Verstäerkten Fuerschungszesummenaarbecht mam Land Rheinland-Pfalz

De 5. November 2019 huet eng gemeinsam Reunioun vun de Ministerréit vu Lëtzebuerg a Rheinland-Pfalz am Sennenger Schlass stattfonnt.

©SIP / Emmanuel Claude
Am Kader vun der Reunioun gouf eng Absichtserklärung vun de Ministere fir Héichschoul a Fuerschung an de Ministere fir Ëmwelt vu Rheinland-Pfalz a Lëtzebuerg ënnerschriwwen a vun de betraffenen Institutioune co-signéiert

 

D'Ministere vu béide Länner waren zesumme mat der Ministerpresidentin vu Rheinland-Pfalz Malu Dreyer an dem Premier- a Staatsminister Xavier Bettel präsent. Op der Dagesuerdnung vun den Diskussioune stoungen déi bilateral Relatiounen an déi grenziwwerschreidend Kooperatioun um Niveau vun der Groussregioun, esou wéi déi grouss Dossiere vun der europapolitescher Aktualitéit.

An deem Kader gouf eng Absichtserklärung iwwert d'Fuerschungszesummenaarbecht am Beräich vun der Ëmweltiwwerwaachung tëscht dem Land Rheinland-Pfalz a Lëtzebuerg ënnerschriwwen.

Opgrond vum Klimawandel a vum Réckgang vun der Biodiversitéit gëtt d'Iwwerwaachung vun der Ëmwelt ëmmer méi wichteg, dat fir den Impakt vun de Verännerunge moossen ze kënnen a gëeegent Géigemesurë op d'Been ze stellen. Zu Lëtzebuerg an a Rheinland-Pfalz bedreiwen ënnerschiddlech Institutioune Fuerschungsaktivitéiten am Beräich vun der Ëmweltiwwerwaachung an der Entwécklung vun neien Iwwerwaachungsmethoden a Modelléierungsusätz: op Lëtzebuerger Säit sinn dat d'Uni Lëtzebuerg, de Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) an de Naturmusée, op däitscher Säit sinn et d'Uni Tréier, d'Hochschule Trier an d'Forschungsanstalt für Waldökologie und Forstwirtschaft.  

D'Absichtserklärung, déi de 5. November vun de Ministere fir Héichschoul a Fuerschung an de Ministere fir Ëmwelt vu Rheinland-Pfalz a Lëtzebuerg ënnerschriwwen a vun de betraffenen Institutioune co-signéiert gouf, huet als Zil déi scho bestoend wëssenschaftlech Zesummenaarbecht an deem Beräich weider auszebauen, dat am Hibléck op d'Entwecklung vun neien Techniken an der gemeinsamer Notzung vun Test-Sitten. Sou bidde sech de Naturpark Hunsrück-Hochwald op rheinland-pfälzescher Säit an d'Naturparken Our, Uewersauer a Mëllerdall op Lëtzebuerger Säit besonnesch un fir esou Monitoring-Aktivitéiten. Dank dëser grenziwwerschreidender Kooperatioun an der Zesummeleeung vun de bestoende Kompetenzen op béide Säite vun der Grenz, kéint dës Regioun e Modell-Testgebitt fir d'Entwécklung an d'Ëmsetzung vu neiaartege Methoden am Beräich vun der Ëmweltiwwerwaachung ginn.

Communiqué vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung

 

Aktualiséiert