Aktualiséiert den
MoVe – deng Vakanz, däi Sport: Eng konkreet Alternativ zu den Ecranen an de Schoulvakanzen
Am Kader vun der Initiativ Screen-Life-Balance lancéiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend de Programm MoVe – deng Vakanz, däi Sport. D'Zil ass et, Kanner a Jonken Alternativen zu den Ecranen unzebidden, besonnesch wärend de Schoulvakanzen. De Programm gouf den 3. Mäerz 2026 op enger Pressekonferenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, zesumme mam Direkter vum Service national de la jeunesse (SNJ), Georges Metz, virgestallt.
"Et ass wichteg, datt Kanner a Jonker erëm méi direkt Kontakter hunn, sech perséinlech begéinen a gemeinsam Erfarunge sammelen. MoVe ass eng konkreet Initiativ, déi de Jonken d'Méiglechkeet gëtt, sech méi ze beweegen a gemeinsam Aktivitéiten ausserhalb vun der digitaler Welt ze erliewen", huet de Minister Claude Meisch betount.
Neies Entdecken
MoVe ass Deel vun der Campagne Manner Ecran – méi beweegen, entdecken, erliewen vum Ministère. D'Zil vun dëser Campagne ass et, Kanner a Jonker dobäi ze ënnerstëtzen, e gesond Gläichgewiicht tëscht der digitaler an der reeller Welt ze fannen. Dowéinst gi spilleresch, kreativ a Sport-Aktivitéiten ugebueden, déi d'Entdecken, d'Experimentéieren an d'Freed un der Beweegung ganz ouni Ecrane fërderen. Wärend de Schoulvakanzen hu Jonker méi Fräizäit, gläichzäiteg stellen awer vill Sportsveräiner hir reegelméisseg Aktivitéiten an. Genee hei setzt MoVe un, andeems d'Initiativ eng fir Kanner a Jonker zougänglech Sport-Offer virun allem wärend de Schoulvakanzen, besonnesch am Summer, ubitt.
D'Aktivitéite riichte sech u Kanner a Jonker tëscht 8 an 23 Joer a ginn am ganze Land organiséiert, zum Deel och am Ausland.
Eng diversifizéiert Offer
De Programm gëtt kontinuéierlech ausgebaut. Aktuell ëmfaasst en ongeféier 50 verschidden Aktivitéiten, déi an dräi Formater opgedeelt sinn:
- Sport Camps: Si ginn iwwer e puer Deeg organiséiert (meeschtens ouni Iwwernuechtung), an erlaben et, verschidde Sportaarten ze entdecken. Ronn 20 esou Aktivitéite sinn am Moment Deel vum Programm. D'Kanner an déi Jugendlech kënnen ënner anerem Mannschaftssportaarten ausprobéieren, déi vun Disziplinne wéi Lacrosse oder Flag Football inspiréiert sinn, souwéi Sportaarten, déi am Sand ausgeüübt ginn.
- Theemewochen: Wärend enger Woch ginn a Form vun Hallefdagsaktivitéite verschidde Sport- a Beweegungsaktivitéite ronderëm en iwwergräifend Thema ugebueden, wéi zum Beispill Danz, Selbstverteidegung oder nordamerikanesch Sportaarten.
- eenzel Eventer: Dës ginn iwwer d'ganzt Joer och ausserhalb vun de Schoulvakanzen organiséiert a sollen déi Jonk motivéieren, Sport ze maachen. Dozou gehéieren ënner anerem d'Nuit du sport an de Summer Challenge.
Besonnesche Wäert gëtt op d'Diversitéit vun der Offer geluecht an op d'Entdecke vu Sportaarten, déi am traditionelle Schoulsport manner vertruede sinn. Déi Jonk kënnen esou eng grouss Villfalt un Aktivitéiten ausprobéieren – vun Akrobatik, Dodgeball oder Mountainbike bis hin zu moderne Sportaarten ewéi Parkour, Roundnet, Ultimate Frisbee oder Calisthenics. Dobäi kommen och Aktivitéiten ewéi Yoga a Zumba souwéi Kampfsportaarten ewéi Muay Thai oder Jiu-Jitsu.
MoVe setzt de Fokus op d'Entdecken, d'Freed an d'Beweegung an net op d'Leeschtung. D'Kanner an déi Jugendlech kënnen an engem séchere pedagogesche Kader nei Sportaarten ausprobéieren, aner Jonker kenne léieren a sech kierperlech aktiv betätegen, ouni sech mussen direkt un e Veräin ze bannen. Ee vun den Ziler vu MoVe ass et, de Jonke Freed un der Beweegung ze vermëttelen a si dozou ze motivéieren, och no der Aktivitéit reegelméisseg Sport ze maachen.
Betreiung duerch Experten
All Aktivitéite ginn duerch professionell Traineren an Experten encadréiert. Bei de Sport Camps ass zousätzlech edukatiivt Personal vum SNJ dobäi. Wann e Kand oder e Jonken no der Aktivitéit eng Sportaart weidermaache wëll, kann den SNJ op Ufro de Kontakt mat engem Sportsveräin hierstellen, fir eng reegelméisseg Praxis ze erliichteren. Esou hunn déi Jonk d'Méiglechkeet, eng Sportaart ze testen, éier si sech eventuell engem Veräin oder enger Associatioun uschléissen.
Den SNJ schafft schonn elo mat zirka 30 Associatiounen, Veräiner a Federatiounen zesummen a plangt, dëse Reseau an de kommende Méint weider auszebauen. Dës Zesummenaarbecht garantéiert ee qualitativ héichwäertegen Encadrement an erméiglecht et de Jonken, verschidde Sportaarten auszeprobéieren. Gläichzäiteg bitt si de Veräiner d'Méiglechkeet, mat interesséierte Jonken a Kontakt ze kommen, ouni datt si sech aschreiwe mussen. Interesséiert Associatiounen, Veräiner a Federatioune kënne sech beim SNJ mellen, fir sech dem Programm unzeschléissen.
Aschreiwungen
D'Umeldunge ginn online iwwer d'Plattform move.snj.lu gemaach, wou de Programm reegelméisseg aktualiséiert gëtt. D'Plaze ginn an der Reiefolleg vun den Umeldunge verginn. D'finanziell Participatioun entsprécht 5 Euro fir eng Hallefdagsaktivitéit an 10 Euro fir eng Ganzdagsaktivitéit.
Méi Informatiounen: https://move.snj.lu/
Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend