Gréng Luucht fir "ALPHA – zesumme wuessen"

Den 11. Juli 2025, huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, d'Haaptresultater vun den Evaluatiounsrapporte vum Projet "ALPHA – zesumme wuessen" virgestallt, dëst a Presenz vun den Auteuren, déi un dëse Rapporte matgeschafft hunn.

Zënter Jore beleeë sämtlech Etuden iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem, datt Schüler, déi doheem weder Lëtzebuergesch nach Däitsch schwätzen, am Allgemenge manner gutt Schoulresultater hunn, an dat scho vum Ufank vun hirem schoulesche Parcours un. Aktuell schwätzen iwwer zwee Drëttel vun de Schüler doheem keng vun dësen zwou Sproochen. Si ginn duerch d'Alphabetiséierung op Däitsch benodeelegt an hu vun Ufank u manner Chancen op Erfolleg.

Zënter dräi Joer ginn et véier Pilotschoulen zu Déifferdeng, zu Diddeleng, an der Fiels an zu Schëffleng, an deenen d'Eltere vun 144 Kanner d'Méiglechkeet kruten, d'Sprooch ze wielen, an där hiert Kand liesen, schreiwen a rechne léiert: Däitsch oder Franséisch. Dës Pilotschoule goufen enk begleet a suivéiert, fir ze kucken, ënner wéi enge Konditiounen dee Choix vun der Alphabetiséierungssprooch op nationalem Niveau kéint generaliséiert ginn.

Eng Evaluatioun op Basis vu wëssenschaftlecher Expertis a praktescher Erfarung

Eng ëmfaassend Evaluatioun läit elo vir. Si baséiert op den Observatioune vun engem Conseil scientifique, der Universitéit Lëtzebuerg, de Regionaldirektiounen, dem Léierpersonal, den Elteren an de Schüler. Si gëtt och kloer Recommandatiounen, déi aus qualitativen Analysen aus verschiddene Perspektiven esouwéi aus enger éischter quantitativer Zesummefaassung vun den Allongementer am Cycle 2 ervirgaange sinn.

Dës Evaluatioun huet sech op déi wesentlech Froe konzentréiert: Goufen d'Haaptziler vum Pilotprojet erreecht? Léieren d'Schüler besser liesen, schreiwen a rechnen, wann si dat an enger Sprooch maachen, déi méi no bei hirer Familljesprooch läit? Ass et organisatoresch machbar, datt Schüler, déi an zwou verschiddene Sproochen alphabetiséiert ginn, fir all déi aner Fächer an enger gemeinsamer Klass zesumme sinn a sou zesummen opwuessen? Kann d'Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch an dësem Kontext gestäerkt ginn?

E Konsens, fir de Projet "ALPHA – zesumme wuessen" ze generaliséiren

All d'Acteure kommen zur selwechter Conclusioun: D'Demarche ass grondsätzlech déi richteg, fir den Ambitioune vum Projet gerecht ze ginn. Si recommandéieren deemno, de Projet "ALPHA – zesumme wuessen" ze generaliséieren: De Choix vun der Alphabetiséierungssprooch dréit der wuessender Sproochendiversitéit an der Lëtzebuerger Schoul Rechnung a stellt ouni Zweiwel eng passend Äntwert op d'Sproochesituatioun vu ville Schüler zu Lëtzebuerg duer, och wann en net all Besoinen ofdeckt, well verschidde Schüler an engem komplexe méisproochegen Ëmfeld opwuessen.

Gläichzäiteg ginn e puer wichteg Mesurë proposéiert, fir dës Generalisatioun ze begleeden. Dozou zielt d'Formatioun vun den Enseignanten an d'Entwécklung vun adaptéiertem didaktesche Material.

De Projet "ALPHA – zesumme wuessen" kritt domat gréng Luucht vun der wëssenschaftlecher Communautéit a vun all den Acteuren, déi am Pilotprojet involvéiert sinn: d'Regionaldirektiounen, d'Léierpersonal, d'Elteren an d'Schüler.

Den 11. Juli 2025 huet d'Regierung en avant-projet de loi ugeholl, deen déi progressiv Generalisatioun vum Projet "ALPHA – zesumme wuessen" an alle Grondschoule vum Land virgesäit, vun der Rentrée 2026/2027 am Cycle 1.2 un, an duerno Joer fir Joer an deenen anere Cyclen.

De Minister Claude Meisch ënnersträicht d'Wichtegkeet vun dëser Decisioun: "Dëst ass e wichtege Schrëtt hin zu méi Chancëgerechtegkeet fir all Kanner an zu engem Schoulsystem, deen der Diversitéit vun der Populatioun Rechnung dréit."

Méi Informatiounen iwwert "ALPHA – zesumme wuessen" fannt Dir op:

Flyer (PDF): https://alpha.script.lu/sites/default/files/documents/Flyer20250502.pdf

Websäit: https://alpha.script.lu/

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

 

Regierungsmember

MEISCH Claude

Event Datum

11.07.2025