"Op eemol war alles anescht…": en neie pedagogeschen Tool iwwert den Zweete Weltkrich.

E Mëttwoch, 11. Juni 2025, huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, un der Presentatioun vum neie pedagogeschen Tool "Op eemol war alles anescht: Op de Spuere vum Zweete Weltkrich" an der Primärschoul vum Stroossen Hueflach deelgeholl.

Si heesche Jeanne, Rose, Kurt a Charles. Déi véier Frënn sinn aacht Joer all, wéi Nazi-Däitschland Lëtzebuerg besetzt. Si probéieren ze verstoen, wat dat fir hiren Alldag bedeit. Kuerz no der däitscher Invasioun, ännert hiert Liewen.De Krich an d'Nazi-Politik vun der Ënnerdréckung dreift si leider auseneen... D'Protagoniste vum neien Aktivitéitecarnet "Op eemol war alles anescht: Op de Spuere vum Zweete Weltkrich" hunn ongeféier dee selwechten Alter wéi d'Zilgrupp vun dësem neie pedagogeschen Tool: Schüler aus dem Cycle 4 vum Fondamental.

All Kapitel am Carnet beinhalt Aktivitéiten, déi Theme wéi Ënnerdréckung, Fräiheet, Fridden oder den Erhalt vun der Erënnerung un den Zweete Weltkrich behandelt. Mam neie pedagogeschen Tool, sollen d'Kanner dozou animéiert ginn de Lien tëscht dësen Themen an hirem Alldag ze maachen.

De pedagogesche Carnet gouf zesumme mam Comité de la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale an dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) ausgeschafft. En ass elo op lëtzebuergesch, franséisch, däitsch an englesch fir all Klass aus dem Cycle 4 verfügbar. Déi digital Versioun kann hei erofgeluede ginn. 

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend