joer wou ech elo do sinn, muss ech Iech soen, dat soll een net verstoppen. Wann ech heiansdo eppes soen, da gëtt dat, an der lëtzebuerger Press kënnt dat eraus, mä et kënnt wéineg eraus. Ech war zu Berlin ganz am Ufank vu mengem Mandat bei der Madame Merkel, an do hu mir iwwer d’Directive épargne, an iwwer déi ganz Bankeplaz zu Lëtzebuerg diskutéiert, an duerno huet d’Madame Merkel op enger Pressekonferenz, ebe well mir wierklech och gutt eens gi sinn, an ech hunn hir och gesot, datt ech do alleng am Eck géif sëtzen, an Drock géif kréien, seet d’Madame Merkel op enger Pressekonferenz virun 150 däitsche Journalisten, maacht elo keen Drock op mäi Kolleg hei aus Lëtzebuerg, mir musse kucken, datt d’Schwäizer sech bewegen. Ob Dir mir et gleeft oder net, dat do huet mir méi gehollef fir déi Positioun, déi ech als Lëtzebuerger verdeedege wëll, wéi wann ech et nach 100 Mol gesot hätt. An dat kënnt eben duerch d’international Bezéiung, duerch d’mënschlech Bezéiung. An et muss ee wëssen, datt ech wierklech d’Chance hu mat deene 27 aner Kollegen, net nëmmen, och, ech hunn d’Chance mat deem engen oder mat deem aneren och wierklech um internationalen Niveau ganz gutt eens ze ginn, wat et erméiglecht heiansdo Problemer, déi een huet, dann iwwer Handy kënnen ze regelen, an dat am Interessi vum Land.

Roy Grotz: Positioun bezéien an Drock ass e gutt Stéchwuert. Lëtzebuerg kooperéiert elo wat gefrot Informatiounen iwwer Steierrulingaccorden uginn. Dës Nouvelle vum Conseil war aus eiser Vue natierlech eng vun de wichtegsten. Ëmmer nees gouf jo awer no de LuxLeaks betount, Här Bettel, et géif näischt Illegales do geschéien. Firwat musse mir elo awer dës Rulinge via de Budget vum nächste Joer regulariséieren, an och iwwer de Règlement grand-ducal e juristesche Kader ginn?

Xavier Bettel: Also zu Lëtzebuerg selwer iwwer Rulingen den, et weess ee jo, et ass ee jo ëmmer méi gescheit wann eppes bis geschitt ass. Dat ass jo och ëmmer e grousse Prinzip.

Mä déi ganz Reglementatioun wéi légiféréiert gi war, war net ganz kloer. Komm mir sinn eis eens. An ech mengen datt dës Regierung gäre méi Kloerheet hätt, an och eng Base légale, déi ganz, ganz wichteg ass. An ech sinn och ganz frou datt de Minister Gramegna do och en Text déposéiert huet, deen an déi do Richtung geet.

De Fait ass, a mir soen et nach ëmmer, d’Rulinge sinn net verbueden. Dat wat mir gemaach hunn, ass net verbueden. Mä [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Si se ethesch vertriedbar?

Xavier Bettel: D’Kommissioun ass amgaangen elo eng Direktiv ze preparéieren. Si wëll eng Direktiv preparéieren, a si freet 28 Länner ob se d’Informatiounen iwwer déi Praktiken, déi et an deem engen an an deem anere Land ginn, ze kréie fir kënnen déi Direktiv ze preparéieren.

Wa mir als Lëtzebuerger déi säit Méint soen, mir ginn iech se net, well dir maacht just eng Initiativ hei géint Lëtzebuerg, an hei ass eng Pratique déi wichteg ass an 28 Länner ze analyséieren, elo d’Kommissioun an déi Richtung geet, déi mir säit Méint gefrot hunn, dann op eng Kéier soen, mir sinn net averstanen, si mir net crédibel.

Dat wat ass, an ech soen et nach eng Kéier, mir hunn net Wëlles d’Rulingen ofzeschafen, net d’Rulingen ofzeschafen. An et soll een och wëssen, datt um Niveau vun der OCDE och en Text kënnt iwwer d’BEPS, dat heescht, datt et eng, souwisou elo fir ze soen, mir hätten elo d’Dokumenter net erausginn, an da wiere mir vläicht, mir hätte vläicht gewonnen oder net gewonnen um Geriicht, mä da wier et eng Saach nach vun e puer Wochen oder Méint gewiescht, elo den Drock net méi op Lëtzebuerg ass, den Drock ass net méi op Lëtzebuerg, den Drock ass elo datt déi aner Länner, déi jo ëmmer soen, si hätte sech näischt virzewäerfen, si wiere jo, mir Lëtzebuerger mir wiere jo net korrekt, mä si wieren ëmmer esou korrekt, dann elo emol mat den Dokumenter erauszekommen, an d’Kommissioun hir Aarbecht ze maachen.

An et soll een och ni vergiessen, datt déi ganz Affär LuxLeaks sech baséiert op geklauten Dokumenter. Hei ass eng Persoun, déi Dokumenter, da seet deen, da spillt dee Robin Hood, jo ech hunn dat gemengt, well dat wichteg wier, do déi Transparenz, a pattati a pattata. Et ass e Fait pénal do. Et sinn Dokumenter déi enger Firma gehéieren, déi geklaut gi sinn, an dat soll een och net vergiessen. Et soll een elo net an d’Hänn klappen, well wann an aner Länner och Dokumenter géife public gemaach ginn, géif ech gäre kucke wéi déi Länner dann och reagéiere géifen.

Roy Grotz: Ech froen elo nach eng Kéier, also esou e moralesch etheschen Niveau wéi och dann deen Antoine Delcourt, deen als Whistleblower elo bezeechent gëtt, dee gesitt Dir an deem hei Punkt net?

Xavier Bettel: Ech soe just, datt wann d’Betriber Milliarde Bénéficer maachen, an duerch verschidde Mechanismen néierens Steiere bezuelen, dat net akzeptabel ass.

De Steierzueler, deen dee mir hei nolauschtert, deen e Betrib huet, dee seng Steiere bezilt, dee reegt sech jo op, wann e seng Steiere muss bezuelen, an da wann en héiert, datt aner Betriber bal näischt bezuelen, well se Mechanismen hunn. Dat muss een och verstoen. Dowéinst ass et wichteg datt et iwwer d’Assiette fiscale och diskutéiert gëtt, an datt et do och verschidden, an Transparenz virun allem och sollt ginn.

Mä ech sot et och schonn eng Kéier, well d’Press huet jo och probéiert ze maache wéi wann ech géint d’ganz EU wier, well et gëtt vun Harmonisation fiscale geschwat.

Wat nennt een Harmonisation fiscale? Wann dat heescht, datt ech déi selwecht Steieren iwwerall muss hunn, ass a mengen Aen net d’Kompetenz vun der EU. Mir hunn zu Lëtzebuerg zum Beispill eng TVA op 3% op de liewenswichtege Saachen, wësst Dir op de premières nécessités. Ech gesinn net firwat ech dann zum Beispill do soll déi ofschafen, an dann op 17% oder 21%, well verschidde Länner déi net virgesinn.

Mir hunn op den, et gëtt Betribsssteier, et gëtt Privatpersounesteier, et ginn eng Rëtsch vu Punkten, wou ech der Meenung sinn, datt ee soll driwwer diskutéiere kënnen, mä awer net elo soen, elo gëtt alles gehéicht, oder erofgesat, well dat anert Land da mat de Finanzen net eens ginn ass déi leschte Joeren.

Ech mengen datt, an ech sinn där Behaaptung, datt d’Fiskalitéit och eppes ass wat an der Kompetenz vun de Länner ass. Mä iwwer d’Assiette fiscale, soen ech nach eng Kéier, kann een driwwer diskutéieren. Mä elo ze soen, datt vun haut op muer déi 3% zu Lëtzebuerg ofgeschaaft ginn, well et an aner Länner dat net gëtt, sinn ech net averstanen.

Roy Grotz: Mir kommen nach op déi ganz Steieren, a Steierlandschaft, an déi nächst Joeren ze schwätzen.

LuxLeaks als Beispill war elo dat rezenst wat Ärer Regierung an de Schouss gefall koum, dës Kéier ouni et ze wëllen. En déckt Joer sidd Dir am Amt, während där Zäit huet d’Vertrauen awer vun de Leit zolit gelidden, an ass em bal 25 Prozentpunkten erof gaangen. Ass dat déi grouss Erniichterung nom TGV-Depart, deen Dir geholl hutt an der Dräier?

Xavier Bettel: Also wësst Dir, wa mir hätte wëlle populär bleiwen, hätte mir, also et ass jo dat wat e bësse komesch ass. Op där enger Säit sinn d’Erwaardunge ganz héich, an da geet et verschiddene Leit net séier genuch, well si gären hätten, datt... [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Dat ass awer mënschlech.

Xavier Bettel:...an engem Joer awer de Programm scho vu 5 Joer duerchgezunn hunn. An dann hutt Dir aner Leit, déi soen, mir géifen ze séier goen. An da sinn iwwerhaapt och verschidde Leit, déi soen, mir hätten am Léifsten et géif näischt geschéien, et géif näischt geschéien. Näischt geschéien, ass keng Optioun. Mir gesi jo d’Zuelen. A mir sinn eng Regierung vun der Verantwortung, déi och bereet ass déi Verantwortung ze iwwerhuelen.

Changementer sinn ni populär, ni populär. Mä et ass en Zeechen, mir sollen dat och sérieux huelen, datt wann d’Leit soen, mir verstinn dat do elo net, do ass vläicht ganz vill och, mir verstinn dat elo net, erkläert eis et besser, dann hu mir nees Vertrauen an déi Regierung.

Am Moment gi mir virun Äntwerte gesat, wou mir vläicht keng Fro esouguer gestallt hunn, a wou mir net wësse firwat déi Äntwert och kënnt. An et ass eis Missioun elo, déi nächst Méint, de Leit ze erkläere wat geschitt wier wa mir dës Mesuren net geholl hätten.

Mä wéi gesot, Politik maachen, heescht net de Chou-chou wëlle si vun de Sondagen, an da keng Mesuren ze huelen. Politik maachen heescht, an den Churchill sot dat eng Kéier, wësst Dir, Politik ass kucke fir datt ee fir säi Land schafft, an net fir seng nächst Wahlen.

Roy Grotz: Dir beméit den Churchill, dat ass, ech hu geduecht, deen géif zu méi engem spéideren Ament an der Sendung kommen. Op dësem Punkt ass et awer schonn net schlecht.

Dir wollt iwwer 500 méiglech Spuermesuren hat Dir ausgelotst, 258 sinn der Rescht bliwwen. Wat sinn aus der helle Wull dann déi dräi wichtegst fir Iech?

Xavier Bettel: Et wier elo schwéier fir Iech elo déi dräi wichtegst, an déi dräi manner wichteg ze soen. Et ass en Ensembel. Et ass dat wat jo och, ech hat dat eng Kéier bei Iech um Plateau bei RTL gesot, jo et si vill Leit déi net frou sinn, mä dat beweist datt et och équilibréiert ass. Wa mir elo just eng Persoun déi et ongerecht fonnt hätt, dann hätt ee wierklech net équilibréiert gehandelt. An hei ass eppes wou mir wierklech zesummen en Effort maachen.

Et ass wichteg datt mir hei an dësem Land och et fäerdegbréngen, datt mir zesumme wëllen d’Dépensen hannerfroen. Et kann net sinn, datt zu Lëtzebuerg ëmmer gekuckt ginn ass wat et kascht, fir ze kucken ob et dann och gutt ass, an net gekuckt ginn ass ob et gerecht a richteg war. Mir dierfen net an de Pessimismus falen. Mir mussen, et ass en Ensembel vu Mesuren och fir d’Land ze moderniséieren. An et si verschidde Saachen, déi einfach, an et ass jo dat wat ech dann ëmmer gesot kréien, da soen ech, wat ass dann d’Basis vun där do Mesure, virdrun? Jo mä et war ëmmer esou. Dat gëtt et net [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Dat ass jo keng Optioun, sot Dir.

Xavier Bettel: Et war net ëmmer esou. An ech mengen datt, an ech maachen et jo net gären elo fir d’Leit ze kritiséieren, déi elo net méi um Pouvoir sinn. Mä mir wësse säit Joeren, säit Joeren datt d’TVA vum elektroneschen Handel fort ass, fort ass. Dat heescht, et ass eng Rentrée déi net permanente ass, déi net permanente ass, dat heescht, datt mir wëssen, datt mir se eng Kéier net méi kréien. Mir hunn awer déi lescht Joeren et fäerdegbruecht, ëmmer nei Dépensen ze schafen, déi awer permanent sinn. An déi Rechnung geet net op. Wann Dir wësst, datt Dir Neies schaaft wat ze bezuelen ass fir ëmmer, an awer Suen net méi kritt, well Dir wësst datt se net méi fir ëmmer do sinn, geet d’Rechnung net méi op. An dofir, wa mir déi do Mesuren net geholl hätten, gleeft mir et, da géife riicht an d’Mauer rennen.

A wa verschidde Leit soen, mä Här Bettel et sinn nach Suen op där enger oder op där anerer Plaz bei de Pensiounskeesen, dat wier e Crime ze soen, datt mir elo géife lénks oder riets nach Sue siche goen, déi am Fong fir déi nächst Generatioun fir d’Pensioune sinn. Dann ass och keng Pensiounsmauer 2030 oder 2040, mä dann ass se an dräi oder 4 Joer do, an dowéinst, et muss een ëmmer wann ee vun Zentralstaat, oder net Zentralstaat schwätzt, dat gutt ënnersträichen.

Roy Grotz: Dat Vertrauen dat ech ugeschwat hunn, dat verléiert een natierlech net duerch eng Mesure, déi Dir ugeschwat hutt, duerch eng falsch Annonce vläicht alleng, eng falsch Versteesdemech Interpretatiounssaach, net duerch en Ausfluch an d’Bierger mat CD Placken, dem Zeréckzéie vun de Plans sectoriels, oder Annoncen iwwer nei Adaptatioune bei Pressehëllef, an dann nees zeréckruderen. Am Cumul maachen dës Saachen awer eppes aus.

Dir braucht dach de Sekurs vun de Leit fir onpopulär Mesuren. D’Vertraue geet op enger Säit erof. Mécht dat Iech net awer Suergen?

Xavier Bettel: Ech soen et nach eng Kéier. Also et si verschidde Saachen, déi och ugekënnegt gi sinn, et si jo och Pannen, déi wou gesot ginn ass, d’Kommunikatiouns-pannen déi kommentéiert gi sinn, wou mir emol net kënnen.

Wësst Dir, wann ech d’Gewerkschafte gesinn, an duerno geet de Vertrieder eraus, an e seet, hei et kënnt e Moratoire op deenen 0,5%, ech hunn et emol net an de Mond geholl, an ech muss duerno justifiéieren, an dann ech erënnere mech, d’Zeitung, groussen Titel, Gramegna a Bettel si sech net eens. Emol kee Wuert driwwer gesot.

Roy Grotz: Mä, Dir hätt sollte vläicht erauskommen an erkläere wat dann dobanne war.

Xavier Bettel: Ech hunn e grousse Prinzip, wann ech négociéieren, et ass dat selwecht elo mat de Culten, ech weess jo datt d’Leit am Léifste gären hätten, ech soll op der Place publique négociéieren. Wann ech Négociatiounen hunn, ech si vläicht Premier, mä ech hunn och Leit mat deenen ech schaffen. Dat ass eng Regierung, dat ass eng Chamber. An dat sinn och Parteien. D’Cultevertrieder hunn och hir Leit mat deene se musse schwätzen. A wann een dann all Kéier scho seet wat een amgaangen ass ze négociéieren, ass jo guer keng Handlungsméiglechkeet méi do. An dowéinst mengen ech wier dat net richteg.

Jo, an Dir hutt verschidde Saache gesot, mä anzegesinn, Dir hutt vun der Pressehëllef elo zum Beispill, als Beispill gesot, wat mech direkt concernéiert. Mir hunn zu Lëtzebuerg e Staat dee pluralistesch ass an der Press, mir hunn Zeitungen, mir hu Radioen, an de Staat hëlleft jiddwerengem. Et soll kee mengen, datt hei keen hëlleft, ob dat Äert Haus ass duerch e Konzessiounsvertrag, ob dat d’Zeitunge sinn duerch direkt oder indirekt Hëllef. An hei ass de Fall datt mir gesot hunn, an ech stinn nach ëmmer dozou, datt mir zu Lëtzebuerg och mussen déi Leit, déi hannert dem Computer schreiwen, an déi eppes op den Internet setzen, och mussen dofir belount ginn. Et kann net sinn, datt hei zu Lëtzebuerg een nëmmen als Zeitung Sue kritt, wann een eppes op Pabeier bréngt. Hautdesdaags hunn ëmmer méi Leit eng Tablett, en Handy, e Computer, an da soll een dat och unerkennen. Et soll een net soen, datt déi Leit, déi déi Aarbecht do maachen, näischt verdéngt hunn.

Fait ass awer datt mir eng Rëtsch vun Zeitungen hunn, déi nach guer net prett sinn, well mir hinnen du gesot hunn, mir géifen och déi Annonces légales, dat heescht vun den Annonce vu Chantieren a vun esou Saachen déi gemaach ginn, net méi publizéieren, mä mir géifen déi och op Internet setzen, nach net prett wieren. Dofir wëll ech elo déi Mesure, mat de Vertrieder vun den Editeuren zesummekomme fir eng Léisung ze fanne fir déi zwou Saachen, fir eng Kéier d’Publikatioun, an eng Kéier och d’Modernisatioun.

An ech wäert 2015 d’Aide à la presse-Gesetz änneren. An ob dat elo passt oder net passt, ech wëll net dee si wou duerno op eng Kéier zu Lëtzebuerg nëmmen nach eng oder zwou Zeitunge sinn. Mä et muss een eben der Press och Zäit loosse fir deen do Punkt och kënnen ze maachen. A gleeft mir et [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Dat heescht, Dir hutt annoncéiert a gewaart wat d’Reaktioun war?

Xavier Bettel: A verschiddene Länner géife se et anescht maachen, a verschidde Länner géife se et anescht maachen. A verschiddene Länner géifen d’Politiker sech freeën, freeë wa verschidden Zeitungen zougemaach géife ginn.

Ech sinn, ech sinn net begeeschtert wann ech moies da verschidden Zeitunge liesen, an ech kréien der lénks a riets op de Bak. Bon, mä dat ass esou, mä dat gehéiert zu enger Demokratie, dat gehéiert zu enger Demokratie.

An ech mengen et wier wichteg, an ech si fir de Pluralismus. An wann ech der lénks a riets da vläicht op de Bak kréie vun der Press, ech sinn houfreg an engem Land ze liewe wou e Journalist fräi ass dat kënnen ze schreiwen, an net d’Politik kuckt wéi se de Krunn kann zoudréine fir datt da vläicht kritesch Stëmmen nees roueg ginn.

Roy Grotz: Stëmmen ass dat do Stéchwuert. Mir waren eraus mam RTL-Mikro, d’Béa Kneip, an huet eis dës Impressioune matbruecht wéi verschidde Leit dann d’Politik vun der Regierung beuerteelen.

Verschidde Passanten:

Ma bis elo ganz gutt, si hu gutt Reforme gemaach, ausser d’Schoulreform vläicht do hätt een e puer aner Saache kéinte ëmänneren. Also d’Schoulreform fannen ech definitiv schlecht, well dat egal wat ass wéi mat de Studenten, dat ass einfach, et huet guer kee Sënn, an et kéint een op anere Plaze spueren.

Oui c’est très bien. Moi je trouve que c’est pas mal, hein, comment qu’ils font leur travail. Le plus important c’est parce que nous on est des commerçants, maintenant on est un peu derrière la nouveauté de la TVA et un peu tout le reste qui suit, hein. Voilà un peu tout ces changements, hein. Il faut un peu s’habituer, mais bon, il faut s’adapter, hein.

Am Allgemenge mierkt een datt Saache geännert hunn. Ech kucken, ech sinn net ëmmer esou um Lafende wat elo genee geännert ginn ass. Ech denken et ass op jiddwer Fall gutt datt se emol ufänken ze reagéieren, an net just ze schwätzen. Ech denken et muss een einfach kucken a wéi eng Richtung et elo geet. Mä et ass op jiddwer Fall besser wéi einfach nëmme Rieden ze halen, an net richteg duerchzegräifen.

D’Geschicht mat der TVA déi an d’Luucht geet, fannen ech schonn emol totale Blödsinn. A wat hu se nach gemaach? D’Kannergeld fir Mammen, iergend esou eppes, hu se geännert, dat fannen ech totale Blödsinn. Wat hu se nach geännert? Jo, d’TVA am Allgemengen. Ech fannen d’Politiker missten emol bei sech spueren, an net ufänke bei deenen normale Leit méi ze froen.

Roy Grotz: Verschidden Aussoen, Här Bettel. Besser wéi Rieden halen ass duerchgräifen, hu mir héieren, bei sech spueren. Aussoen déi Iech duerchaus dierfte geleefeg sinn. Wat äntwert Dir deenen Leit?

Xavier Bettel: Mir hu scho beim leschte Budget iwwer 200 Millioune selwer gespuert bei Fonctionnementskäschten. Dat gëtt ganz oft vergiess, datt deen Effort scho gemaach ginn ass. A mir hunn och nees bei deem hei Budget gekuckt wou mir kënne spueren. Mir maache wierklech de Maximum wou mir kënnen.

Also wat awer ganz gutt ass an deenen Aussoen, déi Dir hutt, ass de Beweis datt Erklärungsbedarf do ass. Wann den Här vu Kannergeld fir d’Mamme schwätzt, et ass ni Rieds gewiescht fir d’Kannergeld ze sträichen, oder. Wéi mir d’Mesure vun der Allocation de maternité, an der Allocation d’éducation diskutéiert hunn, muss ech Iech soen, datt dat jo drëms gaangen ass fir déi 485 Euro, déi ee jo no 20 Méint verléiert, wou hautdesdaags, an ech mengen ech wëll elo net nach eng Kéier erkläeren, mä ganz vill Fraen an enger prekärer Situatioun sinn, well se hir Aarbecht da mussen opginn, wou mir dann awer och vum Kannergeld ni geschwat hunn, ni, ni, ni geschwat hu fir dat ofzeschafen, au contraire, datt ee géif beim Kannergeld och eng Regelung hu fir d’selwecht Geld fir all Kand.

An da sinn eng ganz Rëtsch vu Saachen, an ech wëll wierklech do der Ministesch Cahen, déi wierklech do vu moies bis owens dru schafft fir d’RMG-Gesetz an d’Congé parental Gesetz ze änneren. Et ass hautdesdaags immens wichteg d’Familljeliewen, an d’Beruffsliewe kënnen zesummen ze vereinbaren. A wann ech da Leit héieren, déi soen, mir wieren d’Regierung déi am Léifste jo d’Kand géif vun der Maternité an eng Crèche setzen, ass falsch. Mir maachen alles fir datt ee kann e Beruff hunn, datt ee kann aménagéieren. Mir sinn amgaangen ze diskutéiere fir justement méi Flexibilitéit ze hu fir dat eent an dat anert kënnen zesummen ze maachen.

Dir héiert och verschidde Leit, an dat mécht mir Freed, déi soen, jo si schwätzen net nëmmen, mä si maachen och. Dat ass eppes wat wichteg ass.

An dann, last but not least, dat ass déi TVA Geschicht. Dir hutt jo gemierkt, datt déi TVA Geschicht, och vun deem, déi Commerçantin sech d’Fro stellt wéi dat elo geet, an och [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: D’Horesca hu mir och nach rezent héieren dozou.

Xavier Bettel: Jo, mä d’Horesca seet eppes wat net geet. D’Horesca seet eis, et soll een dat progressiv maachen. Dat geet net. D’Direktiv iwwer d’TVA erlaabt just e super reduzéierten Taux oder en normalen Taux ze hunn. An ech muss Iech soen, wann e Besoin de première nécessité zu Lëtzebuerg Alkohol ass.. [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Fir Verschiddener vläicht.

Xavier Bettel: Jo, mä ech soen dat elo net, dat kënnt Dir vläicht soen, mä ech soen Iech just datt dat eppes ass wat als Zeechen, wou ech Kannernierung, Kannerschong hunn, Produits de première nécessité, Brout, Miel, Zocker, déi Saachen op 3% halen zu Lëtzebuerg, och den Alkohol misst op 3% bleiwen.

An et soll een och net vergiessen, datt do e ganze Calcul ass, dee ganz komesch ass. Well am Fong, Dir kritt als Konsument jo 3% verrechent, mä beim Akaf ass en aneren Taux deen zielt. Ech wëll elo kengem e Virworf maachen, mä ech wëll just soen, datt do tëschent dem Akaf- an dem Verkaafspräis net déi selwecht TVA gerechent gëtt, an am Fong de Staat déi Suen do net erakritt huet tëschent dem Prix d’achat an dem Prix de vente.

Mä et ass wichteg datt d’Cafetieren elo net engem d’Gefill ginn, wéi wann elo d’Caféë géifen all zoumaachen, et war scho beim Fëmmgesetz esou datt all Café och géif zoumaachen. Ech muss Iech soen, wann een hautdesdaags an e Café geet, gesäit een och eng aner Populatioun wéi déi déi virdru war. Bon, d’Klima spillt net ëmmer mat, mä Dir gesitt der virun der Dier, och verschidde Leit dann haut hir Zigarett virun der Dier ze fëmmen, mä de Respekt vun deem engen ass och de Respekt vun deem aneren.

An ech mengen datt hei bei der TVA elo Saache gesot gi sinn, déi einfach falsch sinn. Wéi wann een elo hätt kënnen europäesch Texter änneren, an do progressiv eng Augmentatioun maachen, etc., etc.

Roy Grotz: An awer, Här Bettel, hei am Land gëtt d’Verméijen, de Besëtz, d’Kapital wéineg besteiert am Verglach mam Akommes. D’Steieren op Léin a Gehälter sinn tëschent 2010 bis zu dësem Joer vun 2,1 op geschat 3,3 Milliarden eropgaangen. Eng Hausse vu 57% a 5 Joer. Ass et gerecht wann d’Aarbecht ëmmer méi staark besteiert gëtt, wann aner Revenuen a Gidder deem awer quasi entkommen?

Xavier Bettel: Et muss een iwwer alles diskutéiere kënnen. Dir wësst jo datt mir dofir och eng Steierreform wëlle maachen. 2017 wëlle mir eng Steierreform maachen, wou een iwwer alles muss diskutéieren.

Dat wat awer ass, zu Lëtzebuerg hu mir zum Beispill keng Ierfschaftssteier, mir hu keng Superräichesteier wéi se a Frankräich wëllen dat... [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Esou eng kënnt och net?

Xavier Bettel: Neen, also de Fait ass et soll een, mir hunn, wann et elo, de Mëttelstandsbockel, mir wëllen dee jo glätten, do ginn et keng 100.000 Méiglechkeeten, a mir mussen och kucke wéi dann d’Situatioun ass.

Wësst mir maachen haut déi Hypothese wann d’Situatioun sech verbessert. Ech hoffen selbstverständlech, an ech paken och Holz un, datt d’Situatioun sech verbessert. Mä 2017 muss een driwwer diskutéiere kënnen ob eng Tranche méi kënnt, oder wéi d’Tranche sinn, well den Écart tëschent den Tranche vläicht ze grouss ass. Dat si wierklech Saachen do muss ee kënnen driwwer diskutéieren. Et dierf keen Tabuthema ginn.

Mä eppes steet fest, Ierfschaftssteier an eng Räichesteier wéi een déi wéilt nennen, fir ze soen, hei elo déi déi ganz vill hunn, déi mussen elo nach, déi kréien 10 Tranche bäi, ass op jiddwer Fall net vun dëser Regierung virgesinn, an op jiddwer Fall och net am Koalitiounsaccord virgesinn. [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Méi d’Aféiere vun der Verméijenssteier da fir Privatpersounen, wa mir scho bei deem Dossier sinn, 2006 gouf se ofgeschaaft. Dat wier eng Méiglechkeet.

Xavier Bettel: Ech soen Iech nach eng Kéier. Wa mir vun enger Steierreform schwätzen, soll een elo emol kucken ob een net an der Steiertabell do emol Modifikatioune muss maachen. [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Glätten einfach.

Xavier Bettel: Glätten a kucken. Ech mengen wann een Effort solidaire soll gemaach ginn, soll een och kucken, a mir wëssen et jo alleguer, eng breet Schëller ka méi droe wéi déi schmuel Schëlleren, mä wann Dir de breede Schëlleren zevill Angscht maacht, da sinn déi fort. An dat ass awer de Gros vun deene Leit, déi och d’Steieren zu Lëtzebuerg bezuelen. Dat heescht, et muss ee just oppasse fir de richtegen Équiliber ze fannen tëschent deem engen an deem aneren.

Roy Grotz: D’Betribssteieren, do si mir genee beim Sujet. Den Alex Bodry sot an den Debatten, hei géif eng méiglech Zäitbomm ticken. Mir wëssen datt 2015 1,6 Millioune [sic] Recette vun de Betriber via Kierperschaftsssteier erakommen. Bleift et dobäi bei deem Taux? Kënnt Dir de Betriber, wa mir virdrun iwwer Rulingen a Sécherheete fir Betriber geschwat hunn, kënnt Dir deene Betriber déi do Sécherheet ginn?

Xavier Bettel: Also Dir wësst jo datt am Koalitiounsaccord drasteet, datt mir net Wëlles hunn d’Betribssteieren ze héijen. An ech muss Iech soen, et mécht mech och e bësse rose wann een déi ganzen Zäit d’Gefill kritt dobaussen, datt ëmmer d’Betriber géint d’Leit sinn. Hautdesdaags wie schaaft d’Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg? Et sinn d’Betriber. Mir brauchen d’Betriber zu Lëtzebuerg. Mir brauche Leit déi zum Produit national bäiféieren. An dat kritt een duerch eng Attraktivitéit zu Lëtzebuerg. Mir wëssen datt d’Léin héich sinn zu Lëtzebuerg, an dowéinst ass et och wichteg datt mir awer op deem engen oder anere Punkt awer méi attraktiv sinn och wéi aner Länner. Datt een elo wëllt Dumping maachen, andeems ee seet elo ass bei eis nach méi déif wéi déi aner fir se op Lëtzebuerg ze zéien, sinn ech net de grousse Verfechter. Mä et soll een awer kucken do selbstverständlech kompetitiv ze bleiwen, well d’Betriber hautdesdaags sinn och net méi esou bestuet mat de Länner wéi se virdru waren. Hautdesdaags kucke se wou et awer méi attraktiv ass. An ech hu keng Loscht datt muer verschidde Betriber mir soen, hei Lëtzebuerg ass mir ze deier ginn, an elo maache mir zou, an dann hu mir nees 1.000 Leit méi op der Adem. Dat wëll ech net, also [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Ass dat och dat wat Dir muer der UEL wäert mat op de Wee ginn, iwwermuer?

Xavier Bettel: Mat der UEL wëlle mir och diskutéieren iwwer d’Kompetitivitéit, iwwer déi verschidde Punkten déi et do ginn.

Mä ech soen et nach eng Kéier, et dierf net esou ausgesinn, an dat ass zu Lëtzebuerg och ganz oft dee Cliché, Här Grotz, deen et awer gëtt. Et huet een d’Gefill zu Lëtzebuerg wann een dem Patronat eppes gëtt, dann ass dat automatesch géint d’Gewerkschaften. A wann een de Gewerkschaften eppes gëtt, dann ass automatesch géint d’Patronat. An dat ass falsch. Ech menge wann et de Betriber gutt geet, geet et den Employéen och gutt. A wann et den Employée gutt geet, geet et de Betriber och gutt. An do musse mir et fäerdegbréngen, dofir sinn ech och frou, bei der Steierreform hu mir jo och gesot, datt mir wëlle mat de Sozialpartneren, well ganz oft gëtt gesot, just deen een oder deen aneren, zesummen diskutéiere fir datt mir zesummen déi beschte Léisung fir eist Land och fannen.

Roy Grotz: Mir fannen d’Léisung an der Zäit, um halwer ass de Journal, dat ass ganz geschwënn, duerno fuere mir weider mat de gesellschaftspolitesche Reformen, déi nach ausstinn, natierlech mat dem Referendum, an nach e bëssen Xavier Bettel privat. All dat nom Journal.

[Noriichten]

Roy Grotz: Gudde Mëtteg nach eemol Här Bettel.

Xavier Bettel: Rebonjour.

Roy Grotz: Voilà, Spuermesuren och bei eis um RTL, kann ee soen. Ech maache mir d’Saach elo emol e bëssen einfach, ech pausen e bëssen. Mir hunn nämlech en Oppositiounspolitiker gefrot Iech eng Fro ze stellen. De Gast Gibéryen vum ADR.

Gast Gibéryen(O-Toun): Ech géif him einfach eng Fro stellen. An dat wier déi, wéisou datt eng demokratesch, eng liberal Partei eng lénksideologesch Politik matmécht, sief dat an der Familljepolitik, sief dat d’Rechter vun deenen eenzelne Bierger, ech denken do speziell zum Beispill un d’Plans sectoriels, déi op den Instanzewee gaange sinn, wou d’Virkaafsrecht, d’Expropriatioun vis-à-vis vun de Bierger géife verstäerkt ginn, datt fir mech onverständlech ass, datt eng liberal Partei esou eng Politik matmécht.

An d’Fro déi sech wäert an deenen nächste Méint stellen, dat ass déi Diskussioun, déi mir am Kader vun der Reform vun der Steierreform wäerten diskutéieren, ob do d’Sozialiste sech duerchsetzen, déi am Fong wëllen d’Kapital, déi vu Räichesteieren, deen Héchststeiersaz wëllen héijen, oder ob eng DP sech duerchsetzt, déi do dogéint ass?

Roy Grotz: Dir sot et ass alles op, dat hutt Dir eis scho virdru gesot, et gi keng Tabuen, et gëtt alles, vläicht net alles, mä villes à plat kann ee maachen. An awer, dat hu mir och an de Budgetsdebatten héieren, ass d’Marge, ass de Sputt deen dran ass an de steierleche Mesure jo awer och net esou grouss, Här Bettel.

Xavier Bettel: Jo, ma sécher, et huet jo kee Wäert datt mir Mesuren huelen, wou mir wëssen datt se hypothetesch sinn, oder op jiddwer Fall no dräi oder véier Joer nees musse geännert ginn, well kee Sputt do ass fir se ebe kënne weiderzeféieren.

Bon, ech hunn dem Här Gibéryen e bëssen nogelauschtert. Wa Modernitéit heescht de Leit méi Rechter ginn, méi e modernt Ofdreiwungsgesetz, méi an der Gesellschaftspolitik weider ze goen, a wann dat fir hien da lénksorientéiert ass, jo da sinn ech eben do méi lénks orientéiert. Ech hätt gären eng Gesellschaft déi och weider geet, an de Leit Rechter gëtt. Fir mech ass dat fir en Demokrat och ganz, ganz wichteg, an och als Liberalen.

Jo, a wann den Här Gibéryen mengt, datt eng liberal Partei heescht, datt ee muss Egoist sinn, dat heescht, datt et just drëms geet egoistesch ze denken, da versteet en och net wat eng liberal Partei, fir wat eng liberal Partei do ass.

Eng liberal Partei ass do fir datt jiddweree sech bewosst ass, datt en eng Responsabilitéit huet, datt en där Resonsabilitéit muss och selwer, selwer an de Grëff huelen, an datt en de Staat huet deen en ënnerstëtzt fir d’Formatioun ze kréien, fir déi Responsabilitéit kënnen ze iwwerhuelen. Mä datt de Staat net jiddwereen déi ganzen Zäit dréit, an datt d’Leit och eng Kéier mussen hir eege Verantwortung och huelen. Jo, dat ass fir mech liberal.

An dat heescht och datt een de Leit, déi Schwaachst an der Gesellschaft och hëlleft, well déi vläicht net selwer et fäerdegbréngen, mä datt den Assistanat seng Limiten huet, wou op eng Kéier d’Leit nëmmen nach vun Assistanat wëlle liewen.

Mir sinn do, an dat ass net nëmmen eng liberal Partei, gleeft mir et, dat ass och d’Kollegen, ob dat den Här Braz, oder den Här Schneider, do si mir an där selwechter Richtung. Mir hätte gären en Trampolin fir d’Leit, mir hätte gären en Trampolin wou d’Leit et fäerdeg drop brénge fir drop ze sprangen an an d’Luucht ze kommen, amplaz eng Matrass wou se sech an den Eck tässelen, a weider schlofe wëllen ouni ze kucke wat ronderëm geschitt. Dat ass net dat wat mir wëlle maachen.

A mir hunn eben hautdesdaags d’Chance eng Regierung ze hunn, déi bereet ass déi Verantwortung ze iwwerhuelen, an dat Land nees fit ze maachen, an dat Land net wëllen eng Matrass kafen, mä au contraire en Trampolin fir datt mir weiderkommen.

Roy Grotz: Deen Trampolin brauche sécher Leit, déi dat Wuert Aarmut kënnen definéieren, an déclinéieren.

Dëse Risque de pauvreté persistant am Land läit bei 7%, dee gëtt iwwer zwee, dräi Joer gekuckt. Den Aarmutsrisque no Sozialtransfertë läit bei 16%. Parallel zur Aarmut geet d’Ongläichheet vun de Revenuen ëmmer weider an d’Luucht. Wéi deem awer entgéintsteieren, Här Bettel? Deen Trampolin, sollen net och speziell Hëllefe fir mono-parental Famillje spillen? Déi waren annoncéiert.

Xavier Bettel: Selbstverständlech, dofir si mir och amgaangen ze kucke beim RMG, well do den RMG och bei de mono-parentalen am schlëmmsten ass.

An ech soen et elo nach eng Kéier, ech erlaabe mir dee Lien ze maache mat deene Reformen, déi mir maachen an der Familljepolitik, fir datt jiddwereen och wann e muer alleng ass, wann e mono-parental gëtt, och op den zwee Been steet, an net op eng Kéier do op der Strooss ass, oder op jiddwer Fall net méi déi Moyenen huet fir kënnen ze liewen. An dat ass dat wat ee brauch.

Hautdesdaags ass een an enger Realitéit wou et ass, datt eben ëmmer méi Leit gescheet ginn, a wou et och wichteg ass, datt ee bereet ass déi Verantwortung iwwerholl ze hunn, a weider ze iwwerhuelen. An dat ass dat wat mir wëlle maachen.

An de Risque de pauvreté zu Lëtzebuerg ass ganz, ganz grouss. An dofir ass et och wichteg datt deen deen op der Limit ass, net drënner fält. An deen deen, zum Beispill de Logement, ech huelen dat Beispill well dat mir immens um Häerz läit, Dir hutt, Logement social gëtt gemaach, an et geet net duer, mir mussen der nach maachen.

Roy Grotz: De loin net duer.

Xavier Bettel: De loin net duer. Jo, mä et gëtt nach eng Mëttelschicht hei zu Lëtzebuerg. A gleeft mir et déi Mëttelschicht riskéiert an d’Prekaritéit ze falen, well se zu Lëtzebuerg et net méi fäerdegbréngt iwwerhaapt kënnen en Haus, en Appartement kënnen ze kafen. An déi mussen dann an d’Grenzregioun goen.

Dofir ass et wichteg datt mir en erschwéngleche Wunnraum och schafen, fir jonk, fir manner jonk Leit, mä fir déi Leit wou et weder, well se zevill verdénge fir um soziale Maart eppes ze fannen, well se awer net genuch verdénge fir um normale Maart eppes ze fannen. Dat ass do wou mir mussen eppes maachen. Dat sinn déi präventiv Moossnamen, déi ee muss huele justement fir datt och verschidde Leit net an déi prekär Situatioun och falen.

Mä do muss een ophalen ze mengen, datt zu Lëtzebuerg et jiddwerengem gutt geet, datt jiddweree genuch huet, datt jiddwereen happy ass. Et gëtt zu Lëtzebuerg och eng Prekaritéit, an dat ass eng Realitéit, an do muss och de Staat seng Verantwortung iwwerhuelen.

Roy Grotz: Är Regierung, Dir hutt et selwer gesot, gëtt un de gesellschaftspolitesche Reforme gemooss, villes ass am Floss. Mam Aféiere vum Homo-mariage, an der Reform vum Avortementsgesetz, sinn och ewell zwee Gesetzer ofgeseent, fir nëmmen déi ze nennen.

D’nächst Joer kréien d’Leit dann d’Wuert. An engem Referendum mat 4 Froen, eng Campagne soll lancéiert ginn, Biergerforen. Wéi genee stellt Dir Iech dat vir? Wat ass sech fir de Bierger drënner virzestellen?

Xavier Bettel: Ma fir de Bierger datt en emol zu Lëtzebuerg och seng Meenung gefrot gëtt. Hei si jo Froe wou mir als Regierung soen, et ass keng Unanimitéit an der Chamber, et sinn ëmmer Sujeten, déi kontrovers diskutéiert ginn. Ma hei, de Bierger ass deen deen ëmmer Recht huet, an dee soll soen, wat en dovunner hält. Mir maache jo e konsultative Referendum, dat ass deen éischten, deen eis jo erlaabt beim zweete Referendum dat wat duerch déi Consultatioun vun de Leit décidéiert ginn ass, mat anzebannen oder net mat anzebannen.

Do wou nee gesot gëtt, fënnt dann, an deem zweete Referendum gëtt déi Fro net méi, also ass déi Ännerung dann net méi do.

Ech fannen et wichteg, et soll een elo net all Woch Referendumen organiséieren, mä bei wichtege Froen, wou ee sech am Fong d’Fro stellt, wéi e Land wëlle mir muer, wéi soll Lëtzebuerg muer gestallt ginn, datt een do keng Angscht huet fir mam Bierger zesummenzekommen, an deem seng Meenung ze froen.

Xavier Bettel: Mä hutt Dir eng konkret Virstellung wat d’Biergerforen, wat wëllt Dir do organiséieren? Ass all Mënsch e Sujet?

Xavier Bettel: D’Chamber huet jo décidéiert do de Lead ze huelen, ech sinn net, de Mars di Bartolomeo wäert en temps voulu schonn erkläeren, an ech hu gesinn, datt hie bei sengen Neijoschdagsrieden elo amgaangen ass dat och matzedeelen. Et ass un der Chamber, well déi sech och em d’Referendume këmmert. D’Regierung wäert och selbstverständlech driwwer diskutéieren, an och d’Plaze wou ee Forumen organiséiert, mä et ass wichteg datt ee sech déi Fro stellt.

Hei geet et wierklech net drëms, sinn ech zefridde mam Bettel, mam Schneider, mam Braz oder mat där Regierung, mä wéi e Land wëll ech muer. Sinn ech bereet elo op deem do Punkt jo ze soen, op deem do Punkt neen ze soen? D’Leit musse sech einfach déi Fro stellen, wéi e Land wëlle mir muer?

Roy Grotz: Mä wann Dir 4 Mol dann zum Beispill nee gesot kritt?

Xavier Bettel: Ma dann ass dat esou.

Roy Grotz: Ass dat net awer och e bëssen awer e Scheiteren da vun där Politik, déi Dir annoncéiert hutt?

Xavier Bettel: Hei geet et drëms d’Leit ze froen. Et kann ee jo awer net soen, datt d’Leit musse jo wiele fir mir Freed ze maachen. Hei geet et drëms ob d’Leit averstane sinn oder net mat deem wat déi Positioune sinn, déi do prekoniséiert ginn. A wann d’Leit nee soen, dann ass dat esou. Et soll een dat respektéiere wat d’Leit och soen.

Roy Grotz: Dir huelt dat zur Kenntnis, an Dir fuert da weider, an déi Punkte sinn ausgeklamert fir déi nächst Joeren? Auslännerwahlrecht zum Beispill?

Xavier Bettel: Auslännerwahlrecht zum Beispill. Et si 4 Froen. Et geet drëms datt mir vun de Leit gesot kréien, hei domat si mir averstanen, oder domat si mir net averstanen.

Emol eng Kéier wou mir d’Leit froen, kritt een dann direkt d’Gefill datt et misst e Sondage sinn iwwer d’Beléiftheetswäerter vun der Regierung, net Regierung.

Hei geet et just drëms, au contraire, nees de Lien deen an der, et wier jo schrecklech hautdesdaags, et sinn esou vill Leit déi iwwerhaapt net méi un d’Politik gleewen, déi einfach sech net méi mat der Politik kënnen identifizéieren. Wann een hei elo emol de Leit seet, hei hutt dir eng Méiglechkeet mat Politik ze gestalten, mat un enger Décisioun ze huelen, datt een da seet, neen dat wëlle mir net, oder hei geet et wierklech em eng aner Fro. Hei geet et wierklech em d’Fro, bei all Fro jo oder neen, bass du dofir, bass du dogéint? An da soll jiddweree sech, en âme et conscience déi Décisioun dann och treffen.

Roy Grotz:  Jo oder nee fir Trennung vu Kierch a Staat, respektiv net méi bezuele vun de Peie vun de Minstres de cultes. Dir sidd aktuell a Gespréicher mam Bistum. Wéi et heescht, wier Dir och ewell zu éischte Piste komm, wou ee Conclusioune kéint zéien. Ass deem esou?

Xavier Bettel: Mir sinn a Gespéicher, a mir wäerten déi Gespréicher nach an deenen nächsten Deeg a Woche féieren. Ech si selbstverständlech frou wa mir eng Léisung fannen, déi, fir mech ass et wichteg datt eng Evolutioun an deem do Dossier kënnt.

Ech hunn et och dès le départ gesot, datt d’Relioun eppes ass wat fir mech och e perséinlechen Aspekt huet, an datt och deen, dee sech domat identifizéiert, och eng Bedeelegung zu den Aktivitéiten, an zum Liewe vu senger Croyance och huet, an ech si frou wa mir do eng Evolutioun an deem Dossier, dee säit 100 Joer diskutéiert gëtt, mä ni eppes geschitt ass, endlech weider geet.

Roy Grotz: Mä ech verstinn elo net richteg. Dir hutt gesot, mir loossen d’Leit an der Fro tranchéieren, parallel sëtzt awer hannert zouenen Diere beienee fir zu engem Kompromëss ze fannen. Dat bäisst sech awer e bëssen.

Xavier Bettel: Neen, et muss een einfach, d’Fro ass jo ganz einfach wéi et mam Bezuele vun de Gehälter vun de Paschtéier ass. Firwat? Well déi Fro nämlech an der Verfassung steet. An der Verfassung steet dran datt d’Paschtéier duerch d’Konventioun, also d’Paschtéier gi vum Staat bezuelt, an dat gëtt duerch Konventioune geregelt. Et sinn zwee Texter, déi et am Fong an der Verfassung ginn. Mir wëllen déi Texter aus der Verfassung eraushuelen. Dat heescht, d’Fro ob dat soll erausgeholl ginn, ass fir eis nach ëmmer richteg. Elo ob d’Fro ass, datt, an d’Fro esou wéi se libelléiert ass, est-ce que l’État doit, gëtt et nach ëmmer eng Obligatioun, jo oder neen? Fir eis, mir sinn der Meenung neen. An dowéinst hätte mir am léifsten datt déi Fro och, datt d’Leit mat jo géifen äntwerten, dat heescht, datt se net méi soll an der Verfassung dra stoen, fir datt een do och weider kënnt. Am Moment brauch een och eng 2/3 Majoritéit, well et steet an der Verfassung. Dowéinst c’est pas terminé!

Roy Grotz: Mä wann Dir Iech dann elo eens gitt, iwwer wat fir eng Fro gëtt dann ofgestëmmt? Iwwer de Kompromëss deen Dir fannt?

Xavier Bettel: Neen, iwwer de Fait datt een et aus der Verfassung eraushëlt. Hautdesdaags gëtt et eng Obligatioun vum Staat fir d’Gehälter vun de Ministres de cultes. An do muss ech Iech soen, do sinn ech och net begeeschtert, wat Ministres de cultes ass. Well fir mech e Ministre de culte soll dee sinn, dee sech em de Culte këmmert. Zu Lëtzebuerg ass dat ganz, ganz, ganz, ganz wäit ausgedeent ginn. An ech mengen do wier et och wichteg eng Kéier driwwer ze diskutéiere wat déi Definitioun vu Ministre de cultes ass.

Mir hätte gären datt dat aus der Verfassung erauskënnt. Dat heescht datt se duerch d’Konventioune geregelt ass, jo oder neen, mä net an der Verfassung dra steet an dësem Land.

Esou wéi et hautdesdaags, wat kéint ee soen, Konventioune gi mat verschiddenen Acteuren a ville Beräicher, soll dat dat selwecht si mat de Communautés religieuses. Mä dat soll net an enger Verfassung stoen.

Roy Grotz: Dat heescht, mir hunn Iech gutt verstanen, de Libellé vun där Fro am Referendum bleift, egal wat elo erauskënnt?

Xavier Bettel: Selbstverständlech. Wann elo décidéiert gëtt, wann en Accord fonnt ginn ass, datt ee seet, datt en Deel vun där Enveloppe déi am Moment, et si 24 oder 25 Milliounen, déi elo am Moment fir d’Culte virgesinn ass, wann een dat géif ganz staark reduzéieren, an dat heescht, et géif een en Accord fannen an deem ee seet, hei mir sinn awer bereet e Minimum ze hunn, ännert dat nach ëmmer näischt un dem Fait datt mir et gären aus der Verfassung hätten.

Déi zwou Froen hätte mir, also d’Fro vun deenen zwee Texter aus der Verfassung stinn nach ëmmer fir eis um Ordre du jour.

Roy Grotz: Mir si beim Laizismus an där do Fro, d’Debatt gëtt awer e bësse reduzéiert op déi Paschtéieschpeien. Misst net éischter eng déifgräifend Debatt iwwer d’Plaz vun der Relioun, de Reliounen an der Gesellschaft gefouert ginn?

Xavier Bettel: Hei geet et jo em Verfassungsfroen. Ech soen et jo nach eng Kéier. Et ass well e Referendum gestallt gëtt, an an der Verfassung steet just dat iwwer d’Reliounen.

D’Plaz vun de Reliounen, ech soen Iech et nach eng Kéier, d’Reliounen ass eppes fir mech wat perséinlech ass. Ech respektéire wann d’Leit zesummekommen, an ech mengen et gëtt eng Liberté religieuse, an dat ass och gutt esou datt d’Leit zesummekomme wa se e gemeinsame Glawen hunn, mä dat ass fir mech eppes perséinleches, et ass e libre choix, an do soll och jiddwereen a senger Éducatioun sech d’Fro stellen, ob ech wëll oder net wëll. Fir mech gëtt et do näischt ze imposéieren.

Roy Grotz: Dir braucht an dësem Fall, wéi och an deenen anere verfassungsrechtleche Froen natierlech déi aner Parteien, 2/3 Majoritéit, Dir braucht d’CSV. Wat erwaart Iech vu genee där do Partei?

Xavier Bettel: Also fir, ech soen et nach eng Kéier, hei geet et just em d’Fro an der Verfassung wou eng 2/3 Majoritéit gebraucht gëtt, iwwer d’Peien.

Dowéinst, Dir hutt gemaach wéi wann ech hei géif de ganzen Débat reduzéieren, mä et ass deen eenzegen deen sech am Fong duerch d’Referendume gefrot gëtt. Ma d’CSV muss hir Verantwortung huelen. Ech sinn net de Spriecher vun der CSV. Et hänkt alles, wa si soen neen, d’Kierch gehéiert zur Verfassung, an d’Peie gehéieren zur Verfassung, an do soll een net driwwer diskutéieren, dat ass eben esou, da muss een dat zur Kenntnis huelen.

Mä wann, och als gudden Demokrat, wann eng staark Majoritéit vun de Lëtzebuerger soen neen, do ass eng Participatioun vun de Bierger déi muss gemaach ginn, an et ass, ob dat elo eng Kierchesteier ass, eng Contributioun, en Don oder wéi oder wat, wat muss gemaach ginn, an eng breet Majoritéit vun de Bierger entscheede sech dofir, mengen ech datt och eng CSV den demokratesche Prinzip vun engem Respekt vum Wielerwëlle wäert respektéieren.

Roy Grotz: Wat ass eng breet Majoritéit, 66% , driwwer?

Xavier Bettel: Neen, et soll ee jo net ufänken hei ze spekuléieren ab wéivill. Also 50% plus een, eng Stëmm, ass eng Majoritéit.

Roy Grotz: Awer keng breet, do si mir eis eens.

Xavier Bettel: Jo, et ass awer eng Majoritéit. Mä ech soen et nach eng Kéier. Komm mir waarden elo, ech verkafen elo net schonn hei d’Saachen iert mir iwwerhaapt schonn d’Saachen, d’Resultater hunn. Ech kommentéieren dat do elo net.

Fir mech ass et wichteg datt mir en Débat hunn, an datt d’Leit do en connaissance de cause hiert Kräizche maachen do wou si et fir richteg fannen.

Roy Grotz: Dir hutt eppes verkaaft, respektiv eppes annoncéiert wat nawell fir ganz vill Onrou bei Enseignantë gesuergt huet. Dir hutt d’Annonce gemaach, datt just nëmmen nach prestéiert Stonne op den Terminalsklasse bezuelt wäerte ginn. Den Här Meisch krut doropshi 1.500 Demissiounen aus den Examenskommissioune geschéckt, akzeptéiert déi net. En Donneschdeg war et den Échec an de Verhandlunge mat Proffecomitéen, déi ganz staark hei optrieden, an de Gewerkschaften. Wat sot Dir zu der Attitude vun den Enseignanten?

Xavier Bettel: Ech verstinn datt kee frou ass wann eppes sech ännert. Dat hunn ech jo an der Introduktioun och scho gesot.

Ech wëll awer just hei soen, datt en Accord mat der Feduse jo awer war, an datt do am Fong d’Basis jo gesot huet, si wier net mat deem ganze Prinzip och averstanen.

Wat fir mech einfach wichteg ass, datt een den Enseignanten, wat mech am Fong zu Lëtzebuerg elo stéiert, ass datt een d’Gefill huet, et muss een oder pro oder contre Enseignantë sinn. Et soll ee wëssen, datt d’Schoul net fonctionnéiere géif ouni Enseignanten, a si hunn eng nobel Tâche.

An datt een elo probéiert den Enseignant an den Eck ze drécken, andeem ee seet, en huet scho zevill Congé, dir hutt schonn eng ze déck Pei, wierklech net dat ass, wat ee soll hunn.

Mir solle wëssen, datt wa mir dëst Land wëllen och fit maachen, brauche mir och Enseignanten déi do matmaache fir d’Leit och ze preparéieren.

Ech soe just datt hei net dierf d’Gefill erauskommen, a virun allem datt jonk Leit, an ech soen dat nach eng Kéier, ech hunn dat schonn eng Kéier gesot, am Fong als Geisel geholl ginn, well déi jonk Leit déi sech Froe stellen, wéi geet et weider, kréien ech mäi Premièresexamen, déi Nervositéit déi do steigt, deen Zoustand deen do steigt, ass wierklech net dat wat gutt ass.

An ech mengen datt den Här Meisch awer virun allem och eng Propos gemaach hätt. Dat heescht, datt déi Aarbecht déi gemaach gëtt, den Oral an d’Tâche sollt matagebaut ginn, an all déi Saachen sollten, datt dat awer eng Propos war mat där ee kéint awer liewen, an déi awer och un der Realitéit sech passt.

Mä ech sinn iwwerzeegt, datt do nach eng Léisung fonnt gëtt, well jiddweree sech hei bewosst ass wéi eng Verantwortung en och huet, a wierklech keng Hypothéik op d’nächst Generatioune ka gemaach ginn.

Roy Grotz: Mä ebe just, wéi ass dann deen Esprit, dee vu Boykott da schwätzt, ze bewäerten? Wéi en Image gëtt dës Haltung vun den Enseignanten?

Xavier Bettel: Ech mengen datt net d’Enseignanten elo wëllen, an dat Bild och wat dobaussen véhiculéiert gëtt wéi wann, wéi gesot, et hei just em d’Pei géif goen, a soss net wéilte schaffen, ass einfach, ass net dat richtegt Bild.

An ech sinn iwwerzeegt wann et elo muer drëms geet fir de Premièresexamen ze organiséieren, datt da ganz vill dat net esou mengen, wéi dat vläicht och dobausse gesot gëtt, a wann d’Verantwortung muss iwwerholl ginn, si déi éischt sinn déi do si fir déi Schüler, déi se während engem ganze Joer och betreit hunn, fir déi och weider ze ënnerstëtze fir datt se och kënne fit si fir herno weider studéieren ze goen, oder schaffen ze goen.

An ech sinn iwwerzeegt, datt dat Bild wat dobausse reflektéiert gëtt a véhiculéiert gëtt, net dat ass vum Enseignement deen elo hei vläicht nolauschtert.

Roy Grotz: Bleiwe mir eng Kéier bei de Peien. Während der Émissioun krute mir ganz vill Tëlefonsappellen eran. D’Leit déi uruffen a froe firwat d’Politiker nëmmen op 50% vun hirem Revenu besteiert ginn? Do sollt een usetzen, an de Premier sollt net just soen, datt op de Fonctionnementskäschte gespuert gëtt, ma et sollt een och eppes bei sech selwer maachen. E bësse rejoignéiert dat d’Aussoe vun engem vun den Hären um Micro-trottoir.

Xavier Bettel: Jo, ech hunn do scho gesot, dat kënnt ëmmer gutt un, fir elo ze soen, hei d’Politiker elo spuere mir emol, elo kréie se esou vill ewechgeholl.

Ech wëll just soen, datt wann een, bei de Politiker do si Frais fixes, et ass net datt d’Halschent steierfräi ass, mä do sinn och Frais de représentations dobäi vu Käschten déi een dobäi huet. A wann een elo géif soen, elo géif mir just bei de Politiker elo, allez, elo huele mir 10% oder 15% ewech, dann hätte mir duerno just, well et ass jo op Facebook, et ass jo ganz vill zirkuléiert ginn, datt een dann Enn dës Joers e puer honnertdausend [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Ech sinn net op Facebook, Dir gesitt dat méi wéi ech.

Xavier Bettel: Datt een dann Enn des Joers e puer honnertdausend Euro da gespuert gi wieren.

Ech wëll nach eng Kéier soen, mir hunn iwwer eng Milliard Defizit d’Joer, dat heescht, do ass d’Léisung net.

An et gëtt jo da ganz oft driwwer diskutéiert, se géifen zevill verdéngen, oder net genuch verdéngen, d’Politiker. Dat ass eng nei Diskussioun. Ech ka mech net erënneren, datt déi lescht 30 Joer iergendeen eppes dozou gesot huet.

Roy Grotz: Déi ass awer ze féieren, mengt Dir?

Xavier Bettel: A jo, si ass ze féieren, selbstverständlech. Mä ech soe just, wann et duerno d’Rechnung ass, et si jo verschidde Leit, déi mir soen, mat där Aarbecht déi do ass, am Privatsecteur géif ee méi verdénge mat där Verantwortung, oder mat dat wat ass. Ech mengen et geet wierklech net em d’Suen.

Elo en Zeechen ze setze fir wierklech fir ze soen, well mir si jo och un d’Fonction publique gebonnen, dat heescht, da misst een och bei der Fonction publique vläicht dat eent oder dat anert änneren, mengen ech hätt elo kee Wäert.

Roy Grotz: Privatsecteur. Xavier Bettel, allgemeng kommt Dir als sympathesche Mënsch eriwwer, mat deem ee gäre potert, oder e Patt hëlt. Ass deem och esou? Wéi gesinn d’Leit de Staatsminister? Dës puer Aussoen um RTL-Mikro.

Verschidde Passanten:

Bis elo ganz gutt, ëmmer frëndlech, wann een och esou gesinn huet an der Stad eng Kéier. E mécht seng Aarbecht awer gutt.

Ma ech fannen hien als Persoun selwer, et ass eng ganz fäi Persoun, e weist sech ëmmer ganz fäin an esou, mä also ech fannen hie misst méi Iddien ëmsetzen, an net esou laang op enger Iddi pochen.

Ech fannen datt de Staatsminister sech am Fong zimlech gutt presentéiert. An en ass och vum perséinleche Charakter hier immens frëndlech. Vu que datt hien nach zimlech jonk ass, fannen ech awer, ech fannen datt hien dat zimlech gutt mécht. An ech fannen datt en och ëmmer probéiert wann iergendzwousch Sträit ass tëschent den eenzelne Parteien, oder wann eppes onkloer ass, dat ëmmer direkt ze klären, an direkt Stellung dozou ze huelen.

Bein, allegemeng als Privatpersoun fannen ech en immens sympathesch, zwar muss ech soe wéi et ass, well ech hunn en och eng Kéier privat scho getraff, wéi ech an der Vakanz eng Kéier war. Ech menge säitdem en awer hei ass, ass allgemeng d’Ideologie vum Staat ass elo e bësse méi lacker. Se hunn emol endlech ugefaangen, datt d’Kierch sech emol vum Staat trennt. An dat fannen ech emol endlech eng gutt Saach. An dat si schonn alleng esou Klengegkeeten, déi awer schonn eppes Positives matsechbréngen, datt hien elo Premier ginn ass, fannen ech perséinlech.

Also ech gesinn hie genee esou gutt eriwwer komme wéi deen dee mir virdrun haten.

Roy Grotz: Dee mir virdrun haten, mengt d’Madame wuel den Här Juncker. Den Xavier Bettel laacht elo. Bon, dat do ass vill Positives. Huet d’Politik d’Persoun Xavier Bettel verännert, net awer?

Xavier Bettel: Um sportleche Plang vläicht e bëssen. Ech hu manner Zäit fir lafen ze goen. An déi lescht Titelsäit vun der Revue huet mech drun erënnert, datt et nees Zäit wier fir lafen ze goen.

Neen, ech maache meng Aarbecht immens gären. Ech sinn een, wësst Dir Här Grotz, dat ass eppes wat phantastesch ass, wann een et gäre mécht. Ech hu Chance ob dat d’Affekoterei, ob dat als Schäffen, als Buergermeeschter, als Deputéeirten, an elo als Premierminister, ech einfach gäre maachen, an d’Éier hu mat Leit dierfen ze schaffen, déi och gäre schaffen.

A wéi ech an de Ministère komm sinn, dunn hunn ech de Leit och gesot, wësst Dir, vill vun Iech hu mech net gewielt, mä ech Iech och net, an da musse mir elo kucken eens ze gi fir déi nächst 5 Joer. An ech hu wierklech do eng Équipe fonnt, déi matmécht, an déi sech bewosst ass iwwer wéi eng Responsabilitéit datt een huet.

Et ass net ëmmer einfach, well et huet ee selbstverständlech vill méi Drock wéi virdrun, vill méi, d’Tensioun ass einfach vill méi héich, mä ech si wéi ech sinn, an ech kréien et souwisou net geännert. Also et huet kee Wäert driwwer ze diskutéieren.

Roy Grotz: Dir hutt haut nees erëm esou e schéine Schal un, ech si bal jalous op deen do. An der Zäit hat Dir e Foulard un, Dir wart kuerz an de Scouten als jonke Mënsch. Be prepared oder learning by doing? Wat passt éischter elo bei de Staatsminister?

Xavier Bettel: Ech mengen déi zwou Saachen. Wann e Land net prepared ass, an net prett ass fir déi nächst Erausfuerungen, ass et net gutt. An learning by doing zielt fir mech, ech sinn net als Premierminister op d’Welt komm. Ech hunn och Feeler gemaach, an ech mengen ech wäert nach deen een oder deen anere maachen, mä ech sinn och nëmmen e Mënsch, a wann ech der maachen, muss et wichteg sinn och e Feeler anzegesinn, a mea culpa ze maachen, an ze soen, esou net.

Roy Grotz: Wéi verbréngt de Staatsminister déi lescht Deeg elo vum Joer, d’Chrëschtdeeg?

Xavier Bettel: Ech raumen doheem. Ech raumen, ech hat déi lescht Zäit wierklech ganz, ganz wéineg Zäit, ech wäert doheem raumen, ech wäert um Büro nach déi eng oder déi aner Saach maachen, an da wäert ech bei der Schwéierfamill, an da bei eis doheem och nach d’Saache virbereeden elo fir Chrëschtdag, a meng Schwëster huet Gebuertsdag, an etc., etc.

Roy Grotz: An Dir kacht selwer, an esou weider an esou virun?

Xavier Bettel: Ech kache selwer, ech kache gären, et ass, an de Gauthier och, mä mir freeën eis op jiddwer Fall op déi Feierdeeg, an ech wënsche wierklech vu ganzem Häerz och Ären Nolauschterer, net nëmmen a mengem Numm, mä och am Numm vun der Regierung wierklech all Guddes, virun allem eng gutt Gesondheet, de Rescht kann ee kafen oder fannen, eng Gesondheet ass dat Wichtegst, a flott Momenter mat de Leit déi ee gären huet, well déi sinn och net ze bezuelen.

Roy Grotz: Dir hutt do nach en Numm genannt. Den 1. Januar wier et méiglech. Wéini bestuet Dir Iech da mat Ärem laangjärege Partner?

Xavier Bettel: D’nächst Joer. Mir haten, et si jo och verschidde Leit, déi mengen, dat do wier meng éischt Prioritéit gewiescht, d’Hochzäit zu Lëtzebuerg ze maachen, mir kéinten eis scho joerelaang bestueden op der belscher Ambassade, de Gauthier ass Belsch. An et ass elo eben zu Lëtzebuerg, et ass tant mieux, mä mir ginn d’nächst Joer bestuet, mä et ass eng privat Saach, an dowéinst wäert ech net an den Detail eragoen, mä ech freeë mech eng Persoun fonnt ze hunn,well et war hei op dëser Plaz wou ech viru Joeren eng Kéier eng Aarbechtskollegin vun Iech [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Déi ass entretemps an der Regierung.

Xavier Bettel: Déi ass an der Regierung, et ass awer net dowéinst. Mä wou ech dunn [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Ech weess net ob ech dohinner kommen.

Xavier Bettel: Mä wou ech, wësst Dir, et huet een nëmmen ee Liewen, an et huet kee Wäert sech ze verstoppen, an et ass esou, a wann et de Leit net passt, da passt et net. Ech si glécklech esou, an ech wënsche jiddwerengem säi Liewen dierfen esou ze gestalten, datt en och esou glécklech ka si wéi ech et sinn.

Roy Grotz: Här Bettel, villmools Merci fir d’Gespréich. Merci datt Dir komm sidd. Ech denke mir wënschen an Ärem Numm natierlech nëmmen dat Bescht fir Iech, fir eis Nolauschterer nach schéi Feierdeeg.

 

Dernière mise à jour