Eng nei Sektioun P – Sciences cognitives et sciences humaines am Enseignement secondaire classique

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, de Claude Meisch, huet de 17. Mäerz 2023 eng nei Sektioun virgestallt, déi vun der Rentrée 2023/2024 un am Enseignement secondaire classique ugebuede gëtt. 

  1. ©MENEJ

    (de g. à dr.) Frank Eyschen, directeur du Lycée de Garçons de Luxembourg (LGL) ; Astrid Schuller, directrice du Lycée Bel-Val ; Claude Meisch, ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse ; Marcel Kramer, directeur du Lycée Classique de Diekirch (LCD) ; Halldor Halldorsson, responsable de la Division du développement du curriculum au Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT)

    (de g. à dr.) Frank Eyschen, directeur du Lycée de Garçons de Luxembourg (LGL) ; Astrid Schuller, directrice du Lycée Bel-Val ; Claude Meisch, ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse ; Marcel Kramer, directeur du Lycée Classique de Diekirch (LCD) ; Halldor Halldorsson, responsable de la Division du développement du curriculum au Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT)

  2. ©MENEJ

    Brochure

    Brochure

Säit Jore setzt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend op d'Moderniséierung an d'Diversifikatioun vun der Schouloffer, fir dës un d'Exigenze vun der haiteger Gesellschaft an un d'Interessen an d'Talenter vu de Jonken unzepassen. Den Aarbechtsmaart brauch ëmmer méi ënnerschiddlech Beruffsqualifikatiounen an d'Offer an de Schoule muss deem Rechnung droen.

D'Sektioun I, bei där déi technesch an digital Revolutioun am Mëttelpunkt steet, ass 2018 agefouert ginn. Déi nei Sektioun P fokusséiert sech op d'Entwécklungen an eiser Gesellschaft, déi ee Lien mat den Humanwëssenschaften an der humanistescher Bildung hunn. Beräicher, déi de Kognitiv- an Humanwëssenschaften zouzeuerdne sinn, gi bei de Schüler am Enseignement secondaire classique ëmmer méi beléift, wa si sech fir e Studium entscheeden.

Doduerch, datt d'Aarbechtswelt sech permanent weiderentwéckelt an d'Gesellschaft vum technologesche Wandel gepräägt gëtt, gi mënschlech Wäerter an eist Zesummeliewen ëmmer méi wichteg. De Progrès vun der Technologie an der Wëssenschaft ass zentral, e kann awer just stattfannen, wann de Mënsch a seng Wäerter respektéiert ginn.

"Déi nei Sektioun P ergänzt d'Schouloffer am Enseignement secondaire classique a stellt d'Roll vum Mënsch an enger Gesellschaft, déi sech dauernd weiderentwéckelt, an de Mëttelpunkt. Mat enger diversifizéierter a moderner Offer an eise Schoulen investéiere mir an d'Zukunftschancë vun alle Jonken", seet de Minister Claude Meisch.

De Mënsch, seng Entwécklung a säi Verhalen ze verstoen, spillt eng ëmmer méi wichteg Roll, fir d'Phenomener an der Gesellschaft ze analyséieren. Fir dësem Besoin un Analysfäegkeete gerecht ze ginn, stinn an de Programmer vun der neier Sektioun P follgend Beräicher am Fokus:

  • Sciences de l'Homme et de la Société;
  • Sciences des données et communication: Donnéeën analyséiere léieren, wouzou d'Zesummendroen, d'Beaarbechtung an d'Auswäertung gehéieren, mee och wéi een Donnéeë kommunizéiert (Presentatiounen a Rapporten iwwert d'Resultater vun den Analysen);
  • Sciences de la vie et de la Terre: sech Kompetenzen an der Humanbiologie uneegnen, fir de Fonctionnement vum Mënsch ze verstoen an d'Auswierkunge vum Mënsch op d'Natur an ëmgekéiert kënnen ze moossen;
  • ee perséinleche Rechercheprojet: Beim Projet geet et dorëm, d'Kompetenzen duerch eng Aweisung an déi wëssenschaftlech Rechercheaarbecht unzewenden, fir d'Wëssen an de Savoir-faire aus deenen anere Spezialisatiounsfächer mateneen ze verbannen.

D'Schüler kënne mat hirem Diplom op d'Universitéit goen a si gutt virbereet op ee Studium an de Beräicher vun den Human-, Sozial- a Kognitiounswëssenschaften.

D'Sektioun P gëtt vun der Rentrée 2023/2024 un an dëse Lycéeën ugebueden:

  • Lycée Bel-Val;
  • Lycée classique de Diekirch;
  • Lycée de Garçons de Luxembourg.

D'Diversifikatioun an d'Modernisatioun vun der Schouloffer gi weidergefouert. Sou ginn och aner Formatiounen am Enseignement secondaire an an der Beruffsausbildung bei der Rentrée 2023/2024 agefouert, fir d'Schüler besser op d'Erausfuerderunge vu muer virzebereeden:

Sektioun R – Politiques et développement durable (Enseignement secondaire classique)

Déi nei Sektioun R – Politiques et développement durable gëtt am Athénée de Luxembourg ugebueden a konzentréiert sech op déi international Relatiounen, d'Geopolitik an d'Wirtschafts- a Sozialwëssenschaften.

Sektioun GT2S – Technologies, sport et santé (Enseignement secondaire général)

Déi nei Sektioun GT2S – Technologies, sport et santé kann een an der École privé Fieldgen an am Nordstad-Lycée zu Dikrech besichen. Si setzt de Fokus op d'Sportwëssenschaft, d'Technologie a sozial Kompetenzen.

CCP Assistant d'accompagnement au quotidien

Déi nei Ausbildung vum Certificat de capacité professionnelle (CCP) Assistant d'accompagnement au quotidien bereet d'Schüler drop vir, am soziale Beräich ze schaffen, besonnesch am Domän vun der Hëllef bei de Soinen, vun der Ënnerstëtzung bei der pedagogescher Betreiung a vun der Hëllef am Haushalt fir verschidde Persounegruppen (Kanner, Senioren a Mënsche mat spezifesche Besoinen). Déi Formatioun gëtt och als Erwuessebildung an en cours d'emploi ugebueden. Interesséierter kënne sech am Lycée du Nord Wiltz, am Lycée Bel-Val, an der École privé Fieldgen, am Lycée technique de Bonnevoie, am Lycée technique pour professions de santé, am CNFPC Esch/Uelzecht an am CNFPC Ettelbréck aschreiwen.

DAP Inclusion

De Lycée du Nord Wiltz, de Lycée Bel-Val an de Lycée technique de Bonnevoie offréiere vun der Rentrée 2023/2024 un eng Formatioun, déi mam Diplôme d'aptitude professionnelle ofgeschloss gëtt, mat deem een am Beräich vun der formeller an non-formeller Educatioun schaffe kann.

DT Mobilité électrique

De Lycée Bel-Val an de Lycée technique du Centre bidde vun der Rentrée 2023/2024 un eng Formatioun am Beräich vun der elektrescher Mobilitéit un, bei där een als Ofschloss een Diplôme de technicien kritt. D'Schüler kënne sech nom Diplôme de technicien mécatronique d'automobiles oder nom DAP mécatronicien d'autos et de motos fir dës Formatioun aschreiwen.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert