Regierungsrot - Nei Mesurë géint de Coronavirus

Am Hibléck op d'Entwécklung vum Coronavirus an eisen Nopeschlänner an hei am Land ass et néideg fir zousätzlech Mesuren ze huelen, fir d'Verbreedung vum Virus an der Bevëlkerung ze limitéieren an déi ufälleg Persounen ze schützen.

Déi proposéiert Mesurë berücksichtegen de pathogenen an kontagiéise Charakter vum Virus COVID-19. An deem Kontext ass et eng vun deenen effizientste Mesurë fir d'Verbreedung vum Virus ze limitéieren, fir d'Reegele vun der Distanz an den tëschemënschleche Kontakter ze respektéieren.

Dofir huet de Regierungsrot bis op Weideres, a complementaire zu de Mesuren déi den 12. Mäerz decidéiert goufen, folgend Decisioune geholl. Dës Mesuren trieden de 16. Mäerz 2020 um Mëtternuecht a Kraaft.

1. Persounen iwwer 65 Joer an ufälleg Persounen.

Et gëtt onbedéngt ugerode fir doheem ze bleiwen an nëmmen erauszegoe wann et wierklech néideg ass.

2. Breet Ëffentlechkeet: Aschränkungen an den Deplacementer.

De Verkéier op den ëffentleche Stroossen ass op folgend Aktivitéite limitéiert:

  • Akafe vu Liewensmëttel, Medikamenter a grondleeënde Produiten,
  • Deplacementer bei Gesondheetsstrukturen (Dokter, Spidol),
  • Deplacementer op d'Aarbechtsplaz,
  • Hëllef a Fleeg fir eeler Leit, Mannerjäreger, bedierftege Leit, Persoune mat engem Handicap oder besonnesch vulnerabel Leit,
  • Deplacementer am Noutfall bei Finanzinstituter oder Assurancen,
  • am Fall vun héijer Gewalt oder an Noutfallsituatiounen,
  • Fräizäitaktivitéiten (spadséieren, joggen, Spillplazen, ...), ënner der Konditioun, datt eng Distanz vun 2 Meter zu anere Leit agehale gëtt.

3. Mesurë betreffend de Spidolssecteur.

D'Spideeler setzen hiert Personal an hir Servicer haaptsächlech fir urgent, net verréckelbar an akut Aktivitéiten an. Déi mam COVID-19 infizéiert Patienten déi keng schwéier Komplikatiounen opweisen (liicht Symptomer) ginn doheem hospitaliséiert.

4. Oprechterhale vu grondleeënde Servicer.

D'Aktivitéiten déi grondleeënd si fir déi vital Interessie vun der Bevëlkerung am Land mussen oprecht erhale ginn. Dat si besonnesch folgend Secteuren an Aktivitéiten:

  • d'Produktioun an d'Distributioun vun der Energie an de Pëtrolsproduiten;
  • de Gesondheetssecteur mat de Spidolsaktivitéiten an d'Laboratoirë fir medezinesch Analysen;
  • de Liewensmëttelsecteur;
  • d'Waasserverdeelung;
  • d'Sammlung an den Traitement vum Ofwaasser;
  • d'Sammlung an d'Gestioun vum Offall;
  • den ëffentlechen Transport;
  • déi administrativ Servicer déi um Exercice vun der ëffentlecher Gewalt participéieren;
  • d'Systemer fir den Tosch, d'Bezuelen an d'Reguléiere vu Finanzinstrumenter;
  • de Secteur vun eelere Leit, der Hëllef a Fleeg an Institutiounen an doheem, den Handicap-Secteur .

5. Recommandatioune fir Betriber.

Et gëtt geroden, datt Betriber esou wäit wéi méiglech op den Teletravail zeréckgräifen an hir Aktivitéiten op déi Tâchë reduzéieren, déi grondleeënd fir d'Funktionéiere vum Betrib sinn.

6. Aschränkung vun de berufflechen Aktivitéiten.

All kommerziell an handwierklech Aktivitéiten déi e Public empfänke bleiwen zou.

Dat betrëfft net déi Geschäfter wou haaptsächlech Liewensmëttel verkaaft ginn, an och:

  • Apdikten,
  • Optiker,
  • Geschäfter déi haaptsächlech Déierefudder verkafen,
  • Telekommunikatiounsgeschäfter,
  • Geschäfter déi haaptsächlech Hygiènesartikelen, Botzproduiten a Sanitärartikel verkafen,
  • Verkaf vu Brennstoffer an Tankstellen,
  • Distributeuren a Geschäfter déi op medezinesch-sanitäert Material spezialiséiert sinn,
  • medizinesch Pedikür,
  • Kiosken,
  • Botzereien,
  • Finanz- a Versécherungsinstituter,
  • Doudegriewer,
  • Verkaf vun Net-Liewensmëttelproduiten am Drive-In,
  • Verkaf vun Net-Liewensmëttelproduiten tëschent Professionellen.

Dës Schléissunge bezéie sech och op d'Geschäfter an den Akafszentren, mat Ausnam vun deenen uewe genannten Aktivitéiten.

Déi uewe genannten Ausname sinn duerch d'Noutwendegkeet vun der ëffentlecher Gesondheet a besonnesch duerch d'Garantie vun enger Separatioun tëschent dem Client an dem Professionellen, deen de Service ubitt, justifiéiert.

7. Annulatioun vun allen onwesentlechen Aktivitéiten.

Kulturell, sozial, festlech, sportlech a rekreativ Aktivitéite ginn ausgesat.

D'Etablissementer aus dem kulturellen, rekreativen, sportlechen an HORECA-Secteur bleiwen zou (Muséeën, Baren, Restauranten, Kinoen, Caféen, Diskothéiken, Bibliothéiken, Piscinnen, Sportshalen, etc ...).

De Verbuet betrëfft net den Take Away, Drive In oder d'Livraison à domicile.

D'Hoteller bleiwen op. D'Restauranten an d'Baren an Hoteller bleiwen zou, mat Ausnam vum Room-Service.

8. Mesuren an de Verwaltungen an Etablissement-publicken.

D'Regierung reduzéiert d'Aktivitéite vun den Administratiounen an Etablissement-publicken op déi grondleeënd Tâchen, déi fir de Fonctionnement an d'Krisegestioun néideg sinn.

Den Empfang an de Service an de Guichete vun den Administratiounen an Etablissement-publicke gëtt reduzéiert.

Wann néideg gëtt op dat esou fräigestalltent Personal zeréckgegraff fir de Krisemanagement ze assuréieren. 

 

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert